Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Thomas Bernhard an de "Fluch" vum Schrëftsteller

Kultur

Den Thomas Bernhard an de "Fluch" vum Schrëftsteller

A sengen Erënnerunge mam Titel "Ein Leben an der Seite von Thomas Bernhard", beliicht säin Hallefbrudder Peter Fabjan fir de 90. Gebuertsdag vum éisträichesche Schrëftsteller, déi wéineg bekannte Familljeverhältnesser. De Frédéric Braun huet sech mam Germanist Tim Reuter iwwer dëst Buch ënnerhalen.

auto_stories

5 min

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow


An dësem Buch gëtt ee vill iwwer d'Familljeverhältnisser gewuer an déi den Thomas Bernhard eragebuer gouf. Mir liesen iwwer dat schwieregt Verhältnis zum Stéifpapp, mir ginn awer och méi iwwer de Grousspapp gewuer, deen e ganz zentrale Personnage am Liewe vum Thomas Bernhard war, an iwwer d'Groussmamm mat där villäicht alles ugefaangen huet. War war dat fir eng Famill?

Tim Reuter: Ganz interessant ass mol wa mer bei der Groussmamm ufänken, de Nonumm zum Beispill. De Bernhard heescht jo Thomas Bernhard. An et ass interessant wou dee Numm hierkënnt, well di Groussmamm huet eigentlech mam Nonumm Pichler geheescht an déi war bestuet mat engem Karl Bernhard an engem éischte Bestietnis. Wat interessant ass, ass datt dem Bernhard säi Bop, de Johannes Freumbichler, deemools mat engem Kolleeg di Fra kennegeléiert huet a si "vom Joch der Ehe befreien" wollt. Dat heescht déi huet dee Mann verlooss an ass dunn mat dem Johannes Freumbichler duerchgebrannt an déi hunn e Liewen a kompletter Aarmut gelieft well dee Mann war Auteur, an deen huet just u säi Wierk gegleeft an di ganz Famill di do mat him gelieft huet, di hunn all versicht hie finanziell z'ënnerstëtzen.

Dunn ass eben dem Bernhard seng Mamm op d'Welt komm, déi dann eben dee Numm Bernhard kritt huet well hier Mamm, also d'Anna Bernhard sech ebe getrennt hat vun deem Bernhard vun deem se awer dee Numm behalen hat. Si konnt dee Johannes Freumbichler awer net an der Kierch bestuede well se a sougenannter "wilder Ehe" gelieft hunn. Esou ass et dunn komm dat den Thomas Bernhard als éischt Kand vun deem Herta Bernhard, déi seng Mamm war, dee Numm bäibehalen huet, deen awer net a sengem Blutt stécht wann een esou wëll. De Numm kënnt an sech vun engem Mann aus dem éischte Bestietnis vun der Bom. Ech fannen datt dee Nonumm schonn dat Onkonventionellt weist.

Op fënnef Plaze gëtt an deem Buch beschriwwe wéi Leit, déi sech mat Schrëftsteller zesummen doen a vun hirem Ëmfeld ausgestouss ginn, well si sech mat Schrëftsteller ëmginn. Dat heescht do ass di Groussmamm där hier ganz Verwandtschaft se verstouss huet well si ebe mat deem Schrëftsteller duerchgebrannt ass. Dann kënnt den Alois Zuckerstätter. Dat ass dem Bernhard säin eigentleche Papp. Deen ass gewuer ginn datt d'Herta Bernhard schwanger wier an dee wollt si net bestuede well en ebe wosst, datt hire Papp, de Johannes Freumbichler doudaarm war an datt hie warscheinlech fir dee Papp misst mat opkommen.

Dat heescht et ass eng Famill vun "Outsider" vun Ufank un?

Vun Ufank un. An dat interessant ass datt dann deen zweete Mann - dat ass dann de Papp vum Peter Fabjan deen dat heite Buch geschriwwen huet -, deen huet d'Mamm bestuet. Si huet dann och de Numm kritt : Herta Fabjan. Esou huet se dunn geheescht an dat war dann dem Bernhard säi Vormund dunn, an deem säi Papp huet hien och verstouss dunn, nodeems e matkritt huet datt säi Jong mat engem Meedche vun engem Schrëftsteller bestuet wier.

Et ass scho bal e Fluch...

Et ass e Fluch well dem Bernhard ass dat selwecht geschitt dunn spéider, well zum Beispill d'Hedwig Stavianicek, di Fra di e gutt Stéck méi al war wéi hien...

... säi "Lebensmensch", wéi hie sot.

Genau, hien huet si säi Lebensmensch genannt an déi ass vun hirer Verwandschaft och verdäiwelt ginn, well si mam Bernhard gutt war. Eleng dee Kontext fannen ech esou interessant well dat esou Kränkunge sinn di am Fong net spektakulär sinn, di awer eis aller Biografien ausmaachen. Jiddweree kann esou Kränkungen op di eng oder aner Weis beschreiwen an dat ass een Aspekt dee sech duerch dës Familljegeschicht zitt.

Wat war dann Ären Thomas Bernhard-Androck virun dësem Buch a wéi gesitt Dir hien elo?

Zu den Erënnerungsbicher allgemeng muss een natierlech als éischt emol soen: dat ass eng Literatur déi eng reegelrecht Sekundärliteratur ass. Dat heescht et ass eng Literatur, déi et esou net géing gi wann een net e Primärwierk hätt, dat a senger Bedeitung op esou e groussen Interêt stéisst, datt Leit di den Auteur kannt hunn net op d'Iddi kéimen hir Erënnerunge matzedeelen. Leit wéi den Thomas Bernhard di eben op e ganz groussen Interessi stoussen, bréngen et mat sech datt Leit déi si kannt hunn, hir Memoiren opschreiwen. Ech muss soen, vu datt ech mech mam Bernhard ganz intensiv ausernee gesat hunn, huet dat heite Buch elo net zu ville neien Erkenntnisser gefouert. Fir Experten si virun Allem Detailer interessant an ech denken dat Buch schwätzt och elo éischter Leit un déi sech scho mat Bernhard auskennen. Also ech denke net datt een, dee sech nach ni mam Bernhard beschäftegt huet, sollt mat dësem Buch ufänken.


Den Tim Reuter (*1979) ass Enseignant a Mataarbechter vum Nationale Literaturzentrum (CNL) zu Miersch. Hien ass Auteur vun diverse literaturwëssenschaftleche Publikatiounen e.a. iwwer d'Wierk vum Thomas Bernhard, Literaturdidaktik an iwwer däitsch a lëtzebuergesch Literatur vum 20. Jorhonnert.