Am Gespréich Christian Mosar

De Christian Mosar ass no senger konzeptueller Aarbecht fir d'Kulturjoer Esch2022 an der Minettmetropol hänke bliwwen, an zwar als artisteschen Direkter vun der Konschthal a vun der Kënschtlerresidenz Bridderhaus.

Claude Faber / tt

Christian Mosar.jpg

Säi Versteesdemech vum Kultursekteur, dat sech de Christian Mosar duerch eng selleschen Aarbechten, sief et als Requisiteur am Film, Moler, Fotograph, Curateur, fräie Journalist, oder och nach als Kritiker, selwer ugëeegent huet, kënnt him haut fir seng nei Tâchen zu Esch zegutt, mee och alle Kulturschafenden, fir déi hien sech mat Häerzblutt asetzt.

"Dat wat ech réckbléckend am Meeschte matgeholl hunn, dat waren déi Leit, déi ech begéint hunn. Wat ech vun deenen och vill geléiert hunn, oder verstanen hunn, wéi dat funktionéiert."

Lauschtert deen 1. Deel vum Gespréich

Virum Kulturjoer: Den Escher Kulturentwécklungsplang

Déi nei gegrënnten Associatioun frEsch ass e wichtegen Acteur a punkto Ëmsetzung vu Projete fir d'Kulturjoer Esch2022. Dorënner falen och zwou markant Escher Infrastrukturen, déi de Christian Mosar haut ze geréieren huet: d'Konschthal an d'Bridderhaus. Zwee Projeten, déi duerch de Kulturentwécklungsplang vun der Stad Esch erméiglech ginn.

"Sou staark an d'Kultur ze investéieren, wéi d'Stad Esch dat mécht,[do] gëtt et keen anert Beispill dofir. De Budget vum Kulturministère ass manner wéi 1 Prozent vum Gesamtbudget vum Land. Hei sinn et 20 Mol sou vill. Dat bedeit, datt d'Stad Esch op d'Kultur setzt, fir d'Transformatioun vun der Gesellschaft vun der Stad ze ënnerstëtzen, an och mat ze droen."

Lauschtert deen 2. Deel vum Gespréich

Eng Konschthal mat 3000 m2

Ënner dem Christian Mosar gëtt déi Escher Konschthal, nom Mudam, zur zweetgréisster Ausstellungsplaz vum Land. Bis ewell ass se zwar nach e grousse Schantjen, mee am Oktober gëtt Ouverture gefeiert. Wéi wäert sech dës nei Struktur an d'Kulturjoer Esch 2022 abetten? A wéi huet de Christian Mosar Wëlles, och den Éisleker an de Miseler fir dësen, dach dacks an der Ëffentlechkeet ëmstriddene Projet vum Kulturjoer ze begeeschteren?

"D'Stad mécht eng komplett Wandlung de Moment duerch. An ech weess, wat d'Leit denken! Mee, wann ee wierklech emol eng Kéier géif hannerfroen, wat dohannert stécht, da wiere bal keng Argumenter méi do."

Lauschtert deen 3. Deel vum Gespréich

Déi éischt inklusiv Kënschtlerresidenz zu Lëtzebuerg

Hanner dem Bridderhaus stécht e grousse Patrimoine historique: Et war laang Zäit dat éischt Spidol zu Esch. Zanter 10 Joer stoung d'Haus awer elo eidel, a gëtt elo fir 2022 komplett sanéiert a renovéiert, an zu enger eenzegaarteger Kënschtlerresidenz ëmgebaut. De Christian Mosar mengt, datt dëse Projet net nëmmen Neiland fir d'Stad Esch ass.

"Mir kréien eng Radiostatioun an d'Bridderhaus fir d'Joer 2022, déi iwwer 100 Deeg e Konschtradio ass. Keng Meteo, kee Stau, keng schlecht Noriichten, mee 100 Deeg laang Konscht."

Lauschtert deen 4. Deel vum Gespréich

An der Mediathéik:

Am Gespréich / / Claude Faber
Lauschteren

Méi zum Thema

Nancy Braun
Kulturjoer 2022

D'Nancy Braun, Direktesch vun Esch 2022, weist sech optimistesch, datt all d'Projeten déi geplangt sinn, och Realitéit ginn. Dee Prozess wier am Gaang si hofft, datt e "relativ schnell" kéint ofgeschloss ginn.

Esch 2022 Live
Livestream

Haut gëtt en éischten Deel vum Programm vun Esch2022 presentéiert. Esch, zesumme mat den zéng anere Gemengen aus dem Gemengesyndikat ProSud an aacht franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad.

Christian Mosar
Kulturhaaptstad

De Christian Mosar ass net méi artistesche Leeder vun Esch 2022. Dat huet de Verwaltungsrot haut zesumme mam Christian Mosar decidéiert, heescht et an engem Communiqué vun der ASBL Esch 2022.

Mosar-a-Braun
Invités am Moies-Magazin

De Projet Esch 2022 huet Héichten an Déiften duerchlieft. Viru Kuerzem hunn déi Responsabel de Projet nach emol a Rumänie virun der europäescher Jury verdeedegt an och zu Lëtzebuerg huet sech scho sou munches gedoen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen