Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Madonna - Into the Groove

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Renert" am Beetebuerger Schlass

Kaleidoskop-Theater

"De Renert" am Beetebuerger Schlass

"Et war esou ëm Päischten, ‘t stoung alles an der Bléi", ass den éischte Saz aus dem Michel Rodange sengem Lëtzebuerger Literaturklassiker "De Renert" oder "De Fuuss am Frack an a Maansgréisst". De Kaleidoskop Theater weist ëm den 140. Doudesdag vum Mechel Rodange "De Renert" op der Bühn vum Beetebuerger Schlass.

auto_stories

3 min

André Mergenthaler a Jean-Paul Maes

Am Joer 1872, fënnef Joer virum sengem Doud huet de Mechel Rodange säi Renert eraus bruecht. Et ass och fir d'Regisseurin Eva Paulin erschreckend wéi aktuell dem Rodange säin Text och haut nach ëmmer wier. D'grouss Qualitéit wier, datt et einfach grondleeënd mënschéech Schwächten a Stäerkten uschwätze géif. "Déi Allegorie oder Fabelform mat den Déiere léisst natierlech de Rodange vill méi fräi mat verschiddene Feeler oder Schwächte vun der Gesellschaft ëmgoen."

De Renert, och haut nach aktuell

D'Aktualitéit vum Renert kristalliséiert sech och eraus, wann een den Text a senger aler Form léisst an net moderniséiert. D'Regisseurin mengt, et géifen och do Saache gesot ginn, déi een ënnert anerem op den amerikanesche President applizéiere kéint. D'Evenementer déi mir an der Politik oder an der Gesellschaft erliewen, wiere gefierft vum Zäitgeescht an d'Striewe vun de Mënschen hätt sech zanter der Zäit vum Michel Rodange net geännert.

Och dem Lëtzebuerger Acteur Jean Paul Maes no huet sech zanter dem Rodange senger Gesellschaftskritik vun deemools kaum eppes geännert. "Et ass ëmmer nach ee Sak voll Kriibsen wou een deen aneren zwéckt. Déi Iewescht gi bejubelt an déi Ënnescht ginn zerdréckt." Den Theater huet senger Meenung no nach ëmmer eng Aufgab fir bestëmmte Saachen ze benenne wéi zum Beispill Dysfonctionnementer an der Weltpolitik. "Mir sinn am Theater och verflicht viru sou Saachen ze warnen. An dat huet de Michel Rodange mat sengem Text, wat jo a priori och keen Theaterstéck ass, par excellence gewisen."

Haut méi schwéier wéi deemools

De Jean Paul Maes beschäftegt sech scho ganz laang mam Rodange sengem Renert. Seng Gedanken an Approchen zum Text hu sech mat der Zäit net geännert, just säi Spillen hätt geännert. Fir hie wier et eppes anescht, de Kinnek an enger grousser Inzenéierung vum Frank Feitler viru 25 Joer ze spillen, oder eleng all d'Déieren ze spillen an den Text z'erzielen. Et géif hien haut vill méi Kraaft kaschte wéi deemools, well hie sech haut ëm dat ganzt Wierk op der Bühn géif këmmeren. Bei de Repriseprouwen hätt hien den Alter och gespuert. "Et fält engem ëmmer e bësse méi schwéier dat ass wouer."

Net ëmmer witzeg, genee wéi d'Liewen

Mat sengem Cello encadréiert den André Mergenthaler de Jean Paul Maes an den Text. Am Ufank hätt hie sech virgestallt, datt dat Ganzt e bësse wéi bei enger Oper wier, wou den Orchester ganz verschwënnt a just nach ee Museker géif iwwreg bleiwen. "An do hunn ech mech vill inspiréiert vun Opermusek, sou kleng Extraite vum Verdi, Wagner a Laufenbach. Dat war bëssen d'Basis an natierlech sinn aner Saache bäigefléckt. Méi originell awer ni bei den Hoer erbäi gezunn."

D'Musek ass ofwiesslungsräich, vu éischter schwéieren musikaleschen Amenter bis hin zu liichten Operettekläng. Dem André Mergenthaler no wier et e bëssen dramatesch an e bësse witzeg, wéi et am Renert wier. "Et ass alles dran wéi et am Liewen eben ass. Et ass net ëmmer witzeg mä bon."