Radioen

On air

De Moien  |  Anna St. Louis - Phone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Duebel Ausstellung zu Arles

Fotografie

Duebel Ausstellung zu Arles

Um internationale Fotografie-Festival Rencontres d'Arles presentéiert Lët'z Arles dëse Summer eng duebel Ausstellung vum Pasha Rafiy ("Bad News") a vun der Laurianne Bixhain ("On the Other End").

auto_stories

3 min

Et ware sécherlech keng Bad News fir de Pasha Rafiy, datt hie selektionéiert gouf, seng Fotoserie, vum 2. Juli bis den 23. September an der Chapelle de la Charité zu Arles auszestellen. D'Halschent vu senge Fotoe hätt hien an Amerika gemaach, ier de "Muslim Travel Ban" koum, seet de Kënschtler.

Hien ass am Iran gebuer, huet déi duebel Nationalitéit, déi lëtzebuergesch an déi iranesch. Dowéinst wier hien déi éischte Kéier a sengem Liewe gespaart ginn, eppes wou hien net fir méiglech gehalen huet, seet de Pasha Rafiy. Et wieren zoufällegerweis déi lescht Biller virun dëser Blockad. Déi aner Biller hätt hie gemaach, wou hien net an Amerika gaangen ass. Do wier en op anere Plazen an der Welt gewiescht.

Eng Distanz tëschent Engem

De Pasha Rafiy ass an der Kategorie "artiste confirmé" ausgewielt ginn. An der Kategorie "artiste émergente" ass de Choix op déi jonk Kënschtlerin Laurianne Bixhain gefall. De Fong Start-up vun der Oeuvre nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte offréiert Fotografie-Kënschtler bis an den Alter vu 36 Joer eng Ënnerstëtzung fir hir Visibilitéit an der internationaler Press. Nieft dem Katalog weist d'Laurianne Bixhain zu Arles hir Kreatioun "On the Other End". Si beschreift hiert Wierk esou:

"On the Other End" seet een, wann ee mat engem telefonéiert oder wann een op enger Videokonferenz ass, also iwwer Ecran dann, an et ass eben déi Distanz, déi Technologie, wou ee reprochéiert a gläichzäiteg ass eng Distanz tëschent Engem. Dat hunn ech interessant fonnt, als Fotograf och, well duerch d'Fotograféieren och eng Distanz entsteet, a well ech ebe Stroosse fotograféiert hunn an am Text mech fir dat interesséieren, wat an de Gebaier geschitt, wou ech als Fotograf keen Accès hat a wou ech mam Text kann driwwer schwätzen."

De Besoin, sech ze beweegen

Et ass elo fir d'zweet, datt Lëtzebuerger Kënschtler bei den Rencontres d'Arles, déi zënter 49 Joer realiséiert ginn, derbäi sinn. En internationaalt Evenement, bei deem den Austausch eng wichteg Roll spillt, grad wéi de Message, deen d'Organisateure wëlle matginn, erkläert den Direkter vun de Recontres d'Arles, de Sam Stourdzé:

"Kuckt, wat mir dëst Joer selektionéiert hunn, fir Lëtzebuerg ze representéieren. Deen een ass am Iran gebuer, ass zu Lëtzebuerg opgewuess, lieft elo an Éisträich. Dat anert ass tëschent Lëtzebuerg an der Belsch, huet seng Studien a Frankräich an an Däitschland gemaach fir elo erëm zu Lëtzebuerg ze wunnen. Et mierkt een, datt d'Kënschtler de Besoin hunn, sech ze beweegen, déi eege Kultur an déi eegen Identitéit mam Rescht vun der Welt, mam Rescht vun Europa ze confrontéieren, an dat fiddert hir Kreatioun an dat gëtt hiren Aarbechte ganz besonnesch Faarfnuancen."

Eng politesch Äntwert

D'lescht Joer louch de Schwéierpunkt op Kolumbien an dem Iran. Dëst Joer sinn eelef jonk Kënschtlerinnen a Kënschtler aus der Tierkei op Arles invitéiert ginn. Et géif ee sech ëmmer erëm fir auslännesch Zeenen interesséieren, déi heiansdo am Zentrum vu komplizéierte geopolitesche Relatioune stinn, erkläert de Sam Stourdzé. D'lescht Joer war et den Iran an dëst Joer wier et d'Tierkei. Et hätt een eelef tierkesch Kënschtlerinnen a Kënschtler ausgewielt a si opgefuerdert, Wierker ze weisen, déi si net esou einfach an hirem Land, mee éischter am Ausland kéinten ausstellen. Dat wier eng Manéier laanscht d'Zensur ze kommen, an dat wier och eng politesch Äntwert.