Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Eemer voll aus dem Liewensfloss

Literatur

En Eemer voll aus dem Liewensfloss

"Je n'irai plus jamais à Feodossia" (Tinbad) ass den néngte Volume vum Lambert Schlechter senger Serie vu kuerze Prosatexter "Le Murmure du monde". Dës Kéier steet d'Vergänglechkeet vum Liewen am Mëttelpunkt.

auto_stories

4 min

198 Prosatexter vun all kéiers bis zu enger Säit ëmfaasst dëse néngte Band vum Lambert Schlechter senger virun 13 Joer ugefaangener Serie "Le Murmure du monde". Dësen neie Worf vu "proseries" steet ënner dem Patronage vun Cesare Pavese an Emily Dickinson. Firwat déi 198 Texter net op 200 opronnen? Vläicht fir sech nach e bësse Sputt ze loossen, an der Viranung, datt d'Mooss geschwë voll kéint sinn an d'Liewen eriwwer...

Den Doud lauert, ass omnipresent souwuel tëschent wéi an den Zeile vun dësen Texter, déi vun Dezember 2017 bis Abrëll 2019 zustane komm sinn. Mir si wäit ewech vun der sonneger Atmosphär, dem mediterrane Liewensgefill aus "Les Parasols de Jaurès", ee Buch, dat de Lambert Schlechter eréischt d'lescht Joer verëffentlecht hat. Mee déi Texter, gréisstendeels en Temoignage vu Vitalitéit am Alter, waren och ee Joerzéngt éischter geschriwwe ginn ...

Manner Liewensfreed, méi Melancholie

Schonn am Titel vum neie Buch ass en dran, den Doud: "Je n'irai plus jamais à Feodossia": dës Uertschaft op der Hallefinsel Krim, um Schwaarze Mier, steet fir all déi Saachen, deenen den Auteur definitiv wäert mussen Äddi soen. Hie schéngt sech der Vergänglechkeet vum Liewe bewosst ginn ze sinn:

"j'ai fini finalement par conclure que la mort est la mort, qu'il n'y a non seulement pas d'échappatoire à la mort, mais qu'il n'y a pas d'alternative".

Spuere vu Vitalitéit hannerléisst de Lambert Schlechter, Joergang 1941, trotz allem nach, ugefaange mat senger legendärer Obsessioun fir dat weiblecht Geschlecht, fir d'Sexualitéit. Mee d'Liewensfreed, dat mierkt een iwwer dem Liesen, huet däitlech ofgeholl. D'Melancholie, d'Gefill vum Elengsinn an och alt emol den Haass op sech selwer hu sech erageschlach a maache sech breet.

Lieweg bleift haaptsächlech nach d'Erënnerung un zwou vergaange Léiften: dem Auteur seng virun iwwer zwee Joerzéngte verstuerwe Fra, an dann eng zweet Fra, déi iergendwann eng Kéier gemengt huet: du bass mir ze al ...

"nuit & jour le trauma de la perte, syndrome d'Alexandrie, à quoi il faut ajouter le trauma du désamour, qui est une permanente sournoise agonie de l'âme."

Ee weideren Trauma, un deem de Lambert Schlechter manifestement knat, ass de Brand, viru gutt véier Joer, vu senger Bibliothéik mat iwwer 20.000 Bicher, déi zesumme mat sengem Haus zu Eeschwëller zerstéiert gouf. Fir e Mann, deen esou fir d'Literatur gelieft huet wéi de Lambert Schlechter, eng Tragedie ...

Wann alles vergaangen ass, bleift d'Literatur

De Schrëftsteller huet de Kapp awer net hänke gelooss, d'Liewe geet weider: "la Terre tourne, tournure absurde". Hien huet jo nach d'Literatur, seng Hellewull un traditionell a modern Referenzen, op déi hie sech réckbesënne kann, grouss Meeschtere wéi Rilke, Tchekhov, Musil, Cioran, Leopardi, méi confidentiel Auteure wéi de Georges Perros an den Hollänner Jan Hendrik Frederik Grönloh genannt Nesci, an nach vill anerer, wéi dee mysteriéise Leonid Torganov ...

An dann huet de Lambert Schlechter virun allem seng eege Schreif - "ma quotidienne menuiserie & marqueterie" - eng Aktivitéit, déi him bal esou natierlech ass, wéi ze ootmen. De Stil vu senge "proseries", datt sinn, wéi gewinnt, laang Sätz aus engem Goss, aus engem Otemzuch, déi aus engem spontane Gedanke kënnen entsprangen a sech op enger Buchsäit entfalen: ënnerbrach gi se héchstens duerch Kommaen.

"Chaque seconde, en fait, est métaphysique"

Hie schreift manner iwwer Gott, dofir méi iwwer d'Welt, iwwer alles an näischt. Existenziell Problemer grad wéi déi klengsten, dem Uschäin no onwichtegst Detailer aus dem dagdeegleche Liewe ginn op de literaresche Leescht geholl. Näischt ass dem Lambert Schlechter ze schued, ze trivial oder ze skurril, fir et - Fieder am Grapp - gedanklech ze exploréieren, wéinstens op enger Buchsäit. Et ass scho bal eppes wéi dem Giacomo Leopardi säin Zibaldone di pensieri, ee Sammelsurium u Reflexiounen. D'Gefill vun der Jalousie, de Bléck, d'Penetratioun, dann awer och de Spëtzer an déi orange Bläistëfter, mat deenen hien a senge Bicher ënnersträicht, souguer "les poils pubiens des anges" sinn him e Gedanke wäert ...

Dem Lambert Schlechter seng Wourecht stécht am Detail. "Chaque seconde, en fait, est métaphysique". Dofir muss ee lues liesen: "On lit toujours trop vite, on ne lit jamais assez lentement". Seng Texter aus der Serie "Le Murmure du monde" liest ee sech am beschten haart vir, wEll een nëmmen esou dem Auteur säi Sënn fir Rhythmus a Musek, seng Poesie, ka genéissen.

"Je n'irai plus jamais à Feodossia" ass ee gewinnte Lambert Schlechter. De Lieser gëtt näischt fundamental neits gewuer, an dach ass et alles: de Gedankegang vun engem Mënsch, de Beweis, datt hien nach lieft. Et ass wéi en Eemer, mat deem een - jee nodeem - aus enger Baach oder engem Floss vun Tënt géif schäffen. Hoffentlech fléisst et nach laang: "je vais mourir, bien sûr, y a pas photo, mais j'écris et j'écrirai, tant qu'il y aura de l'encre."