De grousse Problem, dee mir haut hunn, ass eben déi abstrakt Form vu Kommunikatioun an de soziale Medien. Eng Kommunikatiounsform, bei där ee virum PC keng direkt Reaktioun fäerte muss. Well et sëtzt ee virum Computer. Et gesäit a spiert een deen anere net. An d'Hemmschwelle leien do ganz dacks ganz déif. Et schreift een, et klickt een an et ass fort. Ouni z'iwwerleeën. Réischt dono kënnt dann de Gedanken, datt een et och anescht hätt kéinte soen. Mä an deem Fall, de Message ass fort, a virum allem behält een am World Wide Web meeschtens op éiweg seng Tracen.
Dofir pocht zum Beispill de Mediewëssenschaftler Martin Emmer vun der fräier Universitéit Berlin drop, datt och an der digitaler Welt onbedéngt Verhalensreegele misste vermëttelt ginn. An déi digital Educatioun wier deemno och eng vun den zentralen Erausfuerderunge vun der Zukunft.
Méiglech Mesuren
En éischte Schratt an déi Direktioun wier schonn an de 1990er Jore mat der sougenannter Netiquette lancéiert ginn. Mat dëser sollte sozial Ëmgangsformen beim Gebrauch mam Internet codifizéiert ginn. Mä ewell si sozial Medien esou an eisem Alldag verwuerzelt, datt et mat där Netiquette net méi duergeet. Et mussen nei Kompetenzen agefouert ginn. An net nëmme bei Experten, mä bei jidderengem. Dozou gehéieren d'Iwwerpréiwe vu Quellen, oder och d'Méiglechkeet vu juristeschen a soziale Suitten, jee nodeem wat een ëffentlech geschriwwen huet. An och d'Schoulen an d'Eltere spillen eng bedeitend Roll. Och d'Wëssenschaft, d'Politik an d'Medie selwer musse Responsabilitéit iwwerhuelen. Et sollt een opjiddefall bei Mobbing, dem Haass oder de Beleidegungen d'Schold net eleng de soziale Medie ginn.
Also, bei deem nächste Message oder der nächster SMS oder Mail, déi Dir an der Roserei schreift, dréckt net direkt op SEND. Waart e bëssen a liest se nach emol. An da mierkt der meeschtens scho selwer, ob Dir Iech villäicht e bëssen am Toun vergraff hutt.