Radioen

On air

De Moien  |  Cate Le Bon - Are You with Me Now?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CAL geet Partenariat mat Art Work Circle an

Kultur

CAL geet Partenariat mat Art Work Circle an

Virun 127 Joer gouf de Cercle artistique de Luxembourg - kuerz CAL - gegrënnt. D'Zil war an ass et weiderhin d'Arts plastiques bekannt ze maachen an ze fërderen. Well d'Kënschtler wärend dem Confinement manner verkaf hätte wéi soss, geet de CAL elo e Partenariat mat der Online-Plattform Art Work Circle an. Gëschter goufen awer och d'Laureaten vum Prix Pierre-Werner ugekënnegt.

auto_stories

3 min

Vun dësem Sonndeg u bis den 22. November ass am Tramsschapp um Lampertsbierg wéi all Joer de Salon du CAL. Op Gronn vun der aktueller Kris gouf awer d'Konzept iwwerduecht. Fir sech d'Ausstellung unzekucke muss ee sech virdrun aschreiwen. Och ass d'Visitt just mat Mask méiglech an op 75 Leit begrenzt. De Salon ofzesoe koum zu kengem Moment a Fro, sou de Marc Hostert, President vum CAL.

"D'Grande Surfacë maachen eppes fir de Bäichelchen an de CAL, mir maachen eppes fir d'Hygiène mentale vun de Leit, fir - déi déi wëllen - sech kënne Konscht ukucken ze goen an aller Serenitéit an an aller Sécherheet. Dofir si mir do, an dat ass eisen Optrag an dee setze mer ëm, esoulaang déi sanitär Bedéngungen dat erlaben"

E Point de Vue, deen och d'Kulturministerin Sam Tanson deelt. D'Artiste wiere grad eréischt aus "enger schwéierer Zäit" erauskomm an d'Artiste wieren zousätzlech och an normalen Zäite schonn "vulnerabel Acteuren an eisem ekonomesche Liewen". Dofir wier et wichteg, datt si op Ausstellungen hier Wierker weisen a verkafen kéinten.

"Fake better, fail better"

Well ee wéinst der aktueller Kris kee richtege Vernissage ka maachen, goufe gëschter op der Pressekonferenz och d'Laureate vum Prix Pierre-Werner virgestallt. Priméiert goufen dëst Joer d'Kënschtler Lisa Kohl a Filip Markiewicz.

Tëschent 2018 an 2019 war d'Lisa Kohl an der Villa Aurora, dem fréieren Haus vum Lion Feuchtwanger, zu Los Angeles an enger Kënschtlerresidenz. Hei sinn dann och déi fotografesch Wierker entstanen, déi am Salon vum CAL ze gesi sinn. Si hannerfroen de Widdersproch tëschent Privatem a Public, Visibilitéit an Invisibilitéit, wéi Anonymat an Intimitéit.

Fir de Filip Markiewicz, dee sech an de leschte Joren op d'Molerei konzentréiert huet, stoung Theema "Scheiteren an der Gesellschaft" am Zentrum. Ausgoend vun "Fake better, fail better" - engem Zitat vum Samuel Beckett, dréien déi ausgestallte Wierker ëm déi medial an och theatralesch Parallelwelten, an deene mir eis haut beweegen. Esou ass z. B. en Joker ze gesinn aus dem Batman-Film, dee stellvertriedend fir d'Melancholie stéing, mee och fir eng Situatioun wéi déi aktuell, wou een net esou richteg weess, op ee Laachen oder Kräische soll, mengt de Filip Markiewicz.

Fir d'Äntwert doropper ze fannen a seng Memberen och weiderhin ze ënnerstëtzen ass de CAL elo e Partenariat agaangen, mat der online-Galerie Art Work Circle. Gegrënnt vum Guy Kerger, deem seng Berodungsfirma Mindforest schonn dem CAL seng Kommunikatioun mécht. De Marc Hostert:

"Eis Kënschtler hu gelidden duerch de Confinement, well d'Venten net esou sinn, wéi se kéinte sinn. An do kënnt och e Maartundeel dobäi, e Maartargument: et gëtt e gewësse Seuil. Ab deem verkeeft eng Galerie e Bild, well se Mindestkäschte muss kënnen decken. Et gëtt awer Ufroen, déi bei mir aginn a bei anere Leit vum Conseil d'administration vum CAL, heiansdo vu Firmen: 'Jo, Marc, ech muss elo zéng Geschenker maachen Enn dës Joer à raison vu 500 Euro d'Joer. Wou fannen ech eppes?' Éischtens däerf ech als President kee Kënschtler uginn - an dat maachen ech och net - mee wann ech do op eng Plattform ka verweisen, wou d'Lëtzebuerger Kënschtler - déi wëllen: si ginn net gezwongen - dann ass dat en Outil supplémentaire, dee mer ginn. A mir bréngen Art Work Circle dann och iwwer de Logo vum CAL eng gewësse Qualitéit."