Kultur Der Nina Tomàs hir Molerei

Den Ausdrock vun der Nina Tomàs hirer Molerei ass gepräägt vun enger surrealer Stëmmung, déi si mat ganz filigranen Detailer ausschafft. Si schaaft e ganz faarwegen Universum a bréngt et fäerdeg, der Komplexitéit vun eiser Welt en harmoneschen Ausdrock ze ginn. D'Lara Bousch ass der Kënschtlerin begéint.

Lara Bousch / cz

Nina Tomàs

D'Nina Tomàs ass eng jonk lëtzebuergesch Kënschtlerin. Si ass an Frankräich gebuer, schafft awer tëschent Lëtzebuerg a Bréissel, wou si och hiren Atelier huet. Studéiert huet si Arts Plastiques zu Paräis mat engem Austausch am Québec an zu Marseille an zu Aix-en-Provence. Duerch de Kënschtlerstatut ka si zu Bréissel och vun hirer Konscht liewen, wat, wéi si seet, eng gutt Saach ass, well hir Aarbecht wier eng ganz lues.

D'Nina Tomàs huet et fäerdeg bruecht, e ganz eegene Repertoire an hirer Molerei auszeschaffen, dee sech iwwer déi lescht Joren och vill weiderentwéckelt huet. Si geet ganz versatil un hir Konscht erun, all Wierk ass eng Méiglechkeet fir nei Techniken oder Iddien auszeprobéieren. Sou schafft si heiansdo mat Textilien, déi si och mol iwwermoolt, wiesselt d'Formater vu riseg bis Täscheformat a bezitt och den Ausstellungsraum mat an hiert Konzept.

Den Ausdrock vun de Molereien ass dobäi scho munchmol explosiv, mee net duerch grouss Gesten. Der Nina Tomàs hir Molerei zeechent sech vill méi aus duerch konzentréiert Detailer an engem permanente Kontrast zu grousse Flächen. Dozou kënnt och e permanent Wiesselspill vun ënnerschiddlechen Techniken. Mol ass den Ausdrock vun der Faarf ganz dreschen, mol ass e knalleg a gesiedegt.

An der Mediathéik:

Kultur / / Lara Bousch
Lauschteren

Méi zum Thema

Kënschtler a Fanny Weinquin (2. vu riets), Foto Gemeng Walfer
Kultur

Zu Walfer dialogéieren an der Gemengegalerie d'Wierker vun de Kënschtler Morgane Britscher, Ben Heyart, Katarzyna Kot-Bach an Neckel Scholtus ganz "natierlech".

Schwindsucht
Hygiène a Propretéit

Keng aner Krankheet huet am 19. an Ufank vum 20. Joerhonnert esouvill Liewe kascht wéi d'Tuberkulos. Eng Rees an déi kulturell Geschicht vun der Tuberkulos am däitschsproochege Raum.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen