Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Liewen tëschent Baseball, Ska a Brecht

Birgit Weyhe, Rude Girl

E Liewen tëschent Baseball, Ska a Brecht

Kann een als wäiss däitsch Autorin d'Liewensgeschicht vun enger Afroamerikanerin vu Chicago erzielen? Dat ass eng Fro, déi sech d'Birgit Weyhe an hirer neier Graphic Novel "Rude Girl" stellt, déi eng faszinéierend Biografie mat spillereschen Iwwerleeungen zum Theema Representatioun kombinéiert.

auto_stories

5 min

Kann een als wäiss däitsch Autorin d'Liewensgeschicht vun enger Afroamerikanerin vun Chicago erzielen? Dat ass eng Fro, déi sech d'Birgit Weyhe an hirer neier Graphic Novel "Rude Girl" stellt, déi si viru kuerzem am Avant-Verlag verëffentlecht huet a bei där een e wéineg vun der Virgeschicht wësse muss.

Kulturell Appropriatioun?

D'Birgit Weyhe ass virun allem bekannt fir d'Graphic Novel "Madgermanes", déi 2016 erauskoum an an Däitschland e grousse Succès war an och vill Präisser krut. Ee Grond dofir war, datt d'Zeechnerin d'Geschicht vu "Gastarbeiter" aus Mozambique an der DDR erzielt, déi nom Fall vun der Mauer zeréck an hir Heemecht geschéckt goufen.

Dat ass e Kapitel vun der däitscher Geschicht, iwwer dat wéineg geschwat gëtt an op dat d'Zeechnerin, déi selwer an Ostafrika opgewuess ass, mat hirem Wierk opmierksam mécht.

An der Suite gouf d'Birgit Weyhe invitéiert, als Gaascht op enger amerikanescher Uni ze enseignéieren, wou si mat enger ganz anerer Reaktioun op hir Graphic Novel konfrontéiert gouf. Et kënnt hei nämlech zum Virworf vun der kultureller Appropriatioun, also datt d'Zeechnerin hir privilegéiert Positioun als Member vun der gesellschaftlecher Majoritéit notzt, fir sech d'Geschicht vun enger Minoritéit, déi selwer keng Stëmm huet, unzëeegnen.

Ee Reflexiounsprozess an ee Portrait

D'Birgit Weyhe erkläert a "Rude Girl", datt si doropshi fir d'éischt emol beleidegt war, an awer e Reflexiounsprozess agesat huet, speziell am Dialog mat enger afroamerikanescher Germanistikprofessorin, der Priscilla Layne.

Dëse Prozess huet schliisslech dozou geféiert, datt d'Zeechnerin decidéiert huet, an hirer nächster Graphic Novel déi Professorin ze portraitéieren an dobäi hir Reaktiounen op d'Aart a Weis, wéi se am Comic duergestallt gëtt, matanzebezéien.

D'Froen zu Representatioun zéien sech duerch déi ganz Graphic Novel, mee et ass ni e Wierk, dat sech direkt op wëssenschaftlech Diskussioune bezitt oder eng Zort theoreteschen Diskurs presentéiert. "Rude Girl" huet eng pragmatesch Approche an argumentéiert, andeems et erzielt a reegelméisseg d'Priscilla Layne zu Wuert komme léisst.

Bild: Avant-Verlag

D'Struktur ass ganz einfach: Et gëtt ëmmer ee Kapitel iwwer eng Episod aus der Professorin hirem Liewen, wéi an enger klassescher Biografie, an dann e Kapitel, wou d'Priscilla Layne kommentéiert, wat d'Birgit Weyhe grad gezeechent huet.

Den Hin an Hier tëschent deenen zwee ass eppes Lieweges, Dynamesches, wat zum Deel och d'Spannung vum Buch ausmécht. Et ass een virwëtzeg, wéi d'Priscilla Layne op dat reagéiert, wat d'Zeechnerin aus hirer Liewensgeschicht gemaach huet, op si do elo eppes kritiséiert, korrigéiert oder Saache lueft.

