Radioen

On air

De Moien  |  Aaron Frazer - Bad News

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Ausstellungskommissäre vu Lët'z Arles

Fotografie

D'Ausstellungskommissäre vu Lët'z Arles

Bis den 23. September 2018 stellen déi Lëtzebuerger Foto-Kënschtler Laurianne Bixhain a Pasha Rafiy op der 49. Editioun vun de Rencontres de la Photographie d'Arles aus. Mee dohannert verstoppe sech eng Hellewull Demarchen, vill Organisatioun a Kommunikatioun.

auto_stories

3 min

Den Ausstellungskommissär konzipéiert, plangt an entwërft eng temporär Ausstellung an organiséiert hir Realisatioun, heescht et an der franséischer Definitioun vum Term.

An da geet se nach e Riseschrëtt weider: de Choix vun den ausgestallte Wierker, d'Problematik an d'Thematik vun der Expo, d'Zeenographie an d'Aart a Weis, wéi d'Ausstellung engem Public erkläert gëtt, respektiv d'Publikatioun vun engem Ausstellungskatalog, falen a säin Aufgabeberäich. Den Ausstellungskommissär kéint een deemno och als Auteur vun enger Expo bezeechnen.
Am Fall vun Arles war d'Demarche e bëssen anescht. Virun zwee Joer gouf d'Asbl Lët'z Arles gegrënnt, fir e Partenariat vun dräi Joer tëscht dem renomméierte Fotofestival a Lëtzebuerg ze etabléieren. Nodeems zejoert eng 30 lëtzebuergesch Fotokënschtler an der Chapelle de la Charité zu Arles gewise goufen, fir d'Diversitéit vun der Lëtzebuerger Fotokonscht visibel ze maachen, hu fir dës Editioun Kulturschaffender eng Dosen Artiste proposéiert, vun deene sinn der sechs invitéiert ginn, e Preprojet fir d'Chapelle ze formuléieren. E Jury huet dovunner der schlussendlech zwee ausgewielt, déi vun der Laurianne Bixhain a Pasha Rafiy.

Michèle Walerich

D'Michèle Walerich ass Responsabel vum Fotodepartement vum Centre national de l'Audiovisuel, huet selwer Konscht zu Paräis, Los Angeles a Stroossbuerg studéiert. Zu Arles huet si d'Laurianne Bixhain beim Opbau vun hirer Expo mam Titel "on the other end" ënnerstëtzt. Eigentlech hat d'Kënschtlerin sech schwaarzwäiss Fotoen am grousse Format dofir erausgesicht, Klischeeën, déi Fassade weisen, fir en Interêt fir d'Banneliewe vun den Architekturen ze stëppelen. Sechs sinn der jo schonn net vill, mee d'Fotografin huet zu Arles selwer nach weider reduzéiert, nämlech op dräi.

A si huet d'Transkriptioun vun enger 100,7-Diskussiounsronn an hire "Livre d'artiste" integréiert, en Debat, bei deem nieft der Laurianne Bixhain an dem Museker nach e Medientheoretiker seng Vuen zu Digitalisatioun a Spiritualitéit developpéiert huet. D'Gespréich huet der Laurianne hirer Aarbecht eng weider Dimensioun bäiginn. De Pasha Rafiy fir säin Deel weist zu Arles seng markant Portraite vu Perséinlechkeeten, mee och vun anonymme Leit, plus Objeten a Banneraim, bei deenen een net direkt hir Plaz an der Welt identifizéiere kann. Déi faarweg grouss Formater si bei Reesen, haaptsächlech an den USA, entstanen a mat "bad news" iwwerschriwwen. De Pasha Rafiy-Stil: dat Privat mam Ëffentleche melangéieren, sou de Paul Di Felice.

Paul Di Felice

Wann et iergendwou ëm Foto geet, schéngt de Paul Di Felice net wäit. 1984 huet hie mam Pierre Stiwer d'Associatioun Café Crème lancéiert, fir zu Lëtzebuerg, wat jo quasi eng Muséeswüst war, d'Fotografie via e Fotomagazin ze promouvéieren. Viru 15 Joer ass Café Crème Partner beim European-Month-of-Photographie-Réseau ginn, iwwer dee relevant Fotoexpoen de Wee op Lëtzebuerg fonnt hunn. Wéi wäit geet d'Engagement? Geheit hien zu Arles de Pasha Rafiy all Dag bei Sonnenopgang aus dem Bett, gëtt him Tuyauen, u wien e sech bei de Rencontres erumaache sollt, also eng Aart Coach fir e fitten, determinéierte Kënschtlerkapp?
Et ass de Kommissären dorëms gaangen, zwee staark Projeten an d'Chapelle de la Charité ze installéieren, et handelt sech dobäi net ëm e Lëtzebuerger Pavillon, Arles ass net d'Biennale vu Venedeg. An awer waren e ganze Koup Fotografen a Konschtintresséierter extra fir den Expo-Vernissage vu Lëtzebuerg op Arles komm.