Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Bühn fir Literatur aus Lëtzebuerg

Kultur

Eng Bühn fir Literatur aus Lëtzebuerg

De Cornel Meder huet ronn 35 Joer laang déi kulturell a pädagogesch Zäitschrëft Galerie geféiert. Säi Wonsch war, datt och no sengem Doud de Joergang fäerdeg gemaach gëtt. Elo koum déi viraussiichtlech zweetlescht Nummer vun der Galerie eraus, eng reng literaresch Editioun, an där zäitgenëssesch Literatur aus Lëtzebuerg eng Bühn kritt huet.

auto_stories

4 min

De Proff, Direkter, Politiker, Schrëftsteller an Editeur Cornel Meder huet an de 60er a 70er Joren eng reegelrecht Pionéieraarbecht gemaach, wat den Domaine vun der Literatur betrëfft. De Fërderer vun der zäitgenëssescher Luxemburgistik, fir hei de Claude Conter ze zitéieren, huet net just selwer geschriwwen a publizéiert, mee och a virun allem ëmmer probéiert anere Schreiwenden eng Plattform fir hir Wierker unzebidden.

Schonn 1965 huet hien d'Publikatiounsrei impuls gegrënnt, d'Literaturzäitschrëft doppelpunkt an och MOL, eng méisproocheg literaresch Publikatioun, déi vun 1978 bis 1983 erauskoum an un där vill bekannt Autorinnen an Auteure matgewierkt hunn.

1982 ass et dann un der Rei vun der kultureller a pädagogescher Zäitschrëft Galerie, déi bis zum Doud vum Cornel Meder den 2. Juli 2018 erauskoum.

Mee mat der Galerie war et do awer net eriwwer. Seng zwee Kanner, d'Françoise an de Charel Meder, sou wéi de Franck Colotte an den Armand Logelin hunn d'Aarbecht ronderëm d'Galerie weidergeféiert, sou de Charel Meder. Si haten hirem Papp versprach, dëse Joergang nach fäerdeg ze maachen.

"Mir wollten eng literaresch maachen, e bëssen an der Traditioun vu sengen editoresche Saachen, déi hie virdru gemaach huet, d'Serie MOL zum Beispill, wat och eng Bühn war fir Auteuren hei zu Lëtzebuerg an enger Zäit, wou et nach net esou vill Publikatiounsméiglechkeete gouf. An dowéinst wollte mir eng reng literaresch Nummer maachen."

E Querschnëtt, iwwer d'Verlagsgrenzen ewech

Eng Bühn kruten dann och d'Auteuren an Autorinnen aus Lëtzebuerg an dësem Band vun der Galerie: 20 Texter vun 28 Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller. Prosa, Theater, Lyrik, Collage ...

"Meng Iddi war sou e bëssen e Querschnëtt ze bréngen, wat et hei ze Lëtzebuerg un Auteuren an Autorinne gëtt, iwwer d'Verlagsgrenzen am Fong geholl ewech. Jonk Auteuren, confirméiert Auteuren, Bekannter, manner Bekannter, an dat alles an enger Nummer zesummen."

Vun A wéi Patricia Andrieu bis W wéi Jacques Wirion, dertëscht d'Anja Di Bartolomeo, de Gast Groeber, de Samuel Hamen, de Guy an den Nico Helminger, d'Josiane Katheiser, de Jhemp Hoscheit, d'Nathalie Ronvaux, d'Nora Wagener an nach vill méi. Awer och en Text, dee sech mam Schrëftstellertum beschäftegt, vum Cornel Meder.

Nëmmen Inéditen

De Charel Meder war selwer iwwerrascht iwwer de grousse Succès vum Appell bäi de Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren.

"Ech hunn den Auteure fräi Hand gelooss, meng Virgab war, datt ech gesot hunn, en Text vu maximal zéng Säiten. Et ka Prosa sinn, et kënne Gedichter sinn, et kënnen zeenesch Texter sinn, d'Thema ass egal. Dat do gëtt eng Bühn, wou dir iech kënnt drop presentéieren. Pour le reste, hunn ech den Auteure komplett vertraut, datt si gutt Text géingen areechen. An ech mengen, wann een d'Nummer an der Hand hält, da gesäit een, datt effektiv jiddweree gutt Texter eragereecht huet."

Sämtlech Texter, déi fir dës Nummer vun der Galerie erakoumen, sinn Inéditen. Verschiddene wieren extra dofir geschriwwe ginn, anerer wiere relativ séier erakomm, "déi louche manifestement am Tirang", nach anerer wiere kuerz virun der Deadline erakomm.

Eng Festschrëft fir de Cornel Meder

Dës Editioun ass awer nach net déi lescht Nummer vum Cornel Meder senger kultureller Zäitschrëft Galerie. Eng weider a viraussiichtlech lescht Nummer ass mol sécher, sou de Charel Meder.

"Dat gëtt eng Aart Festschrëft fir mäi Papp. De Franck Colotte wäert déi koordinéieren. Hien ass am Gaangen, déi ze koordinéieren, do ginn e bëssen déi Domainer ofgedeckt, an deenen hien aktiv war. Am Beräich vun der Kultur, am Beräich vun der Schoulpolitik an der Politik, an da gëtt d'Galerie agestallt."

Natierlech bedaueren elo eng ganz Rei vu Leit a sécherlech d'Abonnente vun der Galerie dësen endgültegen Abschid vun der Galerie. Mee sou ganz definitiv muss et net eriwwer si mat der Kulturzäitschrëft. Et kéint ee sech awer gutt virstellen, datt eng Equipe d'Galerie, no enger Schounfrist vun zwee Joer, nees kéint relancéieren. Ähnlech war dat och scho bei de Cahiers luxembourgeois geschitt.

Franck Colotte interesséiert fir virunzefueren

De Charel Meder ass keen Onbekannten an der Lëtzebuerger Literaturlandschaft. Theater, Hörspiller, Prosatexter an och eng Rei Literaturpräisser huet den Däitschproff virzeweisen. Selwer mat der Galerie virun ze fueren, wier awer keng Optioun. Esou e Projet wier immens zäitopwändeg, et bräicht ee vill Kontakter a sou weider. De Franck Colotte hätt sech awer scho gemellt fir virunzefueren.

"[...] wéi gesot, et muss sech eng Equipe ronderëm konstituéieren. Bei mengem Papp war dat en Ee-Mann-Betrib, an dat huet ganz, ganz vill Stonnen an Usproch geholl, dat ass hautdesdaags bal net méi machbar, wat hien do gemaach huet."