Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Devendra Banhart - Baby

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E grousse Film iwwert e klenge Bauer

Petit paysan vum Hubert Charuel

E grousse Film iwwert e klenge Bauer

Elo wou de CinEast op en Enn komm ass, dierfe sech déi lokal Filmfrënn nees op déi regulär Kinosprogrammatioun konzentréieren. An do stécht e klenge franséische Bijou mam Numm "Petit paysan" eraus.

auto_stories

4 min

Maache mir eis näischt vir: de franséische Kino ass am grousse Ganzen zënter Joerzéngten an enger Kris. Grënn dofir gëtt et vill. Een dovunner sinn all déi soi-disant Vedetten, op déi d'Produzenten ëmmer nees zréckgräifen, fir eng gréisst-méiglech Mass u Leit an d'Kinossäll ze lackelen. Dat ass do hanne wichteg, well all Entrées-Billjee konkret Sue fir d'CNC, de Centre National du Cinéma et de l'Image animée, bréngt.

Dat féiert dozou, dat ee manner Film X oder Y kucke geet, mä éischter den neien Depardieu, Deneuve, Dupontel oder Dujardin - fir just déi mam D ze nennen. Ënnert dësem Däiwelskrees, engem vu ville, leit de franséische Kino.

Regisseur kennt de Milieu, wéi seng Boxentäsch

Heiansdo packt et awer e franséischen Debutfilm mat enger relativer onbedéngter Haaptroll iwwert d'Grenzen - an esouguer op e lokale Kinosecran. "Petit paysan" mam Swann Arlaud a vum FEMIS diploméierten Hubert Charuel ass genee esou e Film.

Den Arlaud, mat sengem immens markante Gesiicht, ass zwar schonn eng Rëtsch Joren ëmmer nees a Filmer ze gesinn. Eréischt zënter 2015 awer mat esou Filmer wéi "Les anarchistes", "Ni le ciel ni la terre", "Baden Baden" an "Une vie" wënnt hien un engem relative Bekanntheetsgrad.

Elo also spillt den Arlaud seng éischt Haaptroll bei engem Realisateur, deen de portraitéierte Milieu kennt wéi seng Boxentäsch, well e carrement do opgewuess ass. Memberen aus dem Hubert Charuel senger Famill sinn dann och an Niewerollen ze gesinn.

Glécklech mat senger Häerd Kéi

Am "Petit paysan" geet et ëm de Pierre, e Mëllechbauer, Klengbauer an der déifster franséischer Provënz, dee sech ganz eleng ëm de Familljenhaff këmmert. D'Eltere sinn zwar ni wäit vum Schoss, d'Mamm wëllt hien zum Beispill mat der Bäckerin casséieren. Mä am Fong ass hie ganz glécklech, eleng mat sengem Häerd Kéi.

Enges Daags awer rifft hie seng Schwëster, eng Déierendoktesch, bei sech op den Haff, well eng Kou, d'Topaze, sech opfälleg behëlt. Ass et den Ufank vun eppes, wat reell soll Suerge maachen oder ass mat der Kou alles an der Rei, wéi seng Schwëster him ze verstoe gëtt? Eng 90 Minutte laang Filmcourse mat der Zäit an ergo, der Existenz vum Pierre, gëtt domadder lassgetrueden.

Foto: Pyramide Films

Dëse formal klenge Film mam modeste Numm "Petit paysan" a senger ugangs iwwersiichtlecher Prämiss, deen zu Cannes an der "Semaine de la Critique" gewisen an um "Festival du film francophone d'Angoulême" ausgezeechent gouf, gëtt der unanimer Eloge vun der franséischer Press gerecht.

Eng staark Relatioun zu senger Aarbecht

Naturalistescht Drama mat dokumentaresche Geste riets a lénks, dat un d'Aarbecht vun engem Raymond Depardon denke léisst, ass de Film iergendwann mat Coden aus dem Genre Thriller gespickt. Coden, déi de Film, mä virun allem de Personnage vum Pierre an eng ganz psychologesch belaaschte Richtung dréit.

De Film verkënnt net zu enger postmodernem Pastiche, "Genre-Mischmasch", mä wënnt dobäi u Gewiicht. An dat dank engem clever ficeléierten Dréibuch. "Petit paysan" ass zwar e Film mat Kéi, mä et ass ni e Film iwwer Kéi. Et ass e Film iwwert e Mënsch mat enger ganz staarker Relatioun an Identifikatiouns-Fläch zu senger Aarbecht, sengem direkten Ëmfeld an der Ëmgéigend, an där hie lieft.

E politesch wäertvolle Film

"Petit paysan" ass an deem Sënn politesch wäertvoll, well en iwwer e Frankräich schwätzt, virun allem mat Hëllef vun engem Fiktiounsfilm, dat ee soss wéineg, wann iwwerhaapt nach, an enger Dokumentaraarbecht gesäit. "Visages, villages" vum Agnès Varda a "Merci, Patron!" vum François Ruffin, sinn déi wéineg rezent Beispiller, déi een an deem Kontext opzeziele kann.

D'Provënz ass net just nëmmen en Hotspot vum Front national, d'Situatioun an d'Mënschen si wäit méi komplex. An deem droen dës Filmer, och "Petit paysan" Rechnung. E grousse Film iwwert e klenge Bauer, dee seng Plaz an de Joresbeschtelëschte vu jidderengem wäert fannen, deen de Film gesinn huet. Gidd Ärem Häerz e Stouss a gitt "Petit Paysan" kucken.