Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Sudden Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat jugoslawescht Shirley Temple

Kroatesch Literatur

Dat jugoslawescht Shirley Temple

De Miljenko Jergović hat sech fir säin 2006 verëffentlechte Roman "Ruta Tannenbaum" (Actes Sud fir déi franséisch Iwwersetzung) un der tragescher Geschicht vun der jonker kroatescher Theaterschauspillerin Lea Deutsch inspiréiert.

auto_stories

7 min

Dem Miljeno Jergović säi Roman hat a Kroatien hefteg Diskussiounen ausgeléist

"ON CHERCHE LA SHIRLEY TEMPLE YOUGOSLAVE!!!

Si votre fille, petite-fille ou petite sœur a moins de dix ans, si elle a le don de la parole, si elle aime réciter le dimanche et pour les fêtes d'anniversaires de ses camarades, si elle n'est pas timide et aime jouer et imiter, et si elle souhaite devenir petite comédienne, alors ne perdez plus votre temps, venez à Zagreb le 29 octobre à 11 heures devant le Théâtre, à la grande audition nationale pour le rôle principal de Metka, dans la pièce intitulée La Maison de Marie la jeune bonne d'Ivan Cankar."

An dat jugoslawescht Shirley Temple hu se och fonnt! Den Theaterregisseur war ewéi ewech vun deem jonke Meedchen, dat sech virun him wärend dem Casting presentéiert huet:

"Branko Mikoci eut des frissons quand les grands yeux de Ruta Tannenbaum se posèrent sur lui. C'étaient les plus grands yeux qu'il eût jamais vus dans sa vie et ils semblaient plus intelligents et plus mûrs non seulement que cette fillette de six ans, mais que tous les adultes réunis dans la salle de danse. (...) Cette petite (...) le regardait de cent façons différentes qu'il arrivait à reconnaître et au moins autant d'autres façons qui lui étaient inconnues, mais pour lesquelles précisément, le théâtre existait. S'il n'y avait pas d'yeux, le théâtre pourrait se jouer dans le noir."

Um Liewe vun der Lea Deutsch inspiréiert

Fir säi fiktive Personnage Ruta Tannenbaum huet sech de Miljenko Jergović (Joergang 1966), den international renomméiertste kroatesche Schrëftsteller, un enger reeller historescher Figur inspiréiert. Dat jüddescht Meedchen Lea Deutsch gouf 1927 zu Zagreb gebuer. Am deemolege Kinnekräich Jugoslawien gouf dat klengt Lea am jonken Alter eng berüümt Theaterschauspillerin: dat kroatescht Shirley Temple haten si et genannt.

De Personnage vun der Ruta Tannenbaum kënnt am Roman nawell ewéi eng arrogant Madämmchen eriwwer:

"'Chers messieurs, fit Ruta en accompagnant ses mots d'un mouvement de tête comme la Suédoise en train d'écarter une longue mèche blonde, le jour où la grande Garbo acceptera de se faire photographier pour Jutarnji list en luciole, je vous demanderai pardon pour tout ce que j'ai dit.' Ce fut ainsi qu'échoua la première tentative de faire figurer à la une d'un quotidien de Zagreb une pièce de théâtre"

Am Mee 1943, ënner dem kroatesche Kollaboratiounsregime, war d'Lea Deutsch deportéiert ginn. Um Wee fir an d'KZ vun Auschwitz war et un Honger a Middegkeet gestuerwen, am Alter vun nëmme 16 Joer.

"J'ai renoncé à écrire la biographie de Lea Deutsch, mais je suis conscient que bientôt disparaîtront les derniers témoins de son existence", schreift de Miljenko Jergović am Nowuert vu sengem 2006 erschéngene Roman "Ruta Tannenbaum". "Je n'ai pas non plus voulu faire un roman sur son destin ni sur celui de sa famille. Le silence est aussi une forme de deuil." Mee d'Plaz an d'Zäit, déi si konkret, an op kee Fall erfonnt, präziséiert de Jergović.

Zagreb tëschent den zwee Weltkricher

Mir sinn a Kroatien, oder besser gesot an der Haaptstad Zagreb, an der Zäit tëschent den zwee Weltkricher. Vun der éisträichesch-ungarescher Herrschaft goung et nom Éischte Weltkrich, aus der Siicht vun de kroateschen Nationalisten, direkt an déi nächst Dominatioun: dat jugoslawescht Kinnekräich gouf nämlech vum verhaasste Belgrad, der serbescher Haaptstad, aus geleet. An och wann déi kroatesch Katholicken ënner d'Fuchtel vun den Orthodoxe gerode sinn: upasse konnt ee sech schonn ëmmer, kommentéiert den Erzieler sarkastesch den Opportunismus vu senge Landsleit:

"Hier, citoyens d'Agram, aujourd'hui, de Zagreb. Avant, austrophiles et partisans de la cause hongroise au point de ne plus parler croate à Zagreb durant les années fastes; et après, serbophiles, grands défenseurs de la famille Karadjordjević et des héritiers d'Oplenac, lèche-bottes de Belgrade, prêts à se signer avec trois doigts, comme les orthodoxes". (...) peu importent les maîtres auxquels les Zagrébois obéissent, ils resteront toujours fidèles à Jésus."

