Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - I'm Thinking Of A Number (Between 1 And 2)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Gespréich mat der Regisseurin Margarethe von Trotta

Ingeborg Bachmann – Reise in die Wüste

E Gespréich mat der Regisseurin Margarethe von Trotta

Si huet schonn eng ganz Rei Biografië vu bekannte Frae verfilmt, ënner anerem, Rosa Luxemburg a Hannah Arendt, elo ass hiren neiste Film en Avant-première am Kader vum Luxfilmfest gewise ginn: "Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste." Riets ass vun der Dréibuchautorin a Regisseurin Margarethe von Trotta.

auto_stories

2 min

(v.l.n.r.) Margarethe von Trotta an de Filmproduzent Alexander Dumreicher-Ivanceanu (amour fou)

Lauschterenplay_arrow


Véier Joer aus dem Liewe vun der Ingeborg Bachmann huet d'Margarethe von Trotta ausgewielt fir hire Film ze maachen. Et ass déi Zäit, wou d'Schrëftstellerin de Max Frisch kenne geléiert huet, mat him zesumme fir d'éischt zu Zürich an dann zu Roum gelieft huet. An et ass den Enn vun dëser Bezéiung an der Bachmann hirer uschléissender Rees an d'Wüst.

Der Margarethe von Trotta ass eng Verfilmung vum Liewe vun der Bachmann vun de Produzente proposéiert ginn. An si huet dës Offer ganz gären ugeholl "Ich habe sie selber kennengelernt, wenn auch nur ganz kurz, sie hat eben zu meiner Generation und zu meiner Kultur dazu gehört. Sie war zu der Zeit, als ich auf der Schule war und auch später, wir haben sonst Trakl und Benn, Rilke und Hesse gelesen, aber sie war die einzige Frau. Und sie hat noch anderes in einem angesprochen als die männliche Lyrik."

Et hätt een der Ingeborg Bachmann hier Liewensgeschicht scho kannt, d'Margarethe von Trotta ass hier och eng Kéier begéint, 1972, kuerz virun hirem Doud. "Sie war sehr zurückhaltend, wir haben auch keinen wirklichen Kontakt gehabt, ich habe sie immer nur sehr bewundernd angeschaut. Un jetzt natürlich, nachdem ich mich so mit ihr beschäftigt habe und wusste in welchem Moment ihres Lebens das war, kann ich das noch besser einschätzen"

Am Gespréich mam Valerija Berdi schwätzt d'Margarethe von Trotta iwwer déi verschidden Aspekter vun der Ingeborg Bachmann, iwwer de Choix vun der Vicky Krieps fir d'Roll vun der Schrëftstellerin an iwwer hier Aarbecht als Regisseurin.

De Film wäert vum 26. Oktober un am Kino lafen.