Radioen

On air

Nei Musek  |  Nei Musek

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Lionel Sabatté um Wandhaff an op der Art Brussels

Sculpteur

De Lionel Sabatté um Wandhaff an op der Art Brussels

De Fransous Lionel Sabatté ass 1975 zu Toulouse gebuer, huet tëschent sengem 10. a sengem 20. Liewensjoer op der Île de La Réunion gelieft a war dunn an engem éischte Beruffsalldag Sportscoach. D'Ausdauer, d'Loscht eppes ze leeschten, huet hie mat a seng zweet Carrière geholl: de Sabatté huet op der Paräisser Ecole nationale des Beaux-Arts nach emol alles ginn, 2003 ofgeschloss an 2011 eng Aart Duerchbroch als Moler a Sculpteur erlieft.

auto_stories

2 min

Also e bësse sportlech ass hien nach, de Lionel Sabatté: hie schaaft Gymnastikapparater fir eis Imaginatioun. Dat ass gutt fir de Kapp, also fir d'Gesondheet. Fäerdeg verpaakte Messagë liwweren anerer.

Fossilien als Basis

Dem Lionel Sabatté seng Peinturen, Groussformater an 2D, sinn abstrakt, seng Skulpturen, also säin 3D, figürlech. De Stoff, aus deem dem Lionel Sabatté seng Dreem sinn, ass organesch, mee, kleng Präzisioun, mausdout.

D'Basis vu sengen Ueleg- oder Acrylfaarwe si Fossilien, fir seng ganz perséinlech Fauna a Flora benotzt hien ofgestuerwent Planzematerial, Huff, ofgebass Neel, Stëbs, raschtege Metall.

Wat ass lieweg?

Saache gi lieweg, wa se dialogéieren: dat ass fir Kanner evident. E Petzi ass erwuesse gekuckt allerdéngs dout. Deemno ass de Lionel Sabatté op der Sich no enger Redefinitioun vum Liewegen, vun engem anere Bléck. Zum Beispill am Paräisser Metro.

Des moutons pour faire des loups! Duerch säi Stëbs-Ruddel Wëllef, dat hie fir d'FIAC, d'Paräisser Konschtfoire, sculptéiert hat, ass och d'Ëffentlechkeet op de Lionel Sabatté opmierksam ginn.

E Liewen tëschent zwee Stied

De Lionel Sabatté beschäftegt sech am Alldag intensiv mat zwee Labyrinther: hie lieft nämlech bal zu Paräis, bal zu Los Angeles.

Dohannen huet hien och d'Galeriste Ceysson et Bénétière kenne geléiert, déi vun enger Sabatté-Expo an der City of Angels esou begeeschtert waren, datt si hie mat sengen Aarbechten op de Wandhaff invitéiert hunn.