Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Laf vum Liewen an der Villa Vauban

Konscht fir jiddereen

De Laf vum Liewen an der Villa Vauban

"Le cours de la vie" ass den Titel vun der aktueller Ausstellung vun der Villa Vauban. An aacht Kapitelen an 80 Tableauen a Skulpturen erlieft de Visiteur, wéi Kënschtler vum 17. bis 20. Joerhonnert hir Zäitgenossen a verschiddene Liewensetappen erlieft hunn.

auto_stories

4 min

All Liewen op der Äerd ass engem Kreeslaf ënnerworf, deem kee sech entzéie kann. Deem sech vill Mënschen awer ganz gären entzéie wéilten. Medezin an Technik gi konsequent an déi Richtung. Déi nei Expo an der Villa Vauban kéint ee scho bal wéi e Statement gesinn: Mat der Konscht an d'Vergaangenheet kucken a fréier Wäerter nei schätze léieren.

D'Conservatrice vun der Villa Vauban Gabriele Grawe gesäit se als eng Aluedung fir driwwer nozedenken, wat de Laf vum Liewen ass. "Et ass een Thema, mat deem jiddereen eppes ufänke kann. Well jidderee lieft, a säin eegent Liewen huet a Liewensofschnëtter erlieft, op déi hien zréckkuckt, wann hie méi al ass."

Konscht erliewen, fir se ze liewen

Scho beim éischte Kapitel a Wierk zum Thema "Den Ufank vum Liewen" gëtt kloer, datt an der Villa eppes anescht ass. Virum Paul Delaroche sengem Tableau "les joies d'une mère" steet en Dësch matten am Raum. Mat engem Taaschtmodell vum berühmten Delaroche-Wierk. D'Maquette, e Relief, ass aus Holz, Duch, Gips a Koffer-Elementer a soll en neien Zougang zu der Konscht erméiglechen. Dat selwecht am zweete Raum, fir dee Lëtzebuerger Designer verschidde Costume-Accessoiren, déi op de Peinturen eng Roll spillen, nei kreéiert hunn.

Wéi huet sech e Bouf am 17. Joerhonnert gefillt, wann hie sech als Jeeër verkleet huet? Fir dat no z'empfannen, kann de Visiteur d'Kopie vum Pieter Nason sengem gemoolten Hutt opdoen an dem Bouf seng Positioun anhuelen. Konscht erliewen, fir se ze liewen, fir sech selwer méi oder manner déif Froen zum Laf vum eegenen Liewen ze stellen. Wou d'Mënschen haut Selfies maachen, se online posten, an esou eventuell entdeckt ginn, hu räich Famille fréier Portraite vun den Duechteren a Filssen am Bestietnesalter mole gelooss. "Jeunes adultes et couples inégaux" ass d'Kapitel an der Villa Vauban iwwerschriwwen.

Ongläich Koppelen, well d'Gabriele Grawe Fraen a Männer zesummebruecht huet, déi raimlech an zäitlech ni verbonne waren. Dat klassescht Mann-Fra-Bild géif et hautdesdaags net méi ginn. "Et gëtt gläichgeschlechtlech Bildnisser, an och dat musse mir ëmmer matbréngen als ee Gedanken oder eng Méiglechkeet. Do hate mir mat dësen ongläiche Koppelen d'Chance, Porträten a Bildnisser zesummenzebréngen, déi eigentlech näischt mateneen ze dinn hunn."

Och mol elle Säite weisen

De Jacques Sturm, de Fernand D'Huart, de Marco Godinho an de Franz Seimetz si véier Lëtzebuerger Moler, déi bei der "Liewenslaf-Expo" dobäi sinn. De Seimetz direkt mat dräi Tableaue ganz um Wupp vun der Ausstellung: Am Raum vum Enn vum Liewen. Fir d'Gabriele Grawe awer keng Sakgaass, éischter esouguer e Point de Depart fir eppes Neits. Si fënnt bei him interessant, datt hie sech effektiv mat der Doudessymbolik ausernaner setzt. Et géif ee gesinn, datt hie sech net genéiere géif, och déi manner schéi Säiten duerzestellen.

De Laf vum Liewen also net onbedéngt als schwéiere Kascht, mä als Summerouverture. De Musée mécht sech op fir jiddereen: Fir Konschtbegeeschterter, Mënsche mat Behënnerungen, fir Sonndeslieser an Analphabeten, grad esou wéi fir Grousseltere mat hiren Enkelkanner.

Am Kapitel "Déieren, d'Compagnone vum Mënsch" hänken d'Tableauen extra déif, et ginn zwou lëschteg faarweg Krabbeldecke fir Kanner, mat Motiver vun den Tableauen, déi déi Kleng och erof "ritsch-ratschen" an enzwousch anescht festmaache kënnen.

"Un musée pour tous"

D'Villa-Equipe huet ee Joer laang net nëmmen un der Ausstellung geschafft, mä och seng Visiteuren am A behalen. Duerno hu si mat ASBLen a mat der Madeleine Kayser vun der Stater "Administration pour intégration et besoins spécifiques" de Projet "un musée pour tous" ausgeschafft. D'Madeleine Kayser géif ëmmer vun "Design for all" schwätzen, seet d'Gabriele Grawe.

Et géif een eppes zur Verfügung stellen, dat als Offer ouni vill Erklärungen notzbar wier. "An do ginn et natierlech einfach Saachen, wéi taktil Maquetten, déi selbstverständlech gemaach sinn, fir Leit déi net gutt, respektiv guer net gesinn. Mir hunn awer och gesinn, datt dat gutt mat Kanner funktionéiert, déi e Problem mat der Opmierksamkeet hunn," seet d'Gabriele Grawe. Et wier net fir eng speziell Zilgrupp.

"Un musée pour tous" steet net vun haut op muer, mä verännert sech souzesoen am Gebrauch. Datt alles am Liewe mat Kompromësser ze dinn huet, huet d'Equipe vum Musée no an no léiere missen. Bei de Gespréicher mat Veräiner fir Mënschen, déi net gutt héieren oder net gutt gesinn, hätt déi eeler Generatioun nach d'Brailleschrëft beherrscht. Déi méi Jonk hätten awer alles mat hirem Smartphone gemaach. "An do musse mir dann ee Wee fannen, dee souvill Mënsche wéi méiglech erreecht", seet d'Gabriele Grawe. "Et ass een Ufank."