Radioen

On air

  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zukunft vun der Villa Louvigny

Renovatiounsaarbecht

D'Zukunft vun der Villa Louvigny

Den Auditoire vun der Villa Louvigny, dee jo aus den 1950er Jore staamt a wou laang den RTL-Orchester doheem war, huet och nach no den aktuelle Standarden eng remarkabel Akustik. Dat ass eng vun de Conclusiounen, déi an der Renovéierungsprozedur vun deem klasséierte Gebai bis elo virläit.

auto_stories

3 min

Fréier war RTL an der Villa Louvigny, momentan ass de Gesondheetsministère dran. Foto: WikiMedia / GilPe.

Am September zejoert, nach ënner der viregter Regierung, war d'Villa Louvigny als nationaalt Monument aklasséiert ginn. D'Regierung hat deemools d'Renovatioun vun deem historesche Gebai annoncéiert, ënner anerem gouf eng Etude de faisabilité an Aussiicht gestallt.

Kultur kënnt an d'Villa zeréck

Do, wou beispillsweis de Concours Eurovision de la chanson ofgehale gi war, sollen an Zukunft nees kulturell Aktivitéite sinn. Am Koalitiounsaccord geet rieds vun enger Revalorisatioun vum Concertssall a vun engem Site fir kënschtleresch Kreatioun an Ausstellungen. Klassesch Musek kéint am Prinzip nees relativ séier am Auditoire gespillt ginn: Den Ingenieursbüro INCA hätt dem Sall eng remarkabel Akustik attestéiert, erkläert de Patrick Christen.

Well d'Akustik fir Musek ideal ass a fir Stëmmen okay, bräicht een do net all ze vill nozebesseren, sou den Architekt vun de Bâtiments publics. An de 50er Joren, wou den Orchestersall geplangt gi war, wier de Joseph Cordonnie, een Ingénieur conseil an der Akustik aus Frankräich, um Projet bedeelegt gewiescht. Hien hätt de Sall mat engem grousse Soin konzipéiert, an dofir hätt de Sall eng ganz gutt Akustik fir klassesch Concerten, seet de Patrick Christen. Et misst een also net groussaarteg Hand uleeë bei der Akustik.

Villes muss erneiert ginn

Bis elo hätt ee bei der Villa Louvigny emol dat, wat et scho gëtt, ënner d'Lupp geholl. Den Architektebüro Jim Clemes ass mat der Etude de faisabilité fir déi ganz Villa beoptraagt ginn. Luxcontrôle huet de Volet Sécherheet a Konformitéit iwwerpréift a festgehalen, datt d'Sortien aus Sécherheetsgrënn mussen erneiert ginn.

Soss misst virun allem d'Elektresch, Tableauen oder d'Beliichtung erneiert ginn, seet de Patrick Christen. Och d'Sëtzer missten iwwerschafft ginn, och wa se nach gutt géifen ausgesinn. "De ganze Sall ass verkleet am Holz, dee mol méi mol manner perforéiert ass, fir dem Sall déi néideg akustesch Qualitéiten ze ginn. Ech mengen, et ass schonn e super Sall, deen och immens beléift ass bei alle klasseschen Orchesteren."

"De Sall soll bleiwen, wéi en ass"

Well d'Villa Louvigny an Tëschenzäit als nationaalt Monument aklasséiert gouf, misst ee mat Sites et monuments zesummeschaffen, erkläert de Patrick Christen. Et misst een hei awer net vill veränneren, "de Sall soll schonn esou bleiwen, wéi en ass". Et géif en techneschen Trakt iwwer dem Sall ginn, a vum Dach erof hätt een Accès zu engem techneschen Tëscheraum, wou ee gutt nei Technik kéint leeën. Et misst een also keng gréisser Agrëff am Orchestersall maachen.

Wéi eng Käschte mat der Renovatioun vun der Villa Louvigny verbonne sinn ass nach net kloer, seet den Architekt Patrick Christen. Do misst een déi ganz Etüd ofwaarden: ze iwwerpréiwe wier ënner anerem d'Statik vum Gebai an dann och d'Situatioun vun de Parkplaze ronderëm d'Villa. Geplangt ass och eng Cafeteria.

"Zügeg virukommen"

De Patrick Christen seet, et hätt een zwar keng Delaien, mee et géif ee wëssen, datt ee sollt zügeg virukommen, an dat hätt een och wëlles. De Sall soll prioritär behandelt ginn. "Et muss ee wëssen, datt wann een de Sall elo richteg wëllt a Betrib huelen, brauche mir bestëmmten Annex-Raim, wéi zum Beispill Opnameraim, Logen, Vestiairen, Garderoben. Dës Raim sinn de Moment net esou do, mee déi kéinte relativ séier gemaach ginn."

Mat der Politik misst da gekuckt ginn, wat fir Aktivitéite genee d'Villa Louvigny an Zukunft wäerte beliewen.