Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi strategesch Bedeitung vu Lëtzebuerg ënnert den Habsburger

Geschicht

Déi strategesch Bedeitung vu Lëtzebuerg ënnert den Habsburger

Déi nei Nummer vun der Zäitschrëft Hémecht (2021/1) setzt hire Schwéierpunkt op Bäitreeg iwwer d'Lëtzebuerger Geschicht am 18. Joerhonnert, dorënner den Ausbau vun der Verkéiersachs Bréissel-Namur-Lëtzebuerg.

auto_stories

4 min

An engem éischten Artikel setzt sech de Guy Thewes mat der Strooss Lëtzebuerg-Namur-Bréissel als Facteur vu wirtschaftlecher Entwécklung auserneen. Zënter dem 14. Joerhonnert schonn hate zwou Stroossen Namur a Baaschtnech matenee verbonnen. Am Ufank vum 18. Joerhonnert sollt déi Kommunikatiouns-Achs ausgebaut ginn, virun allem och fir Kolonialwueren, déi zënter 1715 um Hafe vun Ostende ukomm waren, via Lëtzebuerg an Däitschland, Loutrengen an d'Schwäiz weider ze transportéieren.

De Verkéier iwwer d'Streck Namur, Marche a Baaschtnech hat eng Zäit laang gutt fonktionnéiert. Dat Ganzt hat awer en Hoken : d'Strooss war deelweis iwwert den Territoire vun der Principauté de Liège verlaf, déi de Wuerentransit nawell kräfteg taxéiert hat. Dat huet missten zu Tensioune féieren a 1737 war ee véier Joer laangen Douaneskrich ausgebrach.

Avantagë vun der neier Verkéiersachs net kloer

Eng nei Streck Bréissel-Namur-Lëtzebuerg gouf dofir geplangt. Si sollt de Lécker Territoire ëmgoen an eleng iwwer Habsburger Terrain féieren. No laangem Hin an Hier tëschent der Zentralregierung zu Wien an de Provënze respektiv Staaten gouf se 1765 vun der Keeserin Maria Theresia an Optrag ginn an duerno ëmgesat.

Entgéint franséischen Ängschten hätt dës nei Verkéiersachs kee gréissere militäreschen Notze mat sech bruecht, an och déi wirtschaftlech Avantagë sinn ëmstridden, notéiert de Guy Thewes. Fir den Historiker relativéiert schonn eleng d'Existenz vun där Streck d'Iddi vun enger geographescher Isolatioun vu Lëtzebuerg, déi eréischt mat der Industrialiséierung am 19. Joerhonnert opgehuewe gi wier.

D'Peripetië vun deem Projet géifen och weisen, datt den Impuls vun de Reformen am 18. Joerhonnert ënnert den Habsburger net eesäiteg vun der Zentralregierung koum, mee duerchaus och vun de lokalen Entitéiten. Iwweregens kann een ervir hiewen, datt deemools scho gréisser Infrastrukturprojeten vill méi deier gi si wéi uganks geplangt : aus de geschaten 18.000 Florin goufen et um Enn Käschte vun ongeféier 417.300 Florin, also 23 Mol méi.

Schwéier Artillerie op d'Festung Lëtzebuerg verlagert

Ëm d'Bezéiungen tëschent der Zentralregierung vum Habsburger Räich an der Provënz geet et dann och an engem weideren Hémecht-Bäitrag. De Ralph Lange huet eng Korrespondenz op Beamtenniveau vu Mäerz-Mee 1748 ausgewäert.

De franséische Kinnek hat wärend dem éisträichesche Successiounskrich dee gréissten Deel vun den éisträicheschen Nidderlanden, wat der haiteger Belsch entsprécht, militäresch eruewert. D'Festung Lëtzebuerg war vun deem Feldzuch verschount bliwwen - bis op Weideres. Fir sech op all Eventualitéit virzebereeden, sollt schwéier Artillerie vu Frankfurt a vu Nürnberg op Lëtzebuerg verluecht ginn.

Eleng schonn aus dem Bléckwénkel vun der Logistik war et eng ëmständlech Operatioun, an d'Zäit war e wichtege Facteur: de Courrier tëschent Wien an Nürnberg via Postkuréier konnt scho mol bis zu enger Woch brauchen. An och politesch war dat alles net selbstverständlech, well Uerdere vun der Keeserin net onbedéngt vun all den Entitéite vum Habsburger-Räich ouni Diskussioun ëmgesat goufen.

Fir de Ralph Lange dokumentéiert d'Korrespondenz vun de 14 Bréiwer déi militäresch Mainmise vun der Zentralregierung zu Wien. Déi konnt beispillsweis lokal Decideuren u sech bannen andeem se hinne Karriärméiglechkeeten an Aussiicht gestallt hat. Duerch de finanziellen Opwand, deen d'Festung Lëtzebuerg mat sech bruecht hat, stellt déi sech iwwregens als déi wichtegst Festung vun den deemolegen éisträicheschen Nidderlanden eraus, sou de Ralph Lange.

Provisoresche Schutz fir éisträichesch "Flüchtlingen"

Bal en Halleft Joerhonnert méi spéit sollt d'Festung Lëtzebuerg den éisträichesche Beamten an Zaldote provisoresch Schutz bidden. D'Revolution brabançonne vu 1789-90 hat d'Generalgouverneure Maria-Christina von Österreich an den Albert von Saxen-Teschen an d'Flucht gedriwwen. Deen Deel vun den éisträicheschen Nidderlanden, deen net vum Opstand betraff war - haaptsächlech Lëtzebuerg- gouf dunn och vun hei aus verwalt, iwwert déi sougenannte Jointe de Luxembourg.

Den Tom Birden huet dës Verwaltung opgrond vun zwee Fonge vun de Bréisseler Archives du Royaume ënnersicht. Well séier och Lëtzebuerg an d'Viséier vun de belsche Patriote gerode war, gouf d'Festung op eng méiglech Belagerung virbereet, an de Sëtz vun der Jointe op Tréier verluecht. De konkrete Fonctionnement vun der Jointe zu Lëtzebuerg hëlt den Tom Birden an engem zweeten Deel vu senger Etüd, deen an der nächster Hémecht-Nummer soll verëffentlecht ginn, méi genee ënnert d'Lupp.