Radioen

On air

Notturno  |  First Mote - Middlecroft

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Patrick Galbats seng Vue vun engem "Waiting Room"

Ausstellung

Dem Patrick Galbats seng Vue vun engem "Waiting Room"

De Patrick Galbats, Joergang 1978, war fir verschidden ONGen am Ausland op Fotoreportage. Hien huet wärend sechs Joer Biller fir d'Lëtzebuerger Land geschoss a sech mëttlerweil als fräien Dokumentarfotograf en Numm gemaach. Seng Serie fir d'Oeuvre ass am Cercle Cité ze gesinn.

auto_stories

2 min

Ënner dem Titel "Aus dem Wartezimmer des Krieges" hat de lëtzebuergesche Schrëftsteller, Journalist a Feuilletonist Batty Weber eng Publikatioun vu senge Sammlunge vun dagdeegleche Kalennerblieder erausginn.

Doranner hat hien déi insupportabel Situatioun zu Lëtzebuerg virun a wärend dem Éischte Weltkrich beschriwwen: d'Land war 1914 vun däitschen Zaldoten iwwerrannt ginn, houng duerno awer an engem onheemleche Waardeloop fest, an deem kee wousst, wat geschéie géif.

An der Salle d'attente

2016 huet de Fotograf Patrick Galbats provisoresch Flüchtlingsheemer, Konschtcoursen an Aarbechtsinitiative fir Refugiéë queesch duerch de Grand-Duché besicht, Mënsche begéint, déi dat reellt Ausmooss vu Kricher erlieft haten an trotzdeem an enger Aart Salle d'attente am Ausland fest souzen. Seng Fotoserie, déi d'Atmosphär vun de Lieuen erëmgëtt, esou wéi hie se gespiert huet, huet hien dowéinst "Waiting Room" genannt.

Am "Waiting Room" hänken zum Beispill Portraite vun aacht Männer, déi an e Chalet um Camping zu Buerschent parquéiert goufen, vun engem gesäit een op enger anerer Foto just eng Hand, déi en iPhone hält. Niewendrun am Flou: säin Tubak an e Briquet.

Um Display vum Handy flaamt et tatsächlech. Opname vum Krich? Nee Filmer, an deenen den Iraker am Irak an an Ägypten matgespillt huet.

Méi wéi just Portraiten

An den therapeutesche Konschtateliere vun Alter & Ego halen Hänn dem Patrick Galbats eng Kartongs-Maquette vun deem Haus, dat si an der Heemecht gebaut a verluer hunn, ënner d'Lëns.

De Fotograf huet zwar och eenzel Männer a Kanner portraitéiert, mee et ass him ëmmer dorëms gaangen eng Stëmmung, Tracen, Aktiounen, an hirem Ëmfeld ze vermëttelen.

De skeptesche Bléck ass ëmmer derbäi

De Mënsch kann ouni Dreem net liewen, esou de Patrick Galbats. Sécherheet, eng Plaz an enger Gesellschaft fannen a fille si fir de Fotograf primordial Besoinen, ouni déi fir muer, fir eng méiglech Zukunft, keng Gedanke wuessen.

Mee kann e "Waiting Room" dofir e fruchtbare Buedem sinn? Fir de Patrick Galbats huet och de skeptesche Bléck, deen d'Refugiéë permanent begleet, schwéier gewien. A well hien do e Lien zu der Fotografie ausgemaach huet, huet hie säi Projet ronderëm dës Problematik opgebaut.