Radioen

On air

Tockcity  |  Gift - Wish Me Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Kale Krich hält ni op"

Film

"De Kale Krich hält ni op"

Den Duo Raúl de la Fuente an Damian Nenow huet sech am Animatiounsfilm "Another Day of Life" mat enger Schlësselepisod an der Karriär vum berühmte polnesche Journalist Ryszard Kapuścinśki (1932-2007) ausernee gesat. De Biergerkrich an Angola war Mëtt de 1970er nom Réckzuch vun der portugisescher Kolonialmuecht ausgebrach. De Konflikt a West-Afrika war ee wichtege Stellvertriederkrich am Kader vum Kale Krich. Interview mam Co-Realisateur Damian Nenow.

auto_stories

7 min

Zeen aus "Another Day of Life" (Foto: CinEast)

Den Animatiounsdeel vum Film ass eng Rekonstitutioun vun Evenementer, sou wéi se de Kapuścinśki a sengem Buch "Another Day of Life" beschriwwen hat. Den dokumentareschen Deel léisst Personnagen zu Wuert kommen, déi dem Journalist deemools iwwert de Wee gelaf waren. Souwuel d'Buch wéi och de Film erzielen aus dem Bléckwénkel vun der marxistescher Guerilla-Beweegung MPLA, mat där de Ryszard Kapuścinśki sympathiséiert hat.

Mir hunn eis am Kader vum CinEast-Festival mam polnesche Realisateur Damian Nenow ënnerhalen.

Interview mam Damian Nenowplay_arrow

Michel Delage: Dir maacht de Portrait vun enger vun de grousse Figure vum internationale Journalismus andeems Dir eng hybrid Technik benotzt, Animatioun mat dokumentaresche Sequenze verbannt. A wéi wäit spigelt dat och de Stil vum Ryszard Kapuścinśki erëm?

Damian Nenow: Am Ufank hat et verréckt geschéngt, déi zwou Filmsprooche mateneen ze vermëschen. An Zesummenhang mam Kapuścinśki sengem geschriwwene Wierk ass et grad de Géigendeel, et ass ganz natierlech. Staark vereinfacht: d'Essenz vum Kapuścinśki sengem Schreiwen huet doranner bestanen, Kreatioun, Allegorie a magesche Realismus mat Fakten, reelle Saachen, reelle Persounen ze verbannen.

Dat hat him erlaabt, aus engem besonneschen Point de vue eraus ze schreiwen, vum Mënschlechen eraus. Et war de Bléckwénkel vun deene Mënschen, déi ëm iwwert de Wee gelaf waren, mat deenen hien Zäit verbruecht hat. Wéi sot hie selwer: fir eng Persoun kennenzeléieren, muss een e puer Deeg mat hir verbréngen, se richteg verstoen, hir vertrauen.

An deem Sënn kann ee soen, datt Animatioun mat Documentaire ze verbannen op déi selwecht Method zeréckgräift. Animatioun gëtt normalerweis als Fiktioun ugesinn, als Kreatioun. De Film ass och eng 100-prozenteg Kreatioun, et ass eis Visioun, op déi mer och stolz sinn. Mir hunn eis un der richteger Geschicht, um Buch inspiréiert, un den Zäitzeien. Dat alles hu mer da jorelaang bis zur Absurditéit verschafft an analyséiert. An dann nees an eiser Animatioun synthetiséiert. Anerersäits hu mer deen dokumentareschen Deel, d'Wourecht, 100-prozenteg Fakten, déi och keen a Fro stellt.

Wéi géif Dir Ären Animatiounsstil beschreiwen?

De Stil ass eng éischte Kéier viru Joren a mengem Animatiouns-Court métrage "Paths of Hate" zum Droe komm. Et war deemools eng Aart Pionéieraarbecht: 3D-Computergraphik-Animatioun, mee stiliséiert fir auszegesi wéi eng Bande dessinée. Dat war laang viru "Waltz with Bashir" [2009, Ari Folman].

D'Haaptcharakteristik vun eisem Stil an "Another Day of Life" ass, datt en zimlech eescht ass. Et gesäit guer net aus ewéi e Cartoon, et ass net fir Kanner, et gëtt keng kannereg Elementer, keng Stilisatioun vu Form oder Anatomie, wou et Leit mat décke Käpp oder groussen Ae géif ginn. D'Anatomie an d'Proportioune si relativ realistesch, d'Kamerabeweegunge si realistesch, souguer ultrarealistesch - dat war d'Schlësselelement.

Zeen aus "Another Day of Life" (Foto: CinEast)

Een anert Element ass d'Motion capture-Technik...

Verschidde vun dëse Kameraen hu mat der Motion capture-Technik fonctionnéiert, als Referenz fir d'Animateuren, déi duerno op deem Material geschafft hunn. Mir hunn do schonn eis Tricken, fir d'Beweegungen zimlech realistesch ze gestalten. An da si mer och scho beim Montage. Mat dësem Filmmaterial gëtt méi montéiert wéi an traditionelle Filmer, och de Stil vum Montage ass iwwregens ganz realistesch.

Et sinn am Fong nëmmen déi méi reng visuell Sequenzen, déi stiliséiert sinn. Do huet een eng ganz Bandbreet vun Ausdrocksméiglechkeeten zur Verfügung. Dir kënnt mat Faarwe spillen, mat graphescher Vereinfachung, mat der Distanz...

