Radioen

On air

Notturno  |  Eric Chenaux - Hello, How? And Hey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat Besonnescht am Ordinäre fannen

Alice an Adrien Martins

Dat Besonnescht am Ordinäre fannen

Den Adrien an d'Alice Martins si Brudder a Schwëster, an zesumme schaffen si grad un enger neier Kreatioun mam Titel "Echoes' Fantasy". Wéi dat fäerdegt Stéck an Zukunft mol kéint ausgesinn, dat huet de franco-portugisesche Kënschtlerduo d'lescht Woch am Trois-CL zu Bouneweg virgestallt.

auto_stories

4 min

D'Alice an den Adrien Martins maache sech op an eng Dramwelt, déi de gereegelten Alldag hanner sech wëll loossen. Eng imaginär Rees untrieden, do fillt een sech virun allem un d'Kandheet erënnert, wou een dat nach gemaach huet, iert een als Erwuessenen oft just nach eng blatzeg Erënnerung u Fréier huet.

D'Alice Martins erkläert, wéi déi Echoen aus der Kandheet de Wee an dës Kreatioun fonnt hunn:

"Au fur et à mesure que la création a avancé, on s'est rendu compte qu'on a reconvoqué des jeux d'enfants, des personnages, des situations qu'on avait pu vivre dans notre enfance, dans les jeux de mise en scène, de fictions qu'on aimait bien produire."

Ee Gedanken, dee sech erausschielt, ass deen, datt dat Ordinärt aus eisem Alldag eppes Extraordinaires bäigewënnt. Den Adrien Martins explizéiert:

"Au départ on était sur une idée de remettre en question les objets au quotidien et de les transformer, et de créer une sorte de basculer dans un autre mondes avec ces objets-là. Depuis tout petit, on travaille avec ces objets, et on a une manière très particulière de créer qui est presque intuitive. On a toujours eu cette manière de travailler: les objets, convoquer la fiction et se représenter dedans."

Eng Bestandsopnam entwéckelt sech an en expressiven Délire

Konkret heescht dat, datt ganz alldeeglech, reell Objeten vun de Kreateuren geholl ginn, fir sech dann op d'Sich ze maachen, wéi eis dës Géigestänn eppes méi Signifikatives, Organesches kënne bidden:

"Je crois que c'était partir du réel et comprendre comment aborder ces objets en les détourdant, en créant des situations qui virent à l'absurde, à l'étrange. C'était aussi se laisser porter par tout ce que ces objets pouvaient nous révéler, mais aussi nous transformer profondément dans nos corps, dans la physicalité qui allait émerger."

D'Kënschtlerduo invitéiert op eng Spillplaz, op där ee sech wéi e Kand ka fillen, dat sech als Superheld imaginéiert. Esou Erënnerunge gi vun hinne ganz bewosst rekonvokéiert. Dës Spillwiss ass Ufanks eng organiséiert, intim an éischter zréckhalend Affär. Dat ganzt steigert sech awer an eng Zort Délire, eng iwwer-expressiv, iwwer-kierperlech Representatioun.

Vun Ufank u war och d'Charlotte Pistien als Costumière mat un der Kreatioun bedeelegt. Si huet an der Zesummenaarbecht déi richteg Objeten a Matière gesicht, fir d'Visioun vun de Geschwëster Martins nach méi gräifbar ze maachen.

Eng Collaboratioun, déi hir Friichten dréit, wéi den Adrien Martins erkläert:

"Avec ce protocole chorégraphique, être à deux sur scène, cela transcendait l'idée de la pièce et du propos. Depuis le début j'ai une fascination pour tout ce qui est pop. L'identité pop est restée, mais en incluant le travail d'Alice, cela grandissait beaucoup trop pour ma seule personne. J'avais besoin d'Alice avec moi pour aussi créer cette fusion, cette rencontre qui est née du début du processus créatif. On a gardé nos deux identités très fortes et on les a mises ensemble sur scène."

Verbonnenheet mat der Hyperpop-Musek

D'Wierk "Echoes' Fantasy" ass aus engem Solo vum Adrien Martins entstanen. An där Zäit huet de Choreograph sech méi intensiv mam Genre vum Hyperpop beschäftegt - also e Genre, dee gären etabléiert Pop-Lidder nei opleet an duerch eng ganz exzentresch Produktioun iwwerbetount.

Den Adrien Martins versicht heibäi, dat Organescht vun den Objeten mat der Hyperpop-Musek ze verbannen: "On mélange les époques. Pour moi, je ne connecte pas cette musique à cette époque. Il y a quelque chose qui se passe en moi quand je danse avec cette musique. Pour moi c'est comme une hymne."

Seng Schwëster Alice ergänzt, datt den Adrien Martins e ganz speziellt Lidd vun der Kënschtlerin Charli XCX benotzt: "Des visages, postures apparaissent qu'on décide de creuser à l'image de cette musique qui elle va acidifier, creuser, exagérer. Nous, dans nos corps, on essaie aussi d'utiliser ces mêmes degrés comme des filtres ou des déformations sonores qu'on pourrait appliquer à nos corps."