Radioen

On air

Tockcity  |  Daniel Avery - Wonderland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cherchez la mère

Cineast

Cherchez la mère

Eng Famill: d'Meedchen, de Jong, de Papp - ouni d'Mamm ... Mat "3/4" huet de Bulgar Ilian Metev een op den éischte Bléck onspektakulären, a Wierklechkeet komplexen a subtille Film komponéiert. Aus der offizieller Competitioun vum CinEast Festival.

auto_stories

3 min

De Papp (Todor Veltchev) ass Physikprofesser. Säi jonkt Meedchen (Mila Mihova) spillt Piano a bereet sech op ee Concert am Ausland vir. De klenge Brudder (Nikolay Mashalov) geet nach an d'Primärschoul. Et ass dee leschte Summer, deen déi dräi zesumme verbréngen.

Dem bulgaresche Realisateur Ilian Metev säi Film "3/4" ass ronderëm de véierte Personnage vun der Mamm opgebaut, souzesoen ronderëm hir negativ Präsenz: dräi vu véier Membere vun der Famill sinn do, wou dee Véierten drun ass, wat mat him geschitt ass, gëtt net verroden. An awer ass d'Mamm indirekt präsent, si duerchdréngt de ganze Film.

Montage am Dräivéierelstakt

Virop iwwert d'Mise en scène an de Montage, déi d'Struktur vum Film definéiert. Noenee komme Sequenze mam Jong, mam Meedchen a mam Papp. De Jong um Heemwee mam Schoulkolleg, d'Meedche während der Pianolektioun mat der Professesch, de Papp mat engem Student. All eenzel Sequenz ass d'selwecht montéiert: d'Kameraperspektiv wiesselt vun deem enge Personnage zum aneren, hin an hier.

Déi ganz Suite vu Sequenze gëtt symmetresch widderholl, mat liichte Variatiounen, et entsteet ee Rhythmus, dee weidergefouert gëtt, wann och mat anere Konstellatiounen (Papp-Jong, Papp-Meedchen, Jong-Meedchen), een Dräivéierelstakt wéi bei enger Walz (de Realisateur ass ee geléierte Museker). Dräivéierel: wéi och d'Struktur vun der Famill ouni d'Mamm.

Symbolesch Präsenz vun der Mamm

Eng Mamm, déi als konkret Persoun ganz wéineg ernimmt gëtt an net virkënnt, héchstens symbolesch. Dem Meedche seng Pianosprofessesch ass eng Ersatzmamm, besonnesch an der Zeen virum private Concert: d'Meedche sëtzt opgereegt um Stull, d'Fra steet nieft him an heemelt et fir ëm Courage ze maachen. An enger anerer Zeen zeckt de Jong seng Schwëster, geheit eng Decken iwwert et. D'Meedchen mécht mat der Hand säi Gesiicht fräi a kuckt de Brudder eescht un: de Jong erféiert an zitt sech zeréck, wéi wann hien eng Mammefigur erkannt hätt...

An engem Gespréich mat sengem Physikprofesser schwätzt de Student iwwert eng Mamm: d'Kamera konzentréiert sech op de Mann (de Papp), deen nodenklech gëtt. A wann deeselwechte säi Meedche viru sech goen huet, leeft en do net och - symbolesch - senger Fra no?

De Spectateur kritt dann d'Ofwiesenheet vun der Mamm iwwert d'Belaaschtung, déi d'Familljesituatioun fir déi dräi aner Familljememberen duerstellt, mat. Dës Tensioun baut sech no an no op: während d'Personnagen am Ufank vum Film iwwer alles an näischt schwätzen, nach laache kënnen (ausser d'Meedchen), ginn d'Dialogen ëmmer méi eescht. D'Geschwëster diskutéieren op eemol iwwert d'Mamm (eenzeg Kéier, wou si am Film ausdrécklech ernimmt gëtt), an der Géigewaartsform: "hues du d'Mamm schonn eng Kéier traureg gesinn?" Also eng Scheedung?

Eleng a sengem Zëmmer fänkt d'Meedchen u mat kräischen. Dem Jong, dee soss permanent gegeckt huet, vergeet d'Laachen. De Papp an d'Meedchen, déi owes dobaussen nom Jong sichen, tappen am Däischteren ...

De Realisateur Ilian Metev verzicht ganz op dramatesch Zeenen a senger Duerstellung vum alldeegleche Liewen. Wat op den éischte Bléck als onspektakulär eriwwer kënnt ass a Wierklechkeet komplex, am Detail duerchduecht a ganz subtil. "3/4" ass een intellektuellen an dach zougängleche Film. Sécherlech ee vun deene beschte Wierker an der offizieller Competitioun vum CinEast-Festival.