Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Schmit - Parfum de chasteté (Phi)

Buchkritik

Claude Schmit - Parfum de chasteté (Phi)

E gutt situéierte Paräisser Bobo begeeschtert sech op eemol fir sexuell Abstinenz, sou wéi se vun der kathoulescher Traditioun gepriedegt gëtt. Sou léisst sech d'Handlung vu "Parfum de chasteté", deem neie Roman vum Lëtzebuerger Auteur Claude Schmit resuméieren. De Michel Delage huet d'Buch gelies.

auto_stories

3 min

De Robert Thréard, bekannte Journalist bei der Paräisser Dageszeitung Le Monde, fillt sech ëmmer méi zum kathoulesche Glawen higezunn. Dobäi hat sech de Mëtt-Fofzeger bis dohin éischter als e klassesche lénksliberale Pafefrësser ugesinn.

Déi meeschte Froe stellt sech den Thréard a Bezuch op d'Sexualitéit: virum Hannergrond vun enger Gesellschaft, déi a sengen Aen allgemeng d'Baach ofgeet, huet hien eng gewësse Faszinatioun fir d'Ideal vun der Abstinenz entwéckelt. Äntwerte sicht de Journalist ënner anerem am Mëttelalter, bei der mythescher Koppel Abélard an Héloïse. An dann och bei engem intrigante Paschtouer, deen am Donstkrees vun enger mysteriéiser Glawensgemeinschaft verkéiert.

Den ausgebilte Philosoph a fréieren 100,7-Mataarbechter Claude Schmit ass bekannt fir Romaner, an deenen hien Aspekter aus der Geschicht vun den Iddie verschafft: zum Beispill de Jean-Jacques Rousseau an d'Opklärung, de Martin Heidegger an d'Eugenik, oder nach den Nihilismus, wéi a sengem viregte Wierk "A la recherche du rien perdu". "Parfum de chasteté", schonn dee siwente verëffentlechte Roman bannent aacht Joer, behandelt de Problem vun der Ierfsënn an der chrëschtlecher Traditioun.

Haaptfokus: d'Sexualitéit

Den Auteur verfiert och hei nees nom gewinnte Schema: unhand vun enger Fiktioun - hei d'Bekéierung vum Haaptprotagonist zum begeeschterte Katholik - gëtt de Lieser op eng iwwersiichtlech Manéier an d'Gedankewelt vum Chrëschtentum ageféiert, ouni datt et ze pedagogesch eriwwer kënnt. An dat ass dem Claude Schmit säi gréisste Merite.

Besonnesch konzentréiert hie sech op d'Sexualitéit, deen Aspekt, deen de Journalist am meeschte schéngt ze beschäftegen, mat der problematescher Figur vun der Fra als dat Wiesen, dat de Mann a Versuchung bréngt an hien an d'Verdierwe stierzt. Et ass virop d'Eva, déi am Roman als Konschtmotiv optrëtt, an dann och d'Héloïse, eng Intellektuell an Äbtissin vun engem Fraekonvent, déi ufanks vum 12. Joerhonnert eng net konform Bezéiung mam Theolog Abélard hat. Als Strof gouf dee fir seng Sënn kastréiert. D'Geschicht vun dëser mythescher Koppel léisst de Romanheld a senger Fantasie nees opliewen, fir sech d'Ambivalenz vun der Sexualitéit kënne mental virun Aen ze halen.

D'Kriminalhandlung, déi mam Déifstall vu Konschtwierker a Reliquie lancéiert gëtt, an de konspirative Kader, deen ënner anerem mam ausdréckleche Verweis op de Bestseller-Auteur Dan Brown gesat gëtt, erweise sech séier als falsch Pisten, déi am Sand verlafen. D'Handlung fokusséiert sech haaptsächlech op de Bekéierungsprozess vum Haaptprotagonist, woubäi een net versteet, wat en eigentlech ausgeléist huet.

Eng Handvoll "lieux communs" iwwer den Individualismus an de Materialismus vun der moderner Gesellschaft ginn dem Auteur duer fir ze erklären, firwat e guttsituéierte Paräisser Bobo op eemol decidéiert, seng Famill a säi soziale Status hanner sech ze loossen, fir sech - via de Pilgerwee vu Compostella, wat da soss - op eng einsam Existenz als Eremit am Déngscht vu Gott anzestellen.

Riicht an d'Klouschterzell

De Roman hätt duerchaus kéinten an dat Ironescht kippen. Hätt ee kéinte mengen, ënner anerem wéinst der deelweis salopper Sprooch an dem Hiwäis op déi ambivalent Sexualmoral vum Kierchepersonal. Mee déi gëtt hei net als Hypokrisie entlarvt. D'Paschtéier, gëtt suggeréiert, sinn och just Mënschen, déi der Versuchung ausgesat sinn a mat sech selwer musse kämpfen.

Besonnesch an de kuerze Mëttelalter-Passagë vu sengem Roman entwéckelt de Claude Schmit eng nawell flott, truculent Sprooch à la Rabelais. An och seng Beschreiwunge loossen den Alldagskader vun enger vergaangener Zäit nees operstoen.

Ausser dem thematesche Bezuch sinn déi Passagen awer net wierklech iwwerzeegend mam Haapterzielstrang verflecht. Se komme just periodesch eng Handlung mat e bësse Faarf ënnerbriechen, déi platt viru sech hin tuckert. D'Hoffnung op ee grousse Revirement zum Schluss gëtt dann och enttäuscht. "Parfum de chasteté" féiert riicht aus a mat Enthusiasmus an eng Klouschterzell. Mee vläicht ass grad dat Bekenntnis zur Herz-Jesu Moral als subversive Statement vum Auteur ze verstoen.