Radioen

On air

De Weekend  |  Ned Doheny - Get It Up For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Finanzkris an der Lëtzebuerger Filmproduktioun

Riicht eraus

D'Finanzkris an der Lëtzebuerger Filmproduktioun

Méi wéi zwee Drëttel vun de staatleche Subventioune fir de Filmsecteur fir 2018 si scho verdeelt. D'Lëtzebuerger Filmproduzenten hunn Angscht, datt d'Projeten, déi si fir de Rescht vum Joer hunn, mussen op Äis geluecht, oder souguer annuléiert ginn. En Accord schéngt awer a Siicht. D'Produzente Paul Thiltges, Nicolas Steil a Bernard Michaux, den Direkter vum Filmfong, de Guy Daleiden, diskutéieren iwwer eng Neiverdeelung vun den 33 Milliounen Euro, déi de Filmfong all Joer zur Verfügung stellt.

auto_stories

3 min

Et solle grad esouvill Produktioune lafen, mee wahrscheinlech mat manner Suen. De Paul Thiltges, President vun der ULPA, der Union luxembourgeoise des productions audiovisuelles, huet déi Kris komme gesinn a schwätzt vun enger "Neiverdeelung vum Kuch". Banne fënnef Joer sinn en Drëttel méi Produktiounsfirmen zu Lëtzebuerg derbäi komm. D'Fuerderung no méi Suen ass schonn d'lescht Joer op der Journée Luxembourgeoise zu Cannes gestallt ginn. Et gëtt eng Zouso, déi bis elo awer nach net erfëllt gouf.

Den Nicolas Steil vun Iris Productions erwaart sech awer eng Ännerung vum Verdeelungssystem, dee méi un international Co-Produktiounen ugepasst ass, well de Lëtzebuerger Kino net méi kompetitiv wier. Déi digital Revolutioun fuerdert dem Nicolas Steil no, datt d'Filmprodukter un de Marché ugepasst ginn.

"D'ULPA an de Filmfong haten ëmmer een Accord tacite", seet den Nicolas Steil. Wann ee gudde Projet do wier, misst deen ënnerstëtzt ginn.

Reduktioun vun Hëllefen a Reform vu Punktesystem

Wann e Produzent eng Co-Produktioun mam Ausland mécht, kann hie vum Filmfong eng Hëllef vu bis zu 30 Prozent vum Gesamtbudget vum Film erwaarden. Déi Zomm war awer op maximal zwou Milliounen Euro begrenzt. Déi Grenz soll elo op 1,2 Milliounen erofgesat ginn. An deem nämmlechte Prozess sollt d'Hëllef vun 90 Prozent fir reng Lëtzebuerger Produktiounen, déi bis elo op dräi Milliounen Euro begrenzt war, op 1,8 Milliounen erofgoen.

De sougenannte Punktesystem soll och reforméiert ginn. Lëtzebuerger Produktioune krute Punkte fir Produktiounen, déi zu iwwer der Halschent zu Lëtzebuerg gefilmt goufen an un deene Lëtzebuerger Techniker a Schauspiller bedeelegt waren. Dës Punkten hu Produktioune fir eng finanziell Ënnerstëtzung vum Filmfong qualifizéiert. Am neie System sollen déi 50 Prozent Tournage zu Lëtzebuerg net méi esou streng gehandhaabt ginn. Trotzdeem soll weider zu Lëtzebuerg, oder vu Lëtzebuerg Filmaarbecht geleescht ginn, och wann d'Maxima an d'Minima vun der finanzieller Hëllef substantiell erofginn, seet de Paul Thiltges.

Datt doduerch manner Techniker an der Produktioun oder an der Postproduktioun géifen Aarbecht kréien, wier net esou, seet den Nicolas Steil, Sekretär vun der ULPA. "Wa mir een Euro kréien, gi mir deen Euro zu Lëtzebuerg aus!"

Zukunft vum Filmfong-Budget an Audit

Bis elo waren déi 33 Milliounen Euro pro Joer, déi de Filmfong als Subventioune verdeelt, ënner der Tutelle vum Medieministère. Bei der rezenter Virstellung vum Kulturentwécklungsplang koum awer och de Virschlag, datt de Filmfong-Budget deemnächst op de Kulturministère kéint iwwerdroe ginn. De Guy Daleiden begréisst dat, well een domadder och fir aner Kultursecteuren eng ähnlech Struktur an e Fonctionnement nom Virbild vum Filmfong kéint opbauen. Fuerderunge fir all d'Budgeten am Kulturministère nees ze verschmëlzen an nei opzedeele fënnt hien allerdéngs kontraproduktiv.

Nieft den Diskussiounen, déi am Moment tëscht de Partner am Filmsecteur lafen, soll de Filmfong awer och engem Audit ënnerzu ginn. Eng Kontroll, déi den Direkter vum Filmfong, de Guy Daleiden, positiv an interessant fënnt. Wann d'Produzente 50 Prozent méi Budget wéilten, missten och d'Strukture vum Filmfong eventuell un esou eng Budgetserhéijung ugepasst ginn. "Dat kéint een och op aner Beräicher ausdehnen" sou den Direkter vum Filmfong.