Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng nodenklech a sensibel Approche un d'Liewen an der Friemt

Sandra Gugic -Zorn und Stille

Eng nodenklech a sensibel Approche un d'Liewen an der Friemt

Mat hirem zweete Roman "Zorn und Stille" ass déi éisträichesch Schrëftstellerin op der Shortlëscht fir den Däitsche Buchpräis gelant. Zu Recht, fënnt d'Valerija Berdi, eng komplex Geschicht iwwer eng Famill, déi ganz ënnerschiddlech Vuen op d'Liewen, op Vergaangenheet an Erwaardungen huet.

auto_stories

3 min

Eng Famill, wéi et der wuel vill gëtt, Mamm Papp, e Meedchen an e Jong. Migranten aus dem fréiere Jugoslawien, keng Krichsflüchtlingen, well d'Koppel ass nach an de glécklechen Zäite vu Jugoslawien an Éisträich ausgewandert. An engem baussechte Bezierk vu Wien, wou de Loyer net esou deier ass, wou een d'Toilette mat den anere Locatairen deelt a probéiert net opzefalen, wou een net eng, mee zwou oder dräi Aarbechten huet, lieft d'Famill Banadinovic.

D'Biljana ass e braavt a fläissegt Meedchen, dat sengen Eltere gutt follegt a frou ass, wéI de klenge Brudder gebuer gëtt. Alles leeft gutt bis d'Biljana an d'Pubertéit kënnt an net méi dat braavt Immigrantekand wëllt sinn.

Eng déifgrënneg a variéiert Entwécklung

D'Sandra Gugic, déi selwer aus enger Aarbechterfamill aus dem fréiere Jugoslawie staamt, huet mat "Zorn und Stille" e spannenden an intelligente Coming-of-age-Roman geschriwwen.

Och wann d'Schrëftstellerin der Geschicht vum jonke Meedchen nëmme knapp 200 Säite geschenkt huet, ass d'Erzielung esou konzentréiert, datt et eng kuerzweileg awer räich Lecture ergëtt, well nieft dem Ausbroch vum Biljana aus der traditioneller Welt vu sengen Elteren, déi ganz Entwécklung déifgrënneg a variéiert beschriwwe gëtt.

Der Gugic hir Figure si wéi déi russesch Matrjoschka-Poppen. Fir d'éischt léiert ee se an hirem familiären Ëmfeld kennen, éier een zum Kär vun den eenzele Personnagë kënnt.

Zeréck op Belgrad

D'Geschicht gëtt aus der Siicht vun der Erwuessener Biljana erzielt, si ass um Wee op Belgrad fir um Begriefnes vun hirem Papp deelzehuelen. Um Flughafen erënnert si sech un eenzel Zeenen, déi dozou geféiert hunn, datt si mat 17 Joer doheem ugaangen ass, fir alles dat hanner sech ze loossen, wat si gebremst huet. Si ass elo eng unerkannt Fotografin an huet souguer hiren Numm geännert.

Billy Bana - en Numm, dee reng ass vu Migratiounshannergrond, vum fréiere Jugoslawien, vun de Balkan-Kricher, kuerz vum Stempel, deen een als Auslänner mat sech dréit. Net just d'Biljana, och de klenge Brudder an déi zwee Elterendeeler hu genuch Plaz am Roman.

Wisou huet de Papp kee Kontakt zu sengem eegene Papp, wisou ass hien ausgewandert? Wisou ass d'Mamm deemools matkomm, wéi gesinn d'Elteren hiert Liewen, wat ass aus hire Wënsch an Dreem ginn? Wéi erliewe si den Zerfall vu Jugoslawien? Wéi d'Entwécklung vun hirer Duechter, fir dat si dach dat bescht wollten?

Ee komplexe Roman

Der Sandra Gugic hir Sprooch ass grad esou komplex wéi hir Protagonisten. Ee rasanten Tempo, wann een d'Biljana oder Billy op hire Reese begleet, hir Onrou a Verzweiwlung kenneléiert, poetesch Wierder, wann et ëm d'Léift fir de Brudder geet, eng sachlech Beschreiwung, wann déi eenzel Statioune vum Liewe beliicht ginn.

E Roman, deen net an deem scho bal klassesche Balkan-Stil erzielt ass, wou den Drama just witzeg a grotesk erzielt gëtt, mee eng nodenklech a sensibel Approche un d'Liewen an der Friemt, un de Generatiounswiessel, un Ängschten, Suergen a Zukunftsgedanke vun enger u sech ganz klassescher Famill.