Wéinst dem Schantje vun der Cité judiciaire war de Site viru gutt zwanzeg Joer mat Sand zougeschott ginn. Am Virfeld hate Sondagë gewisen, datt nawell vill Elementer vum fréiere Klouschter ënner dem Helleg Geescht-Plateau erhale bliwwe sinn, dat obschonns dat reliéist Gebai 1770 zerstéiert gi war.
Allerdéngs hat sech Lëtzebuerg géigeniwwer der UNESCO engagéiert, de Site ze valoriséieren. No enger politescher Decisioun d'lescht Joer konnten d'Aarbechten um archeologesche Site, déi am Sand verlaf waren, also nees weidergefouert ginn.
Passerelle a multimedial Presentatioun geplangt
Zanter Mee dëst Joer gëtt de Sand erausgeholl. D'Strukture vum fréiere Klouschter gi fräigeluecht. An um Enn soll de Site dem Public zougänglech gemaach ginn: mat enger Passerelle an enger multimedialer Presentatioun. Mëtt bis Enn 2024 soll den archeologesche Site opgemaach ginn.
Um Wierk sinn den Institut national pour le patrimoine national (INPA), den Institut national de recherche archéologique (INRA), den Architektebüro Teisen-Giesler an en Zeenograph, deen nach iwwer Ausschreiwung muss ermëttelt ginn.