Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Stoff vun der Medea grëffeg an Zeen gesat

Theaterkritik

De Stoff vun der Medea grëffeg an Zeen gesat

Dem Euripides seng Tragedie "Medea" erzielt d'Geschicht vun enger Mamm, déi hir Kanner ëmbréngt. Den Theaterklassiker ass vum Regisseur Rafael David Kohn nei an Zeen gesat ginn. De Romain Butti war d'Stéck kucken.

auto_stories

3 min

Liedereg Baachen hänken erof, grouss a kleng Podester sti beieneen, et läit Sand um Buedem, deen an ee waarmt Liicht gezappt gëtt. Dës "Medea", an der Iwwersetzung an Adaptatioun vum Regisseur Rafael David Kohn wielt eng äerdeg Approche, sec a pointéiert - hei kollidéiert d'Wiermt mat der Keelt vun der Vengeance, vum Verdriwweginn - och dovun, wéi Léift a pueren Haass kann iwwergoen.

Dëst ka ganz séier geschéien, wéi mir gesinn: D'Medea gëtt vun hirem Mann Jason verlooss a gëtt mat hire béide Kanner aus dem Land verbannt. Doropshinn plangt d'Medea, net just dem Jason seng nei Fra ëmzebréngen, mee och hir eegen zwee Kanner, déi si mat him huet. Mécht si dat aus Léift, aus Vengeance, oder vläicht wéinst béidem?

Mir gesinn en Dekor - d'Bünebild ass vun der Anouk Schiltz - wéi no enger Apokalyps, eng nawell onheemlech Spillplaz, an där d'Tragedie well laang virdrun ugefaangen huet, iert mir - d'Spectateuren - déi eigentlech tragesch Momenter, eréischt gesinn.

Verdriwwen, verlooss, aus op Vengeance

D'Medea selwer, gespillt vun der Brigitte Uhrhausen, bitt vill staark Momenter. D'Schauspillerin iwwerzeegt mat dem Lamentéieren, der Roserei - dem Konflikt, deen d'Medea duerch hir Aktiounen nach weider unheizt - et geet ee mat, empathesch, schockéiert, am Leed.

Erausgerappt gëtt an da leider ëmmer erëm duerch net ëmmer ganz reusséiert prononcéiert Englesch vun aner Acteuren - wat schued ass, well et awer fir eng onnéideg Oflenkung suergt.

Et sinn awer déi Momenter, an deenen de Jason op der sandeger Bün steet, déi besonnesch erausstiechen. Autoritär, rosen, an "onverschimmt" ass de Jason, an de Nicholas Monu spillt hien ganz formidabel a mat enger Presenz, déi immens wëllkomm ass, bleift d'Stéck dach plazeweis eng Grëtz monoton.

Staark Momenter trotz monotone Passagen

Läit dat dorun, datt d'Echangen tëschent Medea a Jason laang just op deem selwechte Peegel sinn? Oder gëtt eis doduerch ëmsou méi bewosst, wéi Schicksal an Ongléck am Fong net opzehale sinn? Op Dauer ass de Risk, datt dat op daf Oueren trëfft.

Wéi an enger Kampf-Arena ass d'Medea der Muecht vum Jason fir d'éischt emol ënnerleeën - déi ronn Podester ginn an der Sandkëscht dacks nei arrangéiert - esou, wéi sech eben d'Muechtverhältnisser nei forméieren. Um Buedem Bunnen, déi um Ufank nach vun engem Plou gezu goufen - si verwëschen ëmmer méi, gi plattgetrëppelt, a Sand gëtt duerch d'Loft gehäit - an der "Medea" trëfft Kalkül op Affekt, deen iwwerkacht. Wat bleift, ass Zerstéierung... mee wat ass gewonne ginn? Dem Euripides säin zwee an en halleft Joerdausend ale Stoff ass hei ganz grëffeg a markant reinventéiert an an Zeen gesat ginn.