Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Bleachers - Modern Girl

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En exzellenten Nickel Bösenberg

"Klamms Krieg"

En exzellenten Nickel Bösenberg

"Lehrer sind Mörder! Sie glauben ja nicht, wie viel Kraft so eine einfache Wahrheit gibt." Eng Klass mécht de Professer Klamm responsabel fir de Suicide vun engem vun hire Matschüler. "Klamms Krieg" ass d'Theaterstéck dozou, de Monolog vum Här Klamm. "Brilliant geschriwwen, en intelligent, beonrouegend Stéck", huet d'Equipe vum Escher Theater "Klamms Krieg" annoncéiert.

auto_stories

4 min

E Klassesall, e Pult, e Proff, e Bréif. De Klamm ass Däitschproff, de Publikum sinn d'Schülerinnen an d'Schüler an de Klamm rechent mat senger Klass of. Hien huet e Bréif am Grapp, e Bréif, deen d'Klass, déi virun him sëtzt, him geschriwwen huet.

E Bréif, an deem de Klamm beschëllegt gëtt, Schold um Doud vun engem Schüler ze sinn. Engem Schüler, dee wéinst dem Klamm seng Première net gepackt huet a sech dowéinst d'Liewe geholl huet. De Klamm rechent of, mat der Klass, mat senge Kollegen, mat der Direktioun, mam Schoulsystem, an dat a 55 Minutten, der Längt vun enger Schoulstonn.

D'Atmosphär dréint sech

Am Ufank en Enseignant, dee probéiert d'Tenue ze halen, all Uschëllegung vu sech weist, op d'Bedeitung vun der Bildung a sengem Bildungsoptrag hiweist, mat Goethe sengem Faust ronderëmfuchtelt.

Mat all Minutt déi vergeet, gëtt d'Atmosphär méi beklemmend, de Klamm entwéckelt sech ëmmer méi ze enger Zort Michael Kohlhaas, dee säi Frust, seng Verbatterung a seng Enttäuschung reegelrecht erauskatzt. Dee sech a senger Hëlleflosegkeet, senger him géigeniwwer gefillter Ongerechtegkeet verléiert, era steigert.

Eng Rees zeréck an d'Schoulzäit

An et fillt ee sech net wuel, wann de Klamm dann och seng Klass uschwätzt, freet, wien da liese wëll, wien dem Gretche seng Fro da verstanen huet. Et fillt ee sech a seng eege Schoulzäit zeréck gesat, et erënnert ee sech un déi Proffen, déi ee gefaart huet an un déi, déi ee fäerdeg gemaach huet.

Ass dat e Mënsch, deen do uewe steet, e Mënsch aus Fleesch a Blutt, dee fillt an traureg ka sinn, een deen och ausserhalb vum Schoulgebai existéiert, een deen net just do ass, fir engem d'Liewe schwéier ze maachen?

Eng wonnerbar Duerstellung

An all dat Fillen an Denken ass just méiglech duerch déi wonnerbar Duerstellung vun engem Nickel Bösenberg, deen esou absolut a senger Roll opgeet, datt ee bal vergësst, datt een am Theater sëtzt, datt een net betraff ass, datt een zu all Moment opstoen a goe kann, datt e Schauspiller an net ee reell verzweiwelte Proff virun engem steet.

E Proff, dee sech sécherlech zu sengem Job beruff gefillt huet, deen eng Léift fir d'Literatur a sech dréit. Deen un d'Kraaft an d'Muecht vum Wëssen an der Bildung gegleeft huet an ëmmer méi dëse Glawe verluer huet.

Déifgrënneg Themen

Et fale Sätz wéi "Schule wird sich nie ändern. Weil es immer Menschen geben wird, die mehr wissen als andere.", oder "Schule ist Zwang. Das war sie immer, das wird sie immer sein, und Lehrer wie Schüler verdanken diesem Zwang ihre gemeinsame Existenz."

D'Relatioun tëscht Schüler an Enseignant gëtt opgeworf, d'Muechtverhältnisser, awer och d'Relatioun ënner de Kollegen, dann och Mobbing, de Suicide, d'Responsabilitéit, géigesäitege Respekt an Disziplin.

Eng Krichserklärung

"Herr Klamm, hiermit erklären wir Ihnen den Krieg", steet am Bréif an et ass och kloer eng Krichsstëmmung déi opkënnt. De Klamm erlieft säi Job just nach als e Krich an et ass eng martialesch Sprooch, un där sech de Klamm zerwéiert: "Lehrer sind Mörder", mir kennen den Ausdrock "Soldaten sind Mörder, Niemand beginnt einen Krieg, den er nicht gewinnen will.".

An dann ass de Klamm houfreg drop, wou hien zu senger Konklusioun kënnt, de Schüler huet sech wéinst der Schoul ëmbruecht, et war net e Stierwe fir d'Heemecht, mee e Stierwe fir d'Abitur.

Eng iwwerzeegend Inzenéierung

De Klamm drift ëmmer méi an eng Form vu Wahnsinn of, péckt net just en Apel a Prüfungsblieder, mee och eng Fläsch aus senger Mapp. Am Alkohol fënnt hien e gewëssen Trouscht.

Klamms Krieg - e Stéck, dat och de Schoulklasse virgefouert gëtt. Et ass ze hoffen, trotz dësem staarken Text, datt net vergiess gëtt, d'Ëmsetzung geschat ze ginn, well déi ass et absolut derwäert. Dem Nickel Bösenberg säin Ausdrock, kierperlech a sproochlech ass einfach esou iwwerzeegend an do muss een net just him, mee och der Marion Poppenberg fir dës Inzenéierung felicitéieren.