Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Buch, dat immens vill Emotiounen ausléist

Ingo Schulze - Die rechtschaffenden Mörder

E Buch, dat immens vill Emotiounen ausléist

Mat sengem neie Roman "Die rechtschaffenden Mörder" geléngt dem däitsche Schrëftsteller Ingo Schulze e ganz aussergewéinleche "Wenderoman". E passionéierte Libraire entwéckelt sech lues a lues zu engem rietsradikale Mënschenhaasser.

auto_stories

3 min

"Im Dresdner Stadtteil Blasewitz lebte einst ein Antiquar, der wegen seiner Bücher, seiner Kenntnisse und seiner geringen Neigung, sich von den Erwartungen seiner Zeit beeindrucken zu lassen, einen unvergleichlichen Ruf genoss. Nicht nur Einheimische suchten ihn auf, nicht allein in Leipzig, Berlin oder Jena wurde seine Adresse eifersüchtig gehütet, sogar von den Ostseeinseln Rügen und Usedom reisten Lesehungrige an."

Wéi e Märche fänkt dem Ingo Schulze säi Roman "Die rechtschaffenden Mörder" un. Deen Ufank wëllt esou guer net bei den Titel passen, ëmsou méi awer bei den éischten Deel vun dëser ongewéinlecher Geschicht, wou ee sech an engem bibliophille Mikrokosmos erëmfënnt.

Et léiert een déi aussergewéinlech Geschicht vum Norbert Paulini kennen, e Bouf, deen net just Bicher liest, mee och op hinne schléift, well all Zentimeter vun der klenger Wunneng mat Bicher gefëllt ass, dem Ierwe vu senger Mamm, déi jonk gestuerwen ass, an de Papp refuséiert hat, d'Bestänn vun hirem Bicherbuttek nom Doud vun der Fra ewechzeginn.

Léift zu de Bicher

Kee Wonner, datt de Norbert Paulini herno als Erwuessenen dës Antiquariat erëm opmécht an ëmmer méi eng grouss Passioun fir déi klassesch Literatur an al a seelen Editiounen entwéckelt.

En Antiquariat, an deem jiddweree wëllkomm ass, wou Leit Bicher kënne mathuelen, och wa si keng Suen hunn, Haaptsaach si weisen dem Norbert Paulini op déi eng oder aner Manéier, datt si fir dës Bicher brennen. E Buttek, an deem Kuch a Kaffi zerwéiert ginn, an dem iwwer Literatur geschwat a sech mat groussen Nimm aus der däitscher Literatur ausenanergesat gëtt.

Dës Welt wier esou an der Rei bliwwen, wann et net zum Mauerfall komm wier.

Et gëtt alles op d'Kopp geheit

Op eemol interesséiert sech kee méi fir dem Norbert Paulini seng Bicher, d'Leit hunn aner Interessen a Bicher kritt een elo am Westen oder um Internet, falls een onbedéngt nach liese wëllt. Eng Entwécklung, déi dramatesch Folge fir de Mënsch Paulini huet, well et kommen zum Ënnergang vu sengem Antiquariat nach weider grausam Wouerechten zum Virschäin.

Mee net just den Norbert Paulini, och de Lieser erlieft esou munch Iwwerraschung. Hanner dem éischten Deel vum Roman stécht een onbekannten Erzieler, deem een dann am zweeten Deel vum Roman begéint a seng Absichte kenneléiert. Op eemol huet alles eng aner Bedeitung an net just de Paulini, och de Lieser gëtt hei aus sengem Paradäis verdriwwen.

Domat net genuch, et kënnt dann nach en drëtten Deel, deen nach emol alles op d'Kopp geheit.

Liicht, déifgrënneg, analytesch

E wonnerbaart Stéck Literatur ass hei dem däitsche Schrëftsteller gelongen. Seng ausgewielt Sprooch passt sech ëmmer den Ëmstänn un, op den éischte Bléck liicht a matrappend, op den zweeten déifgrënneg an analytesch awer ni opdränglech.

E Buch, dat immens vill Emotiounen ausléist, an ee permanent um Zweiwele léisst. Déi eenzel Figuren a virun allem de Protagonist Paulini si mat enormer Prezisioun beschriwwen, d'Atmosphär ass esou bildlech, datt beim Liese sämtlech Sënner erwächt ginn an zum Schluss bleiwe Froen iwwer Froen, well eben näischt esou ass, wéi et geschéngt huet.

Den Ingo Schulze ass e kriteschen Auteur an hie geheit hei en anere Bléck op d'DDR an hiren Ënnergang. Et ass weder e Verdamen nach e Schwäermen, et ass eng subtil Approche un déi verschidde Perspektiven. Et ass e Spill mat der Sprooch, mat de Figuren, mat Situatiounen, déi mat neien Entwécklungen an anere Bléckwénkele weider Dimensioune kréien a weisen, datt et eben net just déi eng Wouerecht gëtt, an dat kritt ee mat "Die rechtschaffenden Mörder" ganz nuancéiert a mat ënnerschwellegem Humor däitlech gemaach.