Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Die Leiden der Judith Holofernes

Buchkritik

Die Leiden der Judith Holofernes

Den Numm Judith Holofernes seet engem villäicht esou direkt näischt, dofir awer bestëmmt dee vun där Band, bei där si d'Frontfra war: "Wir sind Helden". Elo, zéng Joer nodeem d'Grupp sech opgeléist huet, zielt d'Kënschtlerin an engem Buch iwwer hir Zäit op der grousser Bün.

auto_stories

4 min

Déi däitsch Band "Wir sind Helden" huet sech 2002 hirem Publikum virgestallt. "Guten Tag" war hir éischt Single an direkt e groussen Erfolleg.

Am Fong ass dat dach den Dram vu all Musekerin a Museker, oder? Wann een der Helden-Frontfra Judith Holofernes hiert autobiographescht Buch "Die Träume anderer Leute" opschléit, da kënnt et engem éischter vir, wéi wann aus dem Dram geschwënn e Cauchemar gi wier.

An den nächsten aacht Joer waren déi véier Museker gefillt andauernd present. Duerch hir clever Kompositiounen a gutt geschriwwen Texter krute se esouwuel déi méi kritesch Nolauschterer:innen ze paken, wéi och e Festivalpublikum, dee virun allem feiere wollt.

Wat ass schif gelaf?

Um Enn hat d'Judith Holofernes d'Gefill, just nach deenen anere Leit hir Erwaardungen ze erfëllen, deenen anere Leit hir Dreem ze dreemen.

"Die Träume anderer Leute" ass net nëmmen den Titel vun hirem Buch, mee och vun engem Lidd vum leschten Helden-Album "Bring mich nach Hause" vun 2010, op deem een deemools schonn eng gewësse Middegkeet eraushéiere konnt. An dem wibbelegen, faarwegen Helde-Sound hat sech Däischtert breet gemaach.

D'Band selwer huet "Abnutzungserscheinungen" als Grënn fir hir Trennung beschriwwen. Ausserdeem och nach d'Onméiglechkeet, den Alldag tëscht Touren a laange Stonnen am Studio mat engem Familljeliewen iwwerteneen ze bréngen.

Reflektiounen iwwer Famill a Kandheet

An hirem Buch zielt d'Holofernes, wéi si zesumme mat hirem Mann Pola Roy, deen ausserdeem och de Batteur vun den Helde war, probéiert huet mat fir d'éischt engem, dann zwee Kanner ënnerwee ze sinn.

Si zielt, wéi déi Kleng wärend dem Soundcheck op de Lautsprecherboxe ronderëm geturnt sinn, an doriwwer wéi si probéiert hunn, e Kannerbettchen an den Tourbus anzebauen. Fazit: Et ass keng gutt Iddi, well Kannerzëmmer nu mol einfach net dofir geduecht sinn, fir Vollbremsungen ze maachen.

Si schwätzt awer och vun hirer Kandheet, iwwer hiert Opwuesse bei enger lesbescher Mamm, wéi si fréi d'Musek fir sech entdeckt huet. D'Judith Holofernes, déi am Fong Judith Holfelder von der Tann heescht an sech de Kënschtlernumm als Referenz op de biblesche Personnage erausgesicht huet, ass dofir bekannt, datt si kee Blat virun de Mond hëlt. Schonn op den Helden-Placken huet si sech dacks kritesch-ironesch iwwer d'Museksindustrie geäussert, d'selwecht an Interviews oder op hirem Blog.

Schwéiere Spagat trotz privilegiéierter Situatioun

"Als Kind habe ich wieder und wieder von Zyankali geträumt", esou heescht et am éischte Kapitel an dat gëtt schonn den Toun un. Natierlech soll dat schwaarzen Humor sinn an interessant ass et och emol esou e Bléck hanner d'Kulisse vun der Museksindustrie ze geheien.

D'Buch weist, datt esouguer fir Mënschen a relativ privilegiéierte Situatiounen de Spagat tëschent Dramberuff a Famill nach ëmmer eng Turnübung ass, déi zäitweis richteg wéi deet. Neen, et kann een eben net alles ginn wat e wëll an alles hunn, op alle Fall net gläichzäiteg - egal wat engem Instagram erzielt.

No zwee Soloalben huet d'Judith Holofernes sech elo aus der éischter Rei vun der Museksindustrie zeréckgezunn an ass haaptsächlech op Patroneon aktiv, engem Netzwierk, wou Kënschtlerinnen a Kënschtler hir Aarbecht direkt duerch Abonnementer vun de Fans finanzéiert ginn.

E bëssen irritéiert kann ee just iwwer den Zäitpunkt vun dëser Verëffentlechung sinn. De Moment steet ville Leit sécher net de Sënn dono op 416 Säiten iwwer d'Suerge vun engem Popstar ze liesen. Villäicht kann engem d'Buch awer och en Trouscht sinn. Wéi gutt, wann ee selwer net berüümt ass!