Ausstellung um Belval Earthbound: Klimakris am Dialog

De Lien tëschent Technik an der Klimakris ass fir vill Leit sous-entendu - an dacks negativ konnotéiert. 19 international Kënschtler wëllen elo um Belval beweisen, datt modern Mëttelen och Léisungsusätz liwweren an de Mënsch méi no un d'Problematik brénge kënnen.

Ben Kobs / tt

Earthbound – In Dialogue with Nature.jpeg
Foto: Lorenzo Pusterla / Esch2022

D'Kënschtler vun der Ausstellung Earthbound - Im Dialog mit der Natur an der Möllerei um Belval zécken net, dem Mënsch seng Matschold un der Klimakris ervirzehiewen. 19 international Kënschtler:inne presentéieren hei hir - heiansdo optimistesch, heiansdo pessimistesch - Vue op de Klimawandel a seng Suitten.

Natur als roude Fuedem

Kuratéiert vun der Sabine Himmelsbach an dem Boris Magrini vum Haus der Elektronischen Künste zu Basel, setzt d'Ausstellung op eng multimedial Approch. Mat Hëllef vu moderner Technik proposéieren d'Kënschtler Ablécker an d'Problematike vun der Ëmwelt, awer och Léisungsusätz.

D'Mise en évidence vun der Schéinheet vun der Natur ass ee roude Fuedem, dee sech duerch d'Ausstellung am fréiere Brennstofflager vun Esch-Belval zitt.

Der kanadescher Kënschtlerin Sabrina Ratté hir Videoinstallatioun Floralia I-IV bitt dem Visiteur eng Science-Fiction-änlech Zukunftsvisioun an där ee just nach op digital Recreatioune vun ausgestuerwene Planzen zeréckgräife kann. Op véier Bildschiermer weisen detailléiert 3D-Modeller, datt duerch d'Aartestierwe Saache verluer ginn, déi net reproduzéiert kënne ginn.

D'Kënschtlerin selwer seet dozou:

"Ech wollt déi Spannung tëscht eppes kreéieren wat dat imaginärt uschwätzt, wat ästhetisch ass. Duerch déi formell Schéinheet hoffen ech, datt déi ängschtlech Atmosphär verbreet gëtt, déi d'Réalitéit an där mir eis potentiell befanne kéinten, hannerfreet. Also war d'Intentioun wierklech déi Spannung tëscht eppes wat bësse grujeleg, a gläichzäiteg formell attraktiv ass."

D'Wëssenschaft ass déi grouss Inspiratiounsquell fir Earthbound. E Groussdeel vun de Wierker goufe baséiert op Daten oder a Kollaboratioun mat Wëssenschaftler:inne geschaf. Esou och d'Installatioun The Intimate Earthquake Archive vun der Sissel Marie Tonn an dem Jonathan Reus.

Problemer gräifbar maachen

Hei soll de Visiteur duerch e vibréierende Gilet dem Effet vun engem Äerdbiewen ausgesat ginn. D'Vibratiounen esou wéi d'musikalesch Begleedung vum Jonathan Reus baséieren op Daten an Erfarungsberichter aus Groningen, wou reegelméisseg Gasbuerungen duerchgefouert ginn.

Dës gräifbar an no Approche soll dem Visiteur déi oft abstrakt Zuelen a wëssenschaftlech Fakte vun der Klimakris méi no bréngen, an en op engem perséinlechen Niveau erreechen, sou d'Kënschtlerin Sissel Marie Tonn:

"Ech mengen, op d'mannst fir mech selwer, ass et ee wichtegen, artistesche Geste, well ech fannen, datt Informatiounen iwwer de Klimawandel oder ökologesch Problemer oft ganz intellektuell oder un Zuele gebonne sinn. An dës Zuele sinn natierlech och wichteg fir Lienen ze weisen, mee ech menge mir si Kierperen déi spieren, Wiesen déi spieren, a fir eppes richteg wouer ze huelen ass et wichteg et och op engem aneren Niveau wéi dem intellektuelle wouer ze huelen."

D'Ausstellung am Häerz vum industriellen Ierwe vun Esch-Belval bréngt de Visiteur op eng empathesch, an interaktiv Aart a Weis an den Dialog mat der Ëmwelt. Et ass eng Ausstellung, déi zum Ëmdenken iwwer d'Géigewaart an déi méiglech Zukunft vun eisem Planéit invitéiert.

Méi zum Thema

Ioanna Anousaki
Danz

Am Work in progress mam Titel "The shade of my own" ënnersicht d'Ioanna Anousaki d'Theeme vum Elengsinn, der Isolatioun. Si kuckt awer och, wat dat fir eng Auswierkungen op déi mental Gesondheet huet.

Isaiah Wilson - 331 grams
"331 grams" vum Isaiah Wilson

Den Dänzer Isaiah Wilson hannerfreet a senger Kreatioun "331 grams" d'Positioun vum Mann an der Gesellschaft vun haut.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen