Fundamental Monodrama Festival "Dementia, you sock"

"Dementia, you sock" ass en Erzielnomëtteg am Kader vum Fundamental Monodrama Festival, e Spektakel vun der Milla Trausch. De leschten Donneschdeg Mëtteg ass dës Kollektioun vun Erzielungen op lëtzebuergesch an der Banannefabrik fabrizéiert ginn, en Erliefnis wat d'Nathalie Bender markéiert huet.

Nathalie Bender / cbi

Milla Trausch
Der Milla Trauscht hiert Spektakel ass eng Rees duerch Fantasie a Poesie

Et ass am Liewe vill ze dacks esou, datt ee vun engem Rendez-vous op deen nächsten hetzt, vu lauter Iddien an Noutwendegkeeten, déi een nach op senger Lëscht huet a wëll ofschléisse guer net mierkt datt een eppes Grondleeëndes aus dem Fokus verléiert: d'Fro nom Liewen.

Ganz einfach, awer vläicht och dofir ëmsou méi schwéier. Wat ass et, wat eis wierklech erfëllt? Souvill wéi méiglech Succès, materiell Uschafungen, Likes op de sozialen Netzwierker, a wat net nach alles? Oder mécht dat eis um Enn alles nëmme midd, an eidel?

Wat ass wierklech wichteg?

De leschten Donneschdeg sinn ech nomëttes kuerz virun hallwer dräi an den agreabele Schiet vun der Banannefabrik gaangen, an der Entrée eng kleng Grupp eeler Leit, ganz douce Musek vum Martin Engler a Ralph Hufenus hunn d'Zeenerie ënnermoolt. D'Milla Trausch, déi sech mat de Leit ënnerhalen an e bëssen nervös geschéngt huet: awer eng entspaant Rou, déi am Raum spierbar war.

Kuerz no hallwer dräi du war jiddwereen, vun deenen eelere Leit iwwer jonk Eltere mat Kand bis bei all aner Spectateure vun "Dementia you Sock" am schwaarzen Theatersall installéiert, am Hallefkrees ronderëm eng wéi zoufälleg zesummegewierfelt Bühn.

Eng Rees duerch Fantasie a Poesie

Dementia you sock, vun a mat der Milla Trausch ass de leschten Donneschdeg an der Banannefabrik am Kader vum Fundamental Monodrama Festival zustane komm an huet jonk an al zesummen duerch eng Welt vu Fantasie a Poesie gefouert, déi een eigentlech vill méi dacks sollt erliewen.

D'Produktioun gouf méiglech gemaach vun Fudamental, MIL asbl, Theater traverse asbl an der ALA, an och wann de Fundamental Monodrama Festival mam Wolfram Koch an "Ich bin's deine Mutter" ofgeschloss gouf, deen nächste Fundamental Monodrama Festival kënnt bestëmmt.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Marie Reding
Invité am Moies-Magazin

Bibliothecaire vu Beruff, Bichergeck per se, a grousse Frënd vum Superjhemp: de Jean-Marie Reding zielt iwwer den "Répertoire II des ex-libris Luxembourgeois des origines à nos jours".

De Paul Di Felice an d'Krystyna Dul
Invitéen am Moies-Magazin

Tëscht Juli a September ass déi 50. Editioun vun den "Rencontres internationales de la photographie d'Arles". Lëtzebuerg ass fir déi drëtte Kéier mat dobäi a mir hunn d'Vertrieder an de Studio invitéiert.

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen