Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Pianiste-Karriär an der Pandemie

Corona-Pandemie

Eng Pianiste-Karriär an der Pandemie

Den Israeli Yoav Levanon ass ee vun de villverspriechendste jonke Pianisten am Moment. 2020 wollt hien eigentlech seng international Karriär lancéieren. Du koum alles anescht.

auto_stories

4 min

Et ass mam Mendelsohn senge "Variations seriéuses" mat deenen de Yoav Levanon Ufank September säi franséischen Debut am Cloître des Jacobins zu Toulouse opmécht, e Concert, deen allgemeng eng staark Impressioun esouwuel beim Public, wéi an der Musekspress hannerloosse sollt.

An dat manner, well een et hei mat engem vu ville villverspriechende Prodige ze dinn hätt, vun deenen ee spéider dacks manner héiert, wéi well et sech hei ëm e jonke Pianist handelt, deen och mat senge 16 Joer schonn eng ganz eegen Approche un den Dag leet, esouwuel an der Auswiel an der Interpretatioun vu Stécker, wéi an der Manéier, wéi hie sech deem ganze Rummel ronderëm d'Pianistekarriär ze entzéie weess. Wéi sicht hie sech da seng Stécker eraus?

"Ech siche meng Stécker no mengem Goût eraus. Ech stelle mäi Repertoire a Programm zesummen. Fir de Concert zu Toulouse am Cloître des Jacobins hunn ech zum Beispill e Programm zesummegestallt, deen ech Beethoven Monument genannt hunn. An obwuel een unhuele kéint, datt et sech heibäi ëm Beethoven-Stécker handelt, hunn ech d'Geschicht opgegraff vum Beethoven-Monument zu Bonn, fir dat d'Komponiste Stécker zesummegestallt haten, fir de Bau ze finanzéieren. An déi Stécker hunn ech gespillt: esouwuel dem Mendelsohn seng Variatiounen, wéi eng Schumann-Fantasie, déi un de Liszt dediéiert war ,an op déi de Liszt mat senger un de Schumann dediéierter Sonat äntwere sollt."

Eng Musekerfamill

De Yoav Levanon staamt aus enger Musekerfamill. Esouwuel seng Mamm, wéi och seng Gesëschter si Museker. Säi Papp Shai Levanon, ausgebilte Museker, huet eng Karriär an der High tech Industrie hanner sech, managt a begleet haut säi Bouf, esou z. B. op New York, wou de Yoav Levanon mat sechs an der Carnegie Hall opgetrueden ass, oder op Neapel, wou hie mat eelef am Teatro San Carlo mam Chopin sengem éischte Pianos Concert ze beandrocke wosst.

Wat bedeiten da fir de Yoav Levanon déi Rencontere mam Public?

"Ech denken do u vill Saachen. Ech versiche mat den Nolauschterer ze kommunizéieren, mech mat hinnen ze verbannen an hinnen ze weisen - an normalerweis hunn ech d'Gléck Nolauschterer ze hunn, déi verstinn, wat ech hinne weise wëll u Sënn, un Déift - d'Gefiller, d'Faarwen. Ech froe mech natierlech och, wat de Komponist mat sengem Stéck aussoe wollt, wéi een déi Geschicht doranner erzielen, wéi en Opbau ech där Geschicht ginn, a wou se higeet. Wou ass hiren Héichpunkt? Well all Stéck ass wéi eng Rees, déi muss opgebaut ginn."

De Stellewäert vun der Musek a Kultur

2020 sollt fir de Yoav Levanon eigentlech dat Joer sinn, an deem hie seng international Karriär lancéiere wollt. Am Januar nach huet hien op Schloss Elmau nieft dem Martha Argerich gespillt, spéider um Riga-Jurmala Festival an zu Verbier, als jéngsten invitéierte Pianist an der Geschicht vum Festival.

Tëschent dem Concert zu Toulouse am September a sengem leschte Concert dëst Joer zu Bad Kissingen Ufank Oktober, hu mir hien dann zoufälleg mat sengem Papp zu Tréier begéint. Duerno huet d'Pandemie seng Karriär wéi och déi vu villen anere Kënschtler als éischt mol ausgebremst. Säi Papp suergt sech dann och mëttlerweil manner dorëms, datt säi Jong ze vill Concerte kéint ginn, wéi ëm d'Fro, ob a wéi sech de Kultursecteur no dëser Pandemie erhëlt.

"Mir gesinn, datt alles, wat organiséiert gëtt, all déi grouss Festivallen, gesponsert sinn. Et ass also net dat selwecht, wéi wann een Affekot ass oder Ingenieur, an engem seng Aarbecht iergendwéi sécher ass. Et ass e Risiko hei fir all déi Leit, déi méi optriede wëlle wéi si z. B. enseignéiere wëllen. Déi ganz Situatioun am Moment dréckt een also an déi Karriär eran, déi ee wëllt maachen. Och wann et Museker gëtt, déi Kompromësser aginn. Ech weess zum Beispill, datt am Beräich vum Jazz déi meescht, déi wëlle Concerte ginn och enseignéiere mussen. Mee Museker musse meeschtens Kompromësser agoen. Ech hoffen, datt et fir de Yoav, dee bis elo ganz vill Succès hat, och esou weidergeet, an hie säin Dram verfollege kann, ee vun de beschte Pianisten ze ginn, an hie sech net ze vill Suerge maache muss. Mee déi ganz Kultur ass dee Beräich, deen am meeschten a Gefor ass, a wéi mer all wëssen och subventionéiert ass. Et ass net wierklech eng Welt, déi vu sech aus Suen ofwerft an dach brauche mer all déi Welt vun der Konscht. Et ass eppes, wat fir d'mënschlech Existenz einfach wichteg ass an aus deem Gronn och gesponsert ass. Mee eigentlech hunn ech dee Begrëff Sponsor net esou gären. Ech misst ee kënnen en dezent Liewe féieren, ouni op Sponsore vu Festivallen an esou weider ugewisen ze sinn. Mee dat ass en Theema, iwwer dat ee stonnelaang diskutéiere kéint."

Glécklecherweis goufe vill vun den Invitatiounen op nächst Joer verluecht an eisen Informatiounen no ass de Yoav Levanon och a Gespréicher fir an eiser Regioun opzetrieden.