Dokumentatioun vun der Corona-Kris Chroniques d'une pandémie
Eng vun de wichtege Missioune vum Centre national de l'audiovisuel, de CNA, ass, gesellschaftlech Entwécklungen zu Lëtzebuerg ze dokumentéieren an d'Material fir d'Zukunft ze archivéieren. Dozou gehéiert den Iwwergang vun enger Industrie- zu enger postindustrialiséierter Natioun, wéi och d'Changementer um Kierchbierg.

Der Véronique Kolber hir Chronik vun der Pandemie
D'Ekipp vum CNA huet ufanks Abrëll sechs Fotografe selektionéiert, déi si fir sechs Pandemie-Chroniken op verschidde Plaze geschéckt huet. Dorënner d'Véronique Kolber.
D'Kerstin Thalau huet mat der Fotografin iwwer hir Experienz geschwat.
De Fotograf Patrick Galbats als Chroniqueur vun der Pandemie
De Fotograf Patrick Galbats, Joergang 1978, huet, duerch seng laang fotojournalistesch Aktivitéite fir déi geschriwwe Press zu Lëtzebuerg, e Sënn fir d'Aktualitéit entwéckelt. Virun e puer Joer huet hie sech fir e Liewen als fräie Fotograf decidéiert.
Säin Domän: de soziale Reportage. Hie war deemno elo fir de CNA, de Centre national de l'audiovisuel, ee vu sechs ideale Kandidate fir eng fotografesch Chronik vun der Pandemie ze erzielen. D'Kerstin Thalau wollt vum Patrick Galbats gewuer ginn, wat hie wärend dem Mount Abrëll erlieft an observéiert huet.
De Marc Schroeder gesäit d'Pandemie schwaarzwäiss
De Marc Schroeder, Joergang 1974, deen an engem fréiere Liewe Risk Manager zu London an zu New York war, huet sech nom Ausbroch vun der Finanzkris 2009 en Dram erfëllt an ass fräie Fotograf ginn; mat Sëtz zu Lëtzebuerg, Berlin a Lissabon.
D'Kerstin Thalau huet mam Marc Schroeder iwwer seng Vue op déi aktuell Situatioun geschwat.
Chroniques d'une pandémie - Romain Girtgen
De Romain Wirtgen huet dem Claude Faber e klengen Abléck a seng Aarbecht ginn, déi hien haaptsächlech zu Diddeleng, awer och soss am Süde vun eisem Ländchen an Ugrëff geholl huet.
Chroniques d'une pandémie - Andrés Lejona
Den Andrés Lejona ass ee weidere vun de sechs Fotografen, déi d'Ekipp vum CNA ufanks Abrëll fir sechs Pandemie-Chroniken op verschidde Plaze geschéckt huet. Hie war haaptsächlech op der Musel ënnerwee.
Carole Melchior
Fir de CNA-Projet Chroniques d'une pandémie hate sech am Abrëll sechs Fotografen op de Wee gemaach, fir Mënschen a Situatiounen an dëse schwierege Corona-Zäiten am Bild anzefänken, an esou dann och ze dokumentéieren, wéi eng Spueren de Virus zu Lëtzebuerg hannerléisst. D'Carole Melchior ass eng vun dëse Fotografen. Si huet hir Aarbecht haaptsächlech an der belscher Grenzregioun an Ugrëff geholl.