Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Tallest Man On Earth - Looking For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aus dem Schiet vu sech selwer trieden

Danz

Aus dem Schiet vu sech selwer trieden

Am Work in progress mam Titel "The shade of my own" ënnersicht d'Ioanna Anousaki d'Theeme vum Elengsinn, der Isolatioun. Si kuckt awer och, wat dat fir eng Auswierkungen op déi mental Gesondheet huet.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Geschafft huet déi jonk Kënschtlerin dobäi mam Dänzer Domenico Tucci. Fir d'Creation sonore ass den Damiano Picci zoustänneg, an de Krischan Kriesten assuréiert d'Luucht.

Ausgangspunkt ware fir d'Ioanna Anousaki d'Erfarungen, déi si an der Pandemie gemaach huet. Hir ass awer och bewosst ginn, datt et Leit gëtt, déi sech aktiv dofir entscheeden, eleng wëllen ze sinn. Effektiv: déi eng bléien op am Elengsinn, anerer kënnen sech eng Existenz ouni Partner net virstellen.

An enger Relatioun ze bleiwen, nëmme fir net eleng ze sinn, wier definitiv keng gesond Approche:

"Ech hu Leit erlieft, déi Angscht do virdrun haten, eleng ze sinn, an dofir an toxesche Bezéiunge bliwwe sinn. Et ass an eis dran, eist Liewen mat enger Persoun ze deelen. Ech verstinn awer, wann et Leit gëtt, déi net vun anere wëllen ëmgi sinn."

Zesummen kann een och eleng sinn

Wärend der Recherche huet sech ëmmer méi erausgeschielt, datt et Nuance gëtt, wann een sech mat weidere Persounen aléisst. Mat engem zesumme sinn, heescht nach laang net, datt een net eleng ass, seet den Dänzer Domenico Tucci:

"Wann s du mat engem bass, nëmme fir net eleng ze sinn, begëss de dech an eng riskéiert Situatioun. Du kanns dech och an enger Partnerschaft eleng fillen. Et war flott duerch dës Recherche déi verschidde Schattéierunge vun Elengsinn a Partnerschaft erauszefannen, déi am Fong guer net esou einfach sinn."

All déi Ängschten, déi duerch dës Onsécherheeten entstinn, sollen am Stéck "The shade of my own" duerch d'Schiet representéiert ginn. Si trieden an en Dialog mat deem Kierperlechen, a suergen dofir, eis net ausgeschwate Suergen visibel ze maachen:

"Andeems gläich zwee Kierper zesumme schaffen, ergëtt dat méi komplex Schiet. Dat ass wéi an enger Relatioun: Zwou Persounen maachen d'Saach direkt méi komplizéiert. Et schaaft awer och méi grouss Visueller, wat fir d'Spectateure méi spannend ass. Et ass e Spill mat de Schiet a mat eise Gefiller, an och, wéi d'Schiet eis iwwerall hi begleeden. Si sinn ëmmer mat eis."