An Zukunft soll dem Konschtexpert Lutz Teutloff seng Kollektioun "The Contemporary Family of Man" mat der berüümter Edward-Steichen-Family dialogéieren. Den Teutloff huet an den 1980er ugefaange seng Sammlung iwwer véier Joerzéngten opzebauen.
Zanterhier ware verschiddener vun de 500 Fotoen, Videoen, Installatiounen ënner anerem a sengem virtuellen Teutloff Museum Bielefeld ze gesinn. D'Kollektioun gouf awer net méi historesch oder materiell opgeschafft. Dofir sinn am CNA zanter 2017, an de Summerméint, verschidden Experten am Asaz. D'Kerstin Thalau huet sech mat zwou Foto-Restauratricen ënnerhalen.
Zanter 2010 war de Lutz Teutloff a Kontakt mam CNA. De fréiere Moud-Konfektionär, duerno Galerist, da Konschtsammler, wollt deen Deel vu senger riseger Privatkollektioun, deen hie mat "The Contemporary Family of Man" iwwerschriwwen hat, a gudden Hänn wëssen.
Vue datt dem Edward Steichen säin Ierwen am CNA versuergt gëtt, huet deen him déi ideal Plaz geschéngt. Kuerz éier den Teutloff 2017 gestuerwen ass, koume seng knapps 500 Wierker vun deels renomméierten internationale Kënschtler, an de CNA-Archiven zu Diddeleng un.