Radioen

On air

One World  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Femme avec tête(s)

Kultur

Femme avec tête(s)

Am Kader vum siwenten Europäesche Mount vun der Fotografie kënnt Dir zu Lëtzebuerg op 16 verschiddene Plaze Fotoausstellunge zum Thema "Bodyfictions", also Kierperfiktiounen kucke goen. Et kann een haaptsächlech Aarbechte vu jonken, nach onbekannten, Talenter entdecken. Mee et ginn interessant Ausnamen. D'ORLAN, 1947 als Mireille Suzanne Francette Porte op d'Welt komm, huet sech zum Beispill zanter den 1970er an der Konschtwelt etabléiert.

auto_stories

3 min

Den "European month of photography", kuerz Emop, ass déi Kéier mat "Bodyfictions", also Geschichten, déi de Kierper zielt, iwwerschriwwen. Den Titel passt bei d'ORLAN wéi eng zweet Haut. Zanter den 1970er steet de Kierper, an zwar hiren eegenen, am Zentrum vun hirem Schafen, thematiséiert si a Peinturen, Skulpturen, Fotoen, Performancen a Videoinstallatiounen déi politesch, reliéis a sozial Pressiounen, deenen eise Kierper ausgesat ass. Zanter 1978 huet si eng ganz Partie plastesch-chirurgesch Agrëff bei sech selwer virhuele gelooss, verschiddener dovunner goufe gefilmt an d'Opname public gemaach, fir op e Recht op d'Verwandlung vum eegene Kierper no eegene Virstellungen ze pochen a sech géint gängeg Schéinheetsidealer ze positionéieren. An zanter Enn der 1990er huet si un der Foto-Serie "Self-hybridations" geschafft, vun där si verschiddener am Cercle Cité presentéiert.
D'Kënschtlerin nennt sech selwer "Femme avec tête(s)." Wou steet der ORLAN hire Kapp?
Si pendelt tëschent Frankräich an Amerika, enseignéiert op Konschthéichschoulen, ass an der Editioun aktiv, organiséiert deen een oder anere Symposium, verflicht sech fir Kënschtlerresidenzen a versicht als Kënschtlerin weiderhin d'Grenze vun der Konscht ze sprengen, zum Beispill andeems si Biotechnologië souzesoen als Pinsel asetzt: ënner anerem bei der Installatioun "Manteau d'Arlequin". Der Kënschtlerin hir eegen Zellen an Déierenzellen waren dobäi de Stoff fir der Kaiserin hir nei Dreem, respektiv Kleeder.
"Ech ënnerwerfe mech net, weder enger Disziplin, nach enger Technik, nach enger Technologie. Ech soen dat, wat fir mäi Gefill wichteg ass, fir eis Zäit. Natierlech respektéieren ech eng kritesch Distanz. Nodeems de Sujet steet, definéieren ech eréischt d'Materialitéit vun der Aarbecht. Deementspriechend hëlt meng Aarbecht ganz verschidde Formen un: ech ka grad esou gutt mat deierem Marber, wéi och mat 3D-Printing schaffen."

Géint Communautéiten a fir Identitéiten

Grad esou wéi d'ORLAN Wäert drop leet, datt bei hirem Kënschtlernumm sämtlech Buschtawe grouss geschriwwe ginn, esou gëtt si queesch, wann hire Konschtstil net respektéiert an also kopéiert gëtt, ouni si ze zitéieren. Zanter 2013 geet si zum Beispill wéinst Plagiat juristesch géint d'Lady Gaga vir. D'ORLAN kritiséiert allerdéngs net fir ze missionéieren oder ze uniformiséieren.
"Ech wëll op kee Fall eng Communautéit: ech si géint Communautéiten, géint Originnen; ech si fir Identitéiten am Wandel, an der Mutatioun, nomadesch Identitéiten. Den "Ech" ass eng Fiktioun. Dat ka changéieren, jee no Renconteren, jee no Ereegnesser, jee no der eegener Evolutioun."

"Art charnel"

Do schéngt et nëmme logesch, datt d'ORLAN viru genee zéng Joer e Manifest fir en eegene Konschtstil publizéiert huet: den "Art charnel", dës fleeschlech Konscht wëllt sech vum Body Art ofgrenzen, definéiert sech als "un travail d'autoportrait au sens classique, mais avec des moyens technologiques qui sont ceux de son temps; Contrairement au "Body Art" dont il se distingue, l'Art Charnel ne désire pas la douleur, ne la recherche pas comme source de purification, ne la conçoit pas comme Rédemption. L'Art Charnel ne s'intéresse pas au résultat plastique final, mais à l'opération-chirurgicale-performance et au corps modifié, devenu lieu de débat public. " Wéi reagéiert eigentlech hire Kierper op all dës Aktiounen.
"Ech hu mir dës Fro net gestallt, ech hu gemaach, wat ech wichteg fonnt hunn, sou wéi ech et hu misse maachen. Ech hu mech esou gutt et gaangen ass geschützt, fir ausgeglach ze bleiwen, fir an aller Rou dat maachen ze kënnen, wat ech wollt."