D'Graphic Novel verännert sech doduerch och permanent: Zum Beispill moolt d'Birgit Weyhe am Ufank keng Hautfaarwen; d'Hautfaarf vun de Figuren ass einfach wäiss wéi d'Faarf vum Pabeier.

Nodeems d'Priscilla Layne mengt, datt do eng wichteg Markéierung vun sozialen Ënnerscheeder verluer geet, notzt d'Zeechnerin dann an de spéidere Kapitelen awer Faarwe fir d'Haut vun de Personnagen.

Doduerch, datt d'Aart a Weis vun der Duerstellung am Comic selwer ëmmer erëm thematiséiert gëtt, liest een och anescht. E bedenkt een de Stil ëmmer mat a fokusséiert net just op d'Geschicht.

Eng spannend Geschicht

D'Geschicht vun der Priscilla Layne ass allerdéngs och spannend an derwäert, erzielt ze ginn. Och dat ass sécherlech e Grond dofir, datt "Rude Girl" net einfach just als Comic-Essai funktionéiert.

D'Priscilla Layne, dat als Comicfigur einfach Crystal heescht, ass e Mënsch, dee ganz vill Facette vun der Diskussioun iwwer Rass an d'Widderspréch, déi domat verbonne sinn, a sech vereent.

D'Crystal wiisst als Duechter vun Awanderer aus der Karibik an engem schwaarze Véierel vun Chicago op, an ass domat quasi Deel vun enger Minoritéit innerhalb vun der Minoritéit. Si staamt och aus enger Aarbechterfamill, esou dass de Wee zur Uniprofessorin alles anescht wéi virgezeechent ass.

Bild: Avant-Verlag

Dozou kënnt, datt d'Crystal vu hiren afroamerikanesche Frëndinnen als "Oreo" vernannt gëtt, wéi de Kichelchen, dee bausse schwaarz a banne wäiss ass. D'Crystal interesséiert sech als Kand nämlech net fir Hip-Hop a Basket, mee fir Baseball, den Indiana Jones an Nirvana, also Saachen, déi an der amerikanescher Kultur souzesoen als "wäiss" gëllen.

En plus léiert si Däitsch an ass faszinéiert vun der däitscher Literatur, och dat ontypesch fir en afroamerikanesche Kontext. Als Teenager a spéider Studentin gëtt d'Heldin schliisslech zum Skinhead, net zum Neonazi-Skinhead, mee zum Deel vun enger antirassischtescher Skinhead-Subkultur, a geet dann als "Rude Girl" - esou nennen sech d'Membere vun där Subkultur - zu Berlin op Concerte vun däitsche Ska- a Punkbands.

Wat ass "déi eege Kultur"?

Et gesäit een also, datt d'Priscilla Layne eng beweegte Liewensgeschicht huet, an där et, genau wéi bei der Diskussioun iwwer kulturell Appropriatioun, dacks ëm d'Fro geet, wat eigentlech zur "eegener" Kultur gehéiert a wéi een sech zu "frieme" Kulture verhält.

D'Birgit Weyhe geet domat op enger spilleresch Manéier ëm, mat ville Bezich op d'Popkultur, wou soi-disant wäiss a schwaarz Kulturen oft vermëscht ginn, wat hir Graphic Novel zu enger amüsanter an duerchduechter Lektür mécht.

Et geet der Birgit Weyhe net drëm, de Virworf vun der kultureller Appropriatioun vu sech ze weisen, mee éischter, sech deem op eng clever Aart ze stellen, bereet ze sinn, fir d'Beschränkungen, och d'Privileegie vun der eegener Perspektiv ze erkennen, awer och oppen ze sinn, fir sech op dat Friemt anzeloossen, dovun eppes ze léieren, an sech dobäi eng gewësse Liichtegkeet, eng Onverkrampftheet ze behalen, ëmmer drun ze gleewen, datt een sech trotz kulturellen Differenze verstoe a sech an anerer eraversetze kann.

Dat ass der Zeechnerin gutt gelongen. Donieft ass dem Priscilla Layne hir Biografie och einfach spannend, mat komplexe Verflechtungen tëschent Afrika, Amerika an Europa, tëschent Schwaarz a Wäiss, déi vläicht souguer méi aussoen, wéi eng akademesch Debatt.