An Dir kënnt seriell Saache schafen, deen Deel, deen ech am léifsten hunn. Am Film hu mer vill dorop opgebaut - mir hunn des surrealistesch Sequenzen "Dram-Sequenze" genannt. Se waren net als Kommentaren op d'Handlung geduecht oder fir weider Geschichten z'erzielen. Et ass drëms gaangen, Gefiller zum Ausdrock ze bréngen, op eng ganz impressionistesch Aart a Weis.

An deem Zesummenhang hat de Kapuścinśki de Konzept vu "confusão" benotzt. Wat ass dat, a wéi hutt Dir dës Iddi ëmgesat?

De Problem mat der "confusão" ass, datt et keng Méiglechkeet gëtt, se duerzestellen. Dir kënnt se net an engem Film oder op enger Foto festhalen. Iergendwéi besteet se tëschent den Zeilen. Et ass een état d'esprit, een Zoustand vu massiver Paranoia, eng Zort Fal, Dreifsand... Eng Situatioun, an där de Konflikt fir sech selwer do steet, kee méi ka sech méi drun erënneren, firwat et de Konflikt gëtt - eppes wéi e perpetuum mobile... Et versteet een net wat grad geschitt, et ass ee Moment, wou een et mat der Angscht ze di kritt, an dat féiert nees zu Haass a Krich...

A sengem Buch "Another day of Life" hat de Kapuścinśki des "confusão" op fënnef Säite beschriwwen, fir mech ee vun de beandrockendste Passagen am Buch, eppes wat mech immens inspiréiert huet. Des mysteriéis "confusão", déi am Kapp vun enger Persoun entsteet an da ganz Kontinenter erfaasst.

Eis, als Realisateure vun Animatiounsfilmer, huet des Zort vu Beschreiwung nawell stimuléiert, des Visioune vu Realitéiten a Welten, déi op d'Kopp gehäit, ausernee geholl an nees zesumme gesat ginn. Mech erënnert dat un "Die Unendliche Geschichte" [1984, Wolfgang Petersen], deen emotional wichtegste Film fir mech, mat där Welt, déi sech zersetzt. An deem Sënn huet mech och dem Christopher Nolan säin "Inception" [2010] staark beandrockt.

Den Damian Nenow am Gespréich mam Michel Delage

Komme mer zeréck bei de Personnage vum Ryszard Kapuścinśki, besonnesch seng Positioun als "embedded journalist" am Krich. Wéi beuerteelt Dir seng Positioun, säin Dilemma? War et eng richteg Decisioun, méi Militant wéi Journalist ze sinn, wuelwëssend, datt een als Journalist d'Objektivitéit am A huet?

Doriwwer gëtt ëmmer nach debattéiert, an et wäert - mengen ech - och nach laang driwwer debattéiert ginn. Et goufen ëmmer och e bësse Kontroversen, dat versteet sech eigentlech vum selwen. Et ass wéi an der Quantephysik, wou den Observateur de Laf vun den Evenementer verännert.

Mee dat läit och um Kapuścinśki selwer. Hien hat dacks drop verwisen, datt een Zäit mat enger Persoun muss verbrénge fir se kennenzeléieren, Vertrauen opzebauen, Kollegen ze ginn. Hien huet misste ganz andauchen, wat natierlech net dee beschte Wee ass, fir déi ganzen Zäit objektiv ze bleiwen. Dat war seng Approche, déi et him erlaabt hat, seng Bicher esou ze schreiwe wéi mer se kennen.

Eigentlech ass dat och kee gréissere Problem méi. A Polen ass hien ëmmer nach eng Ikon, a mir hunn en och dofir gär, dat ass d'Essenz vum Kapuścinśki, mat där hien och Succès hat. D'Kontroversen ëm seng Persoun sinn een Nieweschauplatz.

Am Film seet de Kapuścinśki, datt e kale Krich ni ophält. Wann ee kuckt wat de Moment an der Welt passéiert, ass dat nach ëmmer richteg...

Absolut. Dat ass eng onheemlech Wourecht. De Kapuścinśki sot och, datt déi "confusão", vun där mer virdru geschwat hunn, des massiv Paranoia, mat all Schrëtt nëmmen nach méi schlëmm gëtt. Et ass eng paradox Situatioun an där Leit, déi "ee Plang hunn", um Enn eng Uerdnung schafen, déi méi schlëmm ass wéi de Chaos. An där Situatioun si mer och elo nach.

De Ryszard Kapuścinśki war der Meenung, datt deen Zoustand ëmmer wäert zeréck kommen, et kritt een och ni den Duerchbléck. Et war ee vu senge gréissten Dämonen. Am Fong hat hie versicht, de Krich an sengem Wiesen ze verstoen, mee et gëtt keng ultimativ Äntwert. Dat war seng Konklusioun no Angola 1975: Dir wäert des "confusão" net kënnen duerchbriechen, et wäert ëmmer zeréck kommen. Dat selwecht gëllt fir de kale Krich, och eng Zort geopolitesch, global "confusão". Ech hoffen net, mee d'Symptomer sinn ëmmer erëm z'erkennen...


"Another Day of Life" leeft nach eng Kéier, am Kader vum CinEast-Festival, den nächsten Donneschdeg um 21h am Utopia.