Et ass deen Opportunismus, deen de psychologeschen Hannergrond sollt liwwere fir déi spéider Kollaboratioun mat Nazi-Däitschland. Esou eppes héiert een hautdesdaags a Kroatien net gär. Dofir wonnert et net, datt de Miljenko Jergović, e Kroat, deen am bosnesche Sarajewo gebuer gouf an do opgewuess ass, a Kroatien, wou en haut lieft, ëmstridden ass.

Geschichtenerzieler

De Miljenko Jergović ass een, dee gäre Geschichten erzielt, dee sech fir Land a Leit interesséiert. De Roman, an engem ausschwäifende Stil geschriwwen, wimmelt un Anekdoten, witzeger an tragescher, bleift och emol u Personnagen hänken, déi fir d'Handlung manner wichteg sinn, déi awer, zesumme geholl, e breede Portrait vun der Zagreber Gesellschaft zeechnen - sou gesi wierkt de Personnage vun der Ruta Tannenbaum tatsächlech nëmme wéi e Virwand, virun allem och fir dat jüddescht Liewen vun deemools duerzestellen.

Am Mëttelpunkt steet d'Familljegeschicht vun der klenger Ruta, ugefaange mam Bopa Abraham Singer, dee sech eng éierlech Existenz als klengen Händler opgebaut huet. Well dee laang gezéckt hat, fir säin ängschtlecht obwuel wonnerschéint Meedchen Ivka engem Mann z'iwwerloossen, huet déi jonk Fra sech schlussendlech mam Salamon Tannenbaum musse bestueden:

"Ah, Salamon, Salamon, Dieu t'a donné autant d'intelligence qu'il a mis de safran dans la soupe du pauvre!"

Dee Mantra zitt sech duerch de ganze Roman. Mee de Moni, wéi en och genannt gëtt, ass net nëmmen de komplexéierte Näischnotz, als deen hien eriwwer kënnt. Et ass e Mann, deen och eng däischter Säit huet, e Mann, dee vum Haass op seng jüddesch Identitéit gedriwwen ass, een Haass, dee sech op senger Fra Ivka hire Papp Abraham fixéiert:

"ce fantôme obscur qui ne permettait pas à Moni de s'arracher à ses origines juives et qui préférerait les envoyer Ivka, Ruta et lui dans la tombe plutôt que de les laisser vivre comme des gens normaux."

Eng juddefeindlech Gesellschaft

De Salamon Tannenbaum ass d'Produkt vun enger duerch an duerch antisemittescher Gesellschaft. De Roman weist, wéi juddefeindlech Clichéen den Alldags-Discours vun de Leit gepräägt huet. Dovu war och de Milieu vun den Intellektuellen an de Kënschtler net verschount bliwwen, wéi de Personnage vun der Schauspillerin Hilda Teute, alias Manda Crnogaća beweist. Eng geplangten Tournée vun der Theatertrupp op Wien hat en diplomateschen Eclat mat Nazi-Däitschland ausgeléist, well dat jugoslawescht Shirley Temple eng Jüddin war:

"C'est ce cochon de communiste qui m'a trompée, dit-elle en montrant du doigt Mikoci et en exigeant qu'il fût immédiatement mis en prison et envoyé à Lepoglava. Les inspecteurs ricanèrent sous cape, alors que Kurt demeura de marbre. Elle ajouta ne pas avoir la moindre idée de ce que la petite était juive. L'eût-elle su, non seulement elle n'aurait jamais songé proposer la pièce à un théâtre viennois, mais elle n'aurait jamais permis qu'elle fût représentée à Zagreb."

Mee wéi een dat klengt Ruta Tannenbaum bis punktuell ënner dem méi akzeptabelen Numm Christine Horvath ëmgedeeft hat, du war nees alles an der Rei:

"Et dans notre pays, ces renversements sont presque monnaie courante, c'est pourquoi la capacité d'oubli chez les littéraires et les intellectuels de Zagreb semblait plus développée que la mémoire de leurs confrères dans d'autres pays."

Dem Miljenko Jergović säi Roman gëtt dem Lieser ze spieren, wéi sech dat politescht Klima a Kroatien virum Ausbroch vum Zweete Weltkrich lues a lues verännert hat, wéi den Opportunismus an den Haass vill Kroaten an iwwerzeegte Supporter vum faschisteschen Ustascha-Regime verwandelt hat, an och wéi vill Judden d'Gefor net wollten erkennen. Déi Meescht hunn hiren Aveuglement oder hire Fatalismus mam Liewe musse bezuelen. Dat klengt, dat arrogant, dat naïïvt Ruta Tannenbaum, dat de giele Stär net wollt droen, ass en tragescht Symbol:

"Ruta disait qu'elle ne le porterait jamais, quitte à le payer de sa vie, elle n'avait pas porté le brassard quand tout le monde l'aimait et quand elle était la Shirley Temple de Zagreb, et elle ne pensait donc pas le porter à présent, tandis que ces mêmes gens ne voyaient plus en elle qu'une juive. Ou alors elle porterait l'étoile de David quand ils afficheraient leur croix."