Radioen

On air

De Weekend  |  Tagua Tagua - Pra Trás

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi eege Männlechkeet hannerfrot

"331 grams" vum Isaiah Wilson

Déi eege Männlechkeet hannerfrot

Gutt 300 Gramm weit e mënschlecht Häerz. Den Dänzer Isaiah Wilson huet um Monodrama Festival seng Kreatioun "331 grams" virgestallt, an där hien déif a säin Häerz ablécke léisst - an dobäi och mat sech an d'Geriicht geet.

auto_stories

2 min

Et schéngt esou, wéi wann d'Männlechkeetsbild sech schwéier deet, sech ze veränneren. Wéi schwéier weit alles dat, wat e Mann ze sinn huet? Männlechkeet, Selbstreflexioun, Vulnerabilitéit a Schwächt - geet dat Hand an Hand?

Den Isaiah Wilson huet sech als Choreograph an Dänzer vu senger Kreatioun "331 grams" mat der Positioun vum Mann an der Gesellschaft vun haut beschäftegt. Virgestallt huet hien seng Pièce am Kader vum Monodrama Festival an der Banannefabrik.

Bedreelech a gläichzäiteg vulnerabel

An der däischter-minimalistesch gehalener Kreatioun "331 grams" erfuerscht den Isaiah Wilson d'Männlechkeet an den Ëmgang, oder d'Erwaardunge vis-à-vis vun der Maskulinitéit an der Gesellschaft. Dëst op eng gläichzäiteg bedreelech a verletzlech Aart a Weis.

"Vill Männer hunn Angscht hir Männlechkeet ze verléieren. Dat kompenséieren si duerch Aggressiounen, a versichen, hir Männlechkeet zréckzekréien. Mat wat heescht dat? Vill Männer zéien sech zréck, och emotional, fir datt si hir Männlechkeet net verléieren."

Net wéineg Männer tendéieren dann och dozou, hir Maskulinitéit iwwerzebetounen.

"Ech hunn dat bei mir selwer erlieft, zemools als Jong, deen danzt. Dacks hunn ech misse meng Männlechkeet beweisen, a kompenséieren duerch mäi Verhalen an der Gesellschaft. Dat hei Stéck gräift dës sensibel Plaz op, an erlaabt et mir, méi oppe mat menger Männlechkeet ëmzegoen. Dat ass net onbedéngt negativ konnotéiert, ass awer duerch déi patriarchal Gesellschaft geschiedegt gouf."

"Et ass e Battle mat sech selwer"

Dem Isaiah Wilson säin Häerzschlag ass dobäi riichtduerch ganz no ze spieren: Ee mat de Lautsprecher verbonnene Stethoskop leet dem Dänzer säi Bols oppe fir jiddwereen, a bitt an engems e rhythmesche Klangteppech, deen een déif a sech dra fillt.

"Wat ech méi schnell danzen, wat mäin Häerz méi schnell schléit - a wat mäin Häerz méi schnell schléit, wat ech méi séier danzen. Et ass ee Battle mat sech selwer, eng Vulnerabilitéit, déi direkt Konfrontatioun, virun där een sech net ka verstoppen."