Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Emergence

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "du lauschst dem lärmen der bäume"

Nei Lyrik

"du lauschst dem lärmen der bäume"

"Du lauschst dem lärmen der bäume" heescht d'Ausstellung, déi nach bis den 3. Juni am Schëfflenger Konschthaus ze gesinn ass. D'Kënschtlerin Marie-Pierre Trauden-Thill, d'Schrëftstellerin Ulrike Bail an de Photograph Vic Fischbach hu sech zesummen engem Sujet higinn: dem Bësch. Der Ulrike Bail, déi 2021 mam Servais-Präis fir hiert Gedichtband "wie viele faden tief" ausgezeechent ginn ass, stellt hei hier nei Lyrik vir.

auto_stories

2 min

Fotoen: Ulrike Bail

"Du lauschst dem lärmen der bäume", e Gedicht vun der Ulrike Bail huet och der Ausstellung den Numm ginn. Op zwou Etagen am Schëfflenger Konschthaus vereene sech dräi Konschtgenre, bilden eng Symbios, esou wéi e Bësch.

Tëschent dem Vic Fischbach sengen Nature printings, Cynanotypien an Photoen, déi méifach beliicht goufen, der Marie-Pierre Trauden-Thill hire Collagen an Installatiounen, alles am Kontext vum Bësch. Am leschte Gedichtband "statt einer ankunft" si Bus- an Tramhaltestellen an der Stad d'Matière vun hirer Dichtung. Mee an engem laange Gedicht verléisst si do schonn den urbanen Terrain a Richtung Bambësch.

"Mir war et kloer, datt ech eppes iwwer de Bësch maache wëll, ech hunn dann d'Marie-Pierre Trauden-Thill kenne geléiert, de Vic Fischbach ass derbäi komm a do ass zwee Joer laang déi Ausstellung gewuess."

Foto: Ulrike Bail

Faszinéiert vun der Fachsprooch

Fir iwwer de Bësch ze schreiwen, sech mat der Flora a Fauna dichteresch ausernaner ze setzen, do muss een de Bësch wuel gutt kennen. D'Ulrike Bail verbréngt all Dag mat hirem Hond Zäit am Bësch.

"Esou gesinn ech d'Joreszäitewiessel an och wéi d'Forstwirtschaft zougeschloen huet. Inspiratioun ass awer net nëmmen dat, wat ech am Bësch gesinn. Et ass d'Sprooch vun der Forstwirtschaft faszinéiert huet, net ëmmer ganz positiv, well do gëtt villes verniedlecht. E Bam gëtt do net ëmgeschloen, mee "entnommen". Eis Bëscher si keng Bëscher méi, dat si Plantagen, déi reng nom Notzen a Gewënn gefleegt an traktéiert ginn. Dofir ginn et jo esou vill Fichtebëscher."