Radioen

On air

Resonanzen  |  Josef Myslivecek - Concerto fir Piano Nr.2 a Fa Majeur, I. Allegro Con Spirito - Clare Hammond (Piano), Swedish Chamber Orchestra, Nicholas McGegan (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Den Humor huet mäin Haaptpersonnage gerett"

Gespréich mam Sam Garbarski

"Den Humor huet mäin Haaptpersonnage gerett"

"Es war einmal in Deutschland" beschäftegt sech mat Holocaust-Iwwerliewenden am Nokrichs-Däitschland. E Sujet, deen am Kino nach net wierklech thematiséiert gouf. Humor spillt am Film vum Sam Garbarski eng grouss Roll.

auto_stories

2 min

Däitschland, direkt nom Zweete Weltkrich: Eng Grupp vu jonke Männer deet sech zesummen, fir e Business opzemaachen. Si reesen doruechter a verkafe Wäsch, andeems si hir Clienten, däitsch Hausfraen, mat allerlee Geschichten ëm de Fanger wéckelen. D'Zil ass et, genuch Suen zesummenzekréien fir an Amerika emigréieren ze kënnen. Si sinn all Holocaust-Iwwerliewender. De Personnage vum Moritz Bleibtreu, dee seng ganz Famill verluer huet, ass selwer dervukomm, well hie gutt Witzer erziele konnt.

Déi meescht Holocaust-Iwwerliewender, déi nom Krich an Däitschland bliwwe wieren, hätten ni driwwer geschwat. A senger Famill wier den Holocaust ëmmer een Tabu gewiescht, seet de belsche Realisateur Sam Garbarski. Dem Michel Bergmann seng zwee Bicher "Die Teilacher" a "Machloikes" hätten him als Virlag zum Film gedéngt. "Hien hat d'Chance, datt ee vu senge Monnien him vun dëser Period erzielt huet."

Den Titel "Es war einmal in Deutschland" erënnert un den Ufank vun enger Geschicht. An och den Haaptpersonnage am Film ass ee Geschichtenerzieler. "Fir kënne mat deem ze liewen, wat si erlieft hunn, erziele si sech Geschichten. An um Enn gleewe si selwer drun."

De Point de Vue vum Humor

Obwuel am Film verschidde Saache bëssen iwwerspëtzt duergestallt wieren, wier näischt onwouer, seet de Sam Garbarski. De Film wier zimlech authentesch. Den Humor wier ee Point de Vue. "Den Humor huet mäin Haaptpersonnage gerett. Den Humor ass déi eenzeg Medezin, déi an alle Situatiounen, déi eis desagreabel sinn, funktionéiert." D'Selbstironie wier mat Momenter déi bescht Manéier fir eist Liewen ze liewen, dat net ëmmer fir ze laache wier.

"Es war einmal in Deutschland" ass eng Co-Produktioun vu Samsa a gouf zu groussen Deeler zu Lëtzebuerg gedréint. "Ouni Lëtzebuerg hätt ech keen ee Film realiséiert", seet de Sam Garbarski. Fir d'fënnefte Kéier hätt hie mat Lëtzebuerg oder zu Lëtzebuerg geschafft. Hie géif sech hei wuel fillen. An och d'Lëtzebuerger Acteure kéinte mat "deene Groussen" a senge Filmer mathalen.