Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Konscht an d'Kris

Fräie Mikro

D'Konscht an d'Kris

Am Ament hänkt d'Konscht tëschent den Extremer, se gëtt breet rezipéiert an nogefrot; gläichzäiteg ass hir Roll an der Gesellschaft onsécher a vag. Wat soll se leeschten? Muss se séier a gratis sinn? An ass hir mam grousse Wuert vun der Systemrelevanz bäizekommen? Am Fräie Mikro sicht de Literaturwëssenschaftler an Auteur Samuel Hamen no Äntwerten op dës Froen.

auto_stories

3 min

De Samuel Hamen ass Literaturwëssenschaftler an Auteur. Foto: Archiv

Ech mengen, ech hunn an der Zomm nach ni sou vill Bullshit gelies, wéi an de leschte Wochen. Artikelen, déi engem soen, d'Pandemie wier eng Chance; Artikelen, déi äntweren, datt deen Optimismus idiotesch wier; Artikelen, déi dee Virworf idiotesch fannen, zum Schluss eng philosophesch Reflexioun iwwer d'Wiese vun der Idiotie an Zäite vun der Pandemie.

Ganz ze schwätze vun den Texter, déi am Verschwörungseck zesummegefléckt ginn: eng biomilitäresch Attack, eng anti-demokratesch Initiativ, just eng Gripp. Wien dorunner gleeft, gleeft och nach un de Kleeschen. Hien hält sech haut d'Oueren zou, wéi deemools, wéi d'Elteren him d'Wouerecht iwwer den décke Männi mam Baart matgedeelt hunn. Seng kleng Welt dierf net vrecktfueren.

Et ass ee Perpetuum mobile u Meenungen, Géigemeenungen a Géigegéigemeenungen. Am léifste géif ech elo soen: Dat ass de Fonctionnement vun der demokratescher Ëffentlechkeet, Sträit gehéiert dozou.

Hautdesdaags sinn d'Konditioune fir een diversifizéierten Austausch sou gutt wéi nach ni: Blogs, Twitter, Podcasts etc. Mee ech géif mir dat selwer net ganz gleewen. Wat mech irritéiert, ass d'Willkür an den Tempo, mat deene mir duerch d'Argumenter an d'Positioune brätschen. Aus enger Meta-Perspektiv gesäit et aus wéi op engem demoléierte Satellittebild, dat engem eng Iwwersiicht versprécht, ouni se ze liwweren.

A well ech nach ni eng aner Äntwert hat: hei kënnt d'Konscht an d'Spill. Ech mengen domadder keng Initiative wéi "Live aus der Stuff", déi symbolesch op de Besoin no Solidaritéit reagéieren an de Bedeelegte finanziell aushëllefen. Dat ware Live- a Like-Interventioune géint d'Isolatioun, manner kënschtleresch Reaktiounen op déi nei Welt dobaussen.

(Kuerz Klammer: Et hëlleft net weider, d'Kritiker un deem Format an engem Wort-Interview als "Kollaborateuren" ze bezeechnen a beim éischte Kontra an de Facebook-Kommentaren ze soen, dat wier jo am Konjunktiv formuléiert. Sou mechanesch fonctionéiert Sprooch net, dat misst ee Sproochkënschtler wéi de Serge Tonnar eigentlech wëssen.)

Konscht brauch Zäit

Fir eng ästhetesch Reaktioun op d'Pandemie feele ganz einfach d'Zäit, d'Muße, d'Rou. Ee Konschtwierk ass numol lues. Wie seng artistesch Schaff als Live-Ticker versteet, huet net vill verstan. Beschtefalls ginn et a sechs Méint oder zwee Joer Biller, Dänz oder Lidder, déi engem een neit Versteesdemech un d'Hand ginn, déi engem eng Asiicht oder Stëmmung vermëttelen, déi méi leeschte wéi d'Artikele vun de leschte siwe Wochen zesummen.

Dat heescht och: d'Wäertschätzung fir d'Kultur, déi op politeschem Niveau ëmmer och eng finanziell ass, muss mëttel- a laangfristeg ausgeriicht sinn. A se dierf net mat engem vun den ellenste Wierder ever hantéieren: Wie mengt, d'Konscht duerch d'Ënnerscheedung tëschent systemrelevant an -irrelevant klasséieren ze kënnen, huet eng enk an nawell trist Virstellung dovunner, wéi eng Gesellschaft fonctionéiert. Et gëtt méi wéi néideg an onnéideg, jo an nee, un an aus. A vläicht brauch eise System an nächster Zäit genee dat: Nuancen, Tëschentéin an ee Bléck, dee méiglechst ënnerschiddlech Perspektive vereenegt.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.