Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng grouss Erzielung vun de Lëtzebuerger Fraen an der Resistenz"

Geschicht

"Eng grouss Erzielung vun de Lëtzebuerger Fraen an der Resistenz"

Déi däitsch Historikerin Kathrin Mess huet déi éischt allgemeng Duerstellung iwwer Lëtzebuerger Resistenzlerinne verëffentlecht: "Hier kommst du nie mehr raus. Luxemburger Frauen im Zweiten Weltkrieg. Zwischen Widerstand, Verfolgung und Inhaftierung" (Institut für Geschichte und Soziales Luxemburg a.s.b.l.). Thematiséiert gëtt am Buch och d'Zäit nom Krich an déi schwiereg gesellschaftlech Unerkennung vun hirem Widderstand.

auto_stories

3 min

Hiert Buch ass d'Resultat vun 20 Joer Fuerschung, sou d'Kathrin Mess. D'Historikerin hat hir Recherchë bis dohin an enger Ausstellung iwwer déi vergiesse Resistenzlerinnen zesumme gedroen, déi fir d'éischt 2013 am Groussen Theater gewise gi war. Donieft hat si Artikelen an eng Editioun vum Tagebuch, dat d'Yvonne Useldinger am Frae-KZ zu Ravensbrück geschriwwen hat, publizéiert.

Fir den typesche Parcours vu Fraen nozezeechnen - Widderstand, Verhaftung, Folter, Gefaangenschaft am Lager, asw. - hätt d'Kathrin Mess sech besonnesch op d'Marie Demuth an d'Cécile Kips konzentréiert, zwou Biographien, déi si gepräägt hätten:

"Die Marie Demuth ist kurz nach ihrer Befreiung gestorben, sie war TBC-krank. Und von der Cécile Kips gibt es immer nur ein paar Bemerkungen, zum Beispiel, wenn Yvonne Useldinger in ihr Tagebuch schreibt: 'heute ist Cécile Kips gestorben', usw. Von der Frau gab es einfach nichts. Ich habe gedacht: das kann nicht sein! Du fährst nach Luxemburg und suchst einfach!"

"Ich habe 6-7 Frauen interviewen können"

Interviewe mat Zäitzeien, nieft där méi klassescher Fuerschung opgrond vun Dokumenter, stinn am Mëttelpunkt vun där Aarbecht:

"Also die groβen Archivrecherchen, zum Beispiel in der Gedenkstätte Ravensbrück, in Bergen-Belsen oder in Auschwitz, waren wichtig. Aber dann habe ich auch 6-7 Frauen interviewen können. Die waren damals noch am Leben, sind jetzt alle leider schon gestorben. Mit Madeleine Weis-Bauler habe ich mehrfach ausführlich sprechen können, auch Yvonne Uselinger und Germaine Paulus-Schaack konnte ich interviewen. Langsam ergab sich dann ein ganz groβes Bild und eine groβe Erzählung der Luxemburger Frauen in der Resistenz, nach der Verhaftung, in der Gefangenschaft und auch in der Zeit danach."

D'Resistenz vu Frae géint d'Nazi-Besatzung gouf nom Krich hei am Land kaum honoréiert. Fir d'Frae war e Kampf ëm gesellschaftlech Unerkennung ugaangen, erkläert d'Kathrin Mess:

"Was haben sie nach 1945 erlebt? Konnten sie sich engagieren in der Luxemburger Gesellschaft? Wie haben sie sich eingebracht? Wie war der Stand der Emanzipation in Luxemburg? Die Frauen haben ja in der Widerstandsarbeit sehr viele Kompetenzen dazu gelernt. Die haben Mut bewiesen, die haben Organisationstalent bewiesen, die haben sich mit anderen vernetzt. Diese Frauen waren plötzlich in einem groβen politischen Raum unterwegs. Und nach '45 empfahl ihnen dann die Zeitung (Luxemburger Wort, md): ja, jetzt bleib mal zu Hause und sieh zu, daβ du's deinem Mann mal schön machst!"

Biographië vu Resistenzlerinnen

Der Kathrin Mess hiert Buch riicht sech - der lëfteger Opmaachung mat de ville Fotoen no ze beurteelen - virun allem och un de grousse Public. An engem besonnesch wäertvolle leschten Deel zeechent d'Historikerin d'Kuerzbiographië vun ongeféier 200 Lëtzebuerger Widderstandskämpferinnen - an dat sinn natierlech just déi Fraen, déi fräiwëlleg oder onfräiwëlleg Spueren hannerlooss haten.

Iwwer d'Resistenzlerinne bleift iwwerdeems nach villes z'erfuerschen. D'Kathrin Mess selwer plangt schonn emol eng Monografie iwwer d'Lily Unden, eng vun de wuel bekanntste Figure vum Lëtzebuerger Widderstand.