Radioen

On air

Kultur um 5  |  Rome - Born In The E.U.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ BD vun der Woch: Eng agreabel Lektür mat stëmmungsvolle Biller

Elizabeth Holleville - Immonde!

BD vun der Woch: Eng agreabel Lektür mat stëmmungsvolle Biller

An hirer zweeter BD erzielt d'Elizabeth Holleville vun dräi Teenageren, déi komesche Virfäll an enger klenger elsässescher Industriestad noginn. D'Geschicht, déi nom Virbild vu klasseschen Horrorfilmer aus dem Achtzeger opgebaut ass, bitt wéineg Iwwerraschungen, ass duerch Referenzen op Fridays for Future a Klimakris awer och keng reng Retro-Affär. En plus ass se mat hire Biller, déi un de groussen Charles Burns erënneren, stëmmungsvoll ëmgesat.

auto_stories

4 min

L'Été fantôme huet 2018 den Debut vum Elizabeth Holleville geheescht, dee vun der Kritik ganz positiv opgeholl gouf. Elo huet d'franséisch Zeechnerin eng zweet BD bei Glénat verëffentlecht: Immonde! ass en Horror-Comic, deen an enger klenger Stad am Elsass spillt a vun dräi Teenageren handelt, déi sech an der Provënz langweilen. Morterre, dat verréit d'Stad schonn an hirem Numm, ass et eng doudeg Stad, wou näischt leeft. Si steet ganz am Zeeche vun der Industrie, well hei e seelent radioaktiv Gestengs ofgebaut gëtt, dat an der Welt vun der BD d'Energieproduktioun revolutionéiert huet. Praktesch ganz Morterre schafft fir d'Firma, där d'Minne gehéieren, d'AGEMMA.

Et gëtt Rumeuren, datt d'Aarbecht do net sécher wier. Verschidde Leit entwéckelen e komeschen Houscht an et verschwënnt och eng Persoun. Wann een also eppes fäerte sollt am dësem Horror-Comic, dann ass fir d'éischt wuel d'Industriezone - d'Monstere komme spéider. D'Helde vun der BD, d'Nour, dat mat hirer Famill grad vu Paräis geplënnert ass, an d'Camille an de Jonas, déi scho méi laang do liewen, léiere sech an der Schoul kennen a wëllen de rätselhafte Saachen, déi an der Stad geschéien, op de Grond goen. Hir Fantasie gëtt dobäi och vun den Horrorfilmer ugereegt, déi se zesumme kucken. Relativ séier stoussen déi dräi awer och op en deforméierten, mutéierte Mënsch, vun deem se mengen, datt et de Mataarbechter vun der AGEMMA ass, dee vermësst gëtt.

Kee renge Retro-Produit

D'Auteurin mécht kee Geheimnis draus, datt och hir Geschicht vu klasseschen Horrorfilmer inspiréiert ass. Et ass speziell de Kino vun de Achtzegerjoren, mat Regisseure wéi John Carpenter an David Cronenberg, awer och de Verfilmunge vu Stephen-King-Romaner oder den e bëssi méi grujelege Produktioune vum Steven Spielberg, déi et dem Elizabeth Holleville ugedon hunn. Lo ass dat eng Zort vu Kino, vu Geschichten, vun där et a leschter Zäit vill Revivale gouf. Et kann een un dem J. J. Abrams säi Film Super 8 denken, oder och un d'Fernseeserie Stranger Things. E Grupp vun Teenageren, deen a sengem klengen Heemechtsuert mysteriéis Evenementer entdeckt an - onbemierkt vun den Elteren - ufänkt, Detektiv ze spillen an dobäi a Konflikt mat enger éischter zougeknäppter grousser Firma geréit, dat kléngt effektiv esou, wéi wann Immonde! op enger Well matschwëmmt.

Et kann een der BD sécherlech virwerfen, datt se en Handlungsschema benotzt, dat a leschter Zäit e bëssi ze oft opgewiermt gouf. Allerdéngs ass d'Buch kee renge Retro-Produit. Et gëtt eng Aktualiséierung vun de Motiver, déi och iwwert e méi diverse Grupp vu Personnagen oder eng gréisser Sensibilitéit fir Phenomener vu sozialer Ausgrenzung erausgeet. Dat ass den ökologesche Volet vun der BD. D'Nour, d'Camille an de Jonas sinn Deel vun der Generatioun "Fridays for Future" a wann si probéieren erauszefannen, wat et mat et Rumeuren an de Virfäll zu Morterre op sech huet, da revoltéieren si se sech och géint d'Generatioun vun hiren Elteren, déi net vun den zweiwelhaften Energiequelle loosse kënnen.

Net iwwerraschend, an awer eng agreabel Lecture

Trotz knallegen Neon-Faarwen um Cover vermeit d'Elizabeth Holleville et iwwregens och bei de Biller, e Retro-Wierk ze produzéieren, dat just d'Ästhetik vu fréieren Zäiten anzefänke probéiert. Et gëtt allerdéngs ee grousst zeechnerescht Virbild, dat schonn op der Banderole vun der BD erwäänt gëtt an dat ass de Charles Burns, speziell säi Klassiker Black Hole (1995-2005). Dem Burns seng kräfteg schwaarz Strécher an Ëmrësser erkennt ee bei Elizabeth Holleville liicht erëm. Och déi mutéiert Kierperen a Monsteren, déi an der zweeter Hallschent vun Immonde! méi prominent ginn, stinn e wéineg a senger Traditioun. A Black Hole geet et em eng sexuell iwwerdrobar Krankheet, déi Mutatioune bei Teenageren ausléist (wat een als Metapher fir d'Pubertéit verstoe kann oder och net). Hei ass also d'Holleville och thematesch no um Burns drun. Et kann een Immonde als Hommage u Black Hole liesen, wat awer net bedeite soll, datt d'Zeechnerin net och eppes Eegenes mat hiren Aflëss mécht. Stilistesch ass d'Buch gelongen a suergt mat hire Biller, déi trotz Horror-Elementer ëmmer sober bleiwen an ni op Schockeffekter setzen, fir déi néideg Atmosphär a Spannung. Och, wéi d'BD den typeschen amerikaneschen Dekor vun Highschool a Suburbs an den Elsass transplantéiert, ass visuell gutt geléist.

Wat d'Elizabeth Holleville allgemeng auszeechent ass, datt et eng Geschicht wéi aus den Achtzeger presentéiert, mee ouni d'Nostalgie an ouni d'Ironie, déi aner Erzielungen am Stil vu Carpenter, King an esou wieder charakteriséieren. Et geet hei net drëm, sech an eng imaginär Vergaangenheet zeréckzeversetzen oder sech iwwer d'Popkultur vun deemools z'ameséieren, mee dorëms, déi Zort vu Geschicht op eng sënnvoll Aart a Weis un eis Zäit unzepassen an driwwer nozedenken, viru wat een haut Angscht muss hunn a wéi sech d'Revolt vun deene Jonke géint déi Al haut ausdréckt. Wat dobäi erauskënnt, ass sécherlech net ëmmer iwwerraschend oder ganz déifgrënneg. Et weess een zu all Moment, wou d'Rees higeet a wat een do erwaart. Et bleift awer eng agreabel Lektür mat stëmmungsvolle Biller, bei deenen ee gespaant ka sinn, wat d'Zeechnerin als nächst wäert upaken.