Radioen

On air

Notturno  |  Bernice - Groove Elation

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gezeechent: Ausverkaf a Russland

Pierre-Henry Gomont, Slava, 1: Après la chute

Gezeechent: Ausverkaf a Russland

Wéi ass dem Putin säi Russland entstanen? Déi Fro stellen sech aktuell vill Leit, och Comiczeechner. A senger neier BD "Slava," där hiren éischt Band, "Après la chute", grad bei Dargaud erauskomm ass, hëlt eis de Pierre-Henry Gomont mat zeréck an d'Nonzeger, wou d'Ära vum Kommunismus grad zu Enn gaangen ass, a sech d'russesch Gesellschaft nei organiséiert huet.

auto_stories

5 min

A sengem Virwuert erkläert den Auteur, datt e scho virum Krich an der Ukrain un der BD geschafft huet, mee duerch déi aktuell Ëmstänn kuckt een natierlech mat aneren Aen doropper. "Slava" erzielt vun der Zäit tëschent Gorbatschow a Putin, enger Zäit vu grousse Verännerungen a vill Duercherneen, an där ee vläicht eng Erklärung dofir fënnt, firwat sech d'Land am neie Joerdausend esou entwéckelt huet, wéi een dat elo gesäit.

Natierlech ass d'BD keen dokumentarescht oder geschichtswëssenschaftlecht Wierk, mee eng Fiktioun, déi probéiert, mat hire Mëttelen d'Entwécklungen a Russland ze verstoen.

Eng Raibergeschicht am Nordkaukasus

De Titel vum Buch ass de Numm vun der Haaptfigur, e jonke Moler, deen nach der Zäit vun der Sowjetunioun mat senger regimmkritescher Konscht bekannt ginn ass, elo, wou de Regimm verschwonnen ass, allerdéngs seng Raison d'être verluer huet.

Nodeems jorelaang anerer - Galeristen a Sammler - mat senge Biller Sue gemaach hunn, hien awer kaum, wëllt en, lo wou de Kapitalismus a Russland ukomm ass, och emol Geschäfter maachen.

Dofir huet hie sech mat engem Kolleeg zesummegedoen, dem Lavrine, e fréiere Schwaarzmaarthändler, deen Ambitiounen huet, zum Oligarch ze ginn. Dat Schéint um Kapitalismus, seet de Lavrine, ass net, datt een egal wat kafe kann, mee datt een egal wat verkafe kann.

Nach ass hien awer nëmmen e klenge Fësch, dee mam Slava zesummen duerch de Nordkaukasus zitt an eidel Staatsgebäier plëmmt, fir dat, wat een och nëmmen iergendwéi demontéiere an apake kann, weiderzeverkafen. Esou gesinn erzielt de Pierre-Henry Gomont eng Raibergeschicht, vun zwee, déi sech um kollektive Besëtz beräicheren.

D'Oligarchie mat hiren eegene Waffe schloen

Am Laf vun der Geschicht ännert sech awer munches a dëser Hisiicht. Ganz am Ufank geet eng Missioun vum Slava a vum Lavrine schif a si stranden an engem Dall mat enger grousser Minière - e Symbol vum alen Aarbechterstaat.

Si léiere hei d'Nina a säi Papp Volodia kennen, déi sech iergendwéi duerchschloen, an deenen déi zwee Gäscht net geheier sinn. D'Minière ass viru kuerzem vum Staat zougemaach ginn an et gëtt eng Offer vum engem Oligarch erwaart, deen Investitiounen an d'Regioun versprach huet.

D'Nina an de Volodia, genau wéi déi aner Bewunner vum Dall, wëssen awer, datt dat just en Trick ass, fir de Präis ze drécken an d'Filetsstécker vun der Minière deier weiderzeverkafen.

Hei kënnt dann de Moment, wou de Slava an de Lavrine beweise kënnen, datt se net just d'Profiteuren a Parasitte sinn, fir déi d'Nina an de Volodia se halen. Si decidéieren, der Communautéit ronderëm d'Minière ze hëllefen, an deem se selwer e puer vun de beschte Maschinne verkafen, fir mat deene Suen d'Offer vum Oligarch z'iwwerbidden.

Et geet also drëm, dëse mat sengen eegene Waffe ze schloen, an och fir am Chaos am Land, wou anscheinend keng Gesetzer méi gëllen, wou, wéi et eng Kéier mat Verweis op den Thomas Hobbes heescht, een dem anere säi Wollef ass, trotz allem zesummenzehalen.

Eng ofwiesslungsräich BD mat Déifgang an Humor

Stilistesch ass Slava, alles an allem, eng ganz typesch BD, déi sech duerch vill Ofwiesslung auszeechent. D'Hannergrënn sinn éischter realistesch gezeechent, mee d'Figure sti kloer an enger Cartoon-Traditioun.

Et ass eng BD mat vill Humor, bal mat Slapstickzeenen, déi ee beim Sujet vläicht net onbedéngt erwaarde géif. Visuell lieft d'Buch vum Kontrast tëschent de verschneite Bierglandschafte vum Kaukasus, der Industriearchitektur vun der Minière an hirer Ëmgéigend, an der Stad, an där d'Handlung zum Schluss spillt.

Hei sti brutalistesch, verfale Wunnhaiser niewe luxuriéise Gebaier, wou fréier d'Parteikaderen an an aus gaange sinn a sech elo d'Nouveau riches treffen.

Mat deene verschiddenen Zeenerië sinn och ënnerschiddlech Zorte vun Zeene verbonnen. Et gëtt Schéissereien a Poursuitten, roueg Momenter an der Natur oder laang Dialoger am Restaurant. Eng Libesgeschicht gëtt et och - also et ass fir alles gesuergt.

Heiansdo kéint ee mengen, datt de politeschen an historesche Kontext vu Russland an der 90er Jore just e Pretext ass, fir eng Abenteuergeschicht z'erzielen, mee da réckelt dee Kontext erëm an der Virdergrond an et geet ganz konkret ëm d'wirtschaftlech Praktike vun deemools.

Dem Pierre-Henry Gomont ass et gelongen, vill an d'knapps 100 Säite vu sengem Buch ze paken an dofir ze suergen, datt engem hei net langweileg gëtt. Fräi vu Klischeeën a previsibele Momenter ass dat Ganzt net, a bei de Figure sinn d'Nina an de Volodia e wéineg einfach gestréckt. Allerdéngs, dëst ass eréischt de éischte vun dräi Bänn, déi geplangt sinn. Do kann den Zeechner also nach eppes nohuelen.

Soss ass Slava awer, wéi een dat vläicht speziell an der franséisch-belscher BD oft fënnt, e Buch fir e Grand public, dat ënnerhält, wou fir jiddwereen eppes dobäi ass, an dat op e gewëssen Usprooch awer net verzicht an eben och Analys vun enger Gesellschaft präsentéiert, déi sech an engem politeschen a moralesche Vakuum befënnt. An, et ass och einfach eng BD, déi zum richtegen Zäitpunkt erauskënnt.