Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Say Yes Dog - On And On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CV fir en héijen internationale Posten

Sachbuch

CV fir en héijen internationale Posten

"Merde alors! Jean Asselborn. Eine politische Biografie" (Czernin) vun der éisträichescher Journalistin Margaretha Kopeinig verzicht op all Form vu kritescher Distanz. Den Erkenntneswäert ass ganz geréng.

auto_stories

4 min

An hirem Buch "Jean-Claude Juncker. Der Europäer" vun 2004 hat déi éisträichesch Journalistin Margaretha Kopeinig gemengt:

"Juncker ist eine überragende europäische Gestalt der Öffentlichkeit, kühn, stark und weitblickend. Er ist ein Mann der Tat, ein Redner von hinreißender Kraft, eine Persönlichkeit, die großen Einfluss auf die junge Generation in der Europäischen Union hat, ein großer Mensch, der die Menschen liebt."

Wiem dëse Genre vu politescher Analys gefält, deen dierft mat der Madame Kopeinig hirem neiste Wierk "Merde alors! Jean Asselborn. Eine politische Biografie" (Czernin) voll op seng Käschte kommen. Iwwer de Lëtzebuerger Ausseminister, dee schonn zanter 2004 dee Poste besetzt, fale Wierder ewéi: "mitreißender Charismatiker", "Liebe zu den Menschen", "umfassende Wärme und Herzlichkeit", asw.

Fir ze préiwen, ob der Autorin hir Aschätzung och nëmmen usazweis der Realitéit entsprécht, ginn zum Schluss vum Buch de fréieren éisträichesche Bundespresident Heinz Fischer (SPÖ) an de fréieren däitschen Ausseminister an aktuelle Bundespresident Frank-Walter Steinmeier (SPD) interviewt. Zwee ganz gutt (Partei-)Kolleege vum Jean Asselborn: déi dräi sinn op enger Foto ze gesinn, wéi si 2007, zesumme mat hire respektive Fraen, duerch d'Steiermark wanderen.

E Mann, deen ni opgëtt

Op de 25 éischte Säite vun den am ganzen 200, déi d'Buch ëmfaasst, gëtt beschriwwen, wéi de Jean Asselborn sech aus einfache Verhältnesser eraus lues a lues zum professionelle Politiker eropgeschafft huet, a vun do aus zum europawäit unerkannte Lëtzebuerger Aussen- an Immigratiounsminister.

"Doch aufzugeben, das kommt für Jean Asselborn nicht infrage. Niemals", heescht et, wéi de Stengeforter Jong, obwuel "domm wéi e Schwäin" (Zitat Asselborn) säin Droitsdiplom um zweete Bildungswee op der Uni Nanzeg krut. Doyen vun der Fakultéit war deemools den Jack Lang, spéiderhi sozialistesche Kulturminister ënner dem franséische President François Mitterrand.

Nieft dem schonn obligatoresche Kapitel iwwer dem Jean Asselborn seng Passioun fir de Vëlo, an och eent iwwer dat éisträichescht Theaterstéck "Merde alors", dat dem Lëtzebuerger Chefdiplomat seng Ausenanersetzung mam deemolegen italieeneschen Inneminister Matteo Salvini thematiséiert hat, gëtt op ronn 100 Säiten dat politescht Wierke vun deem ënner d'Lupp geholl, deem d'Autorin Margaretha Kopeinig eng "zentrale Rolle im Kreis der 27 EU-Auβenminister" attestéiert.

Reellen Afloss gëtt kaum ënnersicht

Eng Analys ass et am eigentleche Sënn vum Wuert net, éischter eng Chronik vun all den Evenementer, déi tëschent 2004 an haut op der diplomatescher Bün relevant waren, zum Beispill den Echec vun der EU-Verfassung, d'Relatioune mat der Tierkei, d'Flüchtlingspolitik, de Brexit, d'Corona-Kris. Meeschtens ginn déi Evenementer kuerz ëmrass, mat all Kéiers engem Kommentar, deen de Jean Asselborn deemools der däitscher Press zum beschte ginn hat.

Ob hien sech dann elo op deem engen oder anere Punkt duerchgesat krut oder net, ob hie wierklech esou eng "zentrale Rolle" gespillt hat, gëtt een am Buch net gewuer. Mee et gesäit ee wéinstens, datt de Lëtzebuerger ëmmer op der moralesch richteger Säit stoung: "die Wahrung der Menschenrechte, der Kampf für Demokratie und für den Rechtsstaat" géifen him jo um Häerz leien, grad ewéi seng "tiefe Ablehnung vun Nationalismus und Rassismus" a seng Positioun als "Pazifist", als "glühender Verfechter des Systems der Vereinten Nationen", deen "die Rettung der Flüchtlinge zu einer Frage der Menschlichkeit" géif erklären.

Näischt, wat dat positiivt Bild kéint stéieren

"Was in Libyen geschieht, ist meines Erachtens Völkermord in höchster Potenz", hat de Jean Asselborn Ufank 2011 gesot. Eng kriddeleg Ausso, déi sech nodréiglech als falsch Aschätzung erwisen huet, mee zur Legitimatioun vun engem desastréise Militärasaz a Libyen bäigedroen hat. Awer dat interesséiert d'Margaretha Kopeinig net, obwuel si feststellt:

"Doch ist Libyen bis heute nicht zur Ruhe gekommen. Dazu kommen die Flüchtlingsproblematik und die Missachtung jeglicher Rechte."

Eng Analys vun de Responsabilitéite wier hei net vu Muttwëll gewiescht. Leider fänkt schonn dat nächst Kapitel un:

"Luxemburg bekommt einen Sitz im UN-Sicherheitsrat: Die Krönung vun Asselborns diplomatischer Karriere."

No de Wikileaks-Revelatiounen, deenen no de Jean Asselborn den USA den illegalen Transit vu Streebommen zu Lëtzebuerg erlaabt hätt; der LuxLeaks-Affär, der Lëtzebuerger Diplomatie hirem Supergau; oder soss engem iergendwéi kriteschen Input, brauch een am Buch scho guer net ze sichen.

Et kéint jo sinn, datt der Margaretha Kopeinig hiert Buch dem Vatikan als valabelen Dossier fir eng Hellegspriechung vum Jean Asselborn net duergeet. Als CV fir en héijen internationale Poste kéint et awer duerchgoen. Dem LSAP-Politiker säi Mandat zu Lëtzebuerg kënnt geschwënn op en Enn. Den Zitat: "leidenschaftlicher europäischer Bürger" a "Weltbürger", wéi et esou schéin am fréieren UNO-Generalsekretär Ban Ki-Moon sengem léiwe Virwuert heescht, wier jo dann disponibel.