Radioen

On air

De Moien  |  Balthazar - I'm Never Gonna Let You Down Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Pascale Noé Adam iwwer d'Emma K

Theaterstéck

D'Pascale Noé Adam iwwer d'Emma K

Mussen d'Mënschen alles esou hinhuelen, wat eis d'Gesetz an d'Leit un der Muecht diktéieren? Dës Fro war well am Kafka sengem "Prozess" opkomm, an ass haut ëmmer nach pertinent. Am Cube 521 war d'lescht Woch d'Stéck "Emma K" ze gesinn, dat dës Thematik aus der Perspektiv vun engem Jugendlechen opknäppt. De Romain Butti huet mat der Realisatrice Pascale Noé Adam geschwat.

auto_stories

2 min

"Emma K" ass ee Jugendstéck, dat sech als Inspiratioun dem Franz Kafka säi posthum verëffentlechte Roman "Der Prozess" geholl huet. Den Auteur Giuseppe Lonobile huet de Klassiker fir d'Bün adaptéiert. Am Mëttelpunkt steet hei dat 12 Joer jonkt "Emma K", dat ënner Arrest steet, a méi genee wëll wëssen, firwat.

Beim Kafka gëtt de Mënsch enger net ganz gräifbarer a bedreelecher Muecht ausgesat. De Mënsch gëtt iwwerwaacht, an dës Sujete sinn haut ëmmer nach héichaktuell: Wéi staark gi mir vu bausse manipuléiert, an, musse mir am Liewen net méi aktiv Saache kritesch a Fro stellen?

D'Realisateurin Pascale Noé Adam erkläert, firwat et fir si wichteg war, sech mam "Emma K" ze befaassen:

"Mäin Unhaltspunkt war, datt et e Meedchen ass, dat een immens staarke Charakter huet an dat alles hannerfreet. Hatt gëtt sech mat auswäichenden Äntwerte vun den Erwuessenen net zefridden. Et ass fir mech e Voyage initiatique vum Meedchen, dat aus der Kandheet erauskënnt an zu den Erwuessene seet: 'Dat do kann net sinn, dat ass eng domm Äntwert. Gitt mir eng richteg Äntwert op meng Fro'."

Verschidden Disziplinne fannen zesummen

D'Anne Klein, déi d'Emma K spillt, steet eleng op der Bün, tëschent zwee groussen Ecranen, op deenen animéiert Zeechnunge vun der Nathalie Noé Adam, projezéiert ginn. Den Adrien Papritz schwätzt d'Männerstëmmen hanner der Bün a féiert och Dialog mat der Emma. Hei kommen net wéineg Disziplinnen zesummen:

"Ech schaffen ëmmer mat menger Schwëster Nathalie zesummen. Si ass bildend Kënschtlerin an zeechent - an do hunn ech mir geduecht, dat ass perfekt. Als Schauspillerin schwätzen ech och vill Stëmmen an. Et wier genial, wann déi bildend Konscht an den Theater kéinten zesummen op der Bün sinn, hunn ech mir geduecht. D'Anne Klein spillt mat de Biller a mat der Stëmm, ouni datt si den Adrien Papritz gesäit. Et war net nëmme fir mech, mee och fir d'Schauspiller eng besonnesch Erausfuerderung."