Radioen

On air

De Moien  |  Editioun vun 8h15

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Konscht fënnt zu sech selwer

Bande-Dessinée

Eng Konscht fënnt zu sech selwer

Mam gezeechente Roman kann een iwwert de Leidenswee vun engem Judd am KZ beriichten. Mee wat mécht dem Art Spiegelman säi Meeschterwierk "Maus", grad wéi aner wichteg Graphic Novels aus?

auto_stories

5 min

D'Bezeechnung "Graphic Novel" oder "Roman graphique" gëtt dofir benotzt, den artisteschen Usproch an déi perséinlech Approche vun engem Auteur z'ënnersträichen a vum éischter genre-ofhängegen a formatéierten traditionelle BDs-Album ofzegrenzen.

Obwuel et keng kloer Definitioun gëtt an een net sou liicht kann eng Trennungslinn tëscht déi zwou Gattungen zéien, ass d'Säitenzuel bei der "Graphic Novel" an der Regel méi héich, de Format liicht méi kleng an déi grafesch Opmaachung manner opwänneg, wéi beim Album. Dacks gëtt op Faarf verzicht, den Découpage ass grousszügeg - heiansdo ginn dräi bis véier Case pro Säit duer - de Stil an d'Technik vun den Zeechnunge kënne ganz ënnerschiddlech sinn.

Als wichteg Graphic Novel-Auteure gëllen ënnert aneren de Sin City-Createur Frank Miller, den Allround-Artist Dave McKean oder de Schrëftsteller a Zeenarist Neil Gaiman.

De Papp vum Graphic Novel

Virleefer vun de Graphic Novels goufe schonn am Ufank vum 20. Joerhonnert zum Beispill vum belsche Moler a Graveur Frans Masereel geschafen: Holzschnëttserie mat staark erzielereschem Charakter, awer ouni Text. Dem Masereel säin "Stundenbuch", dat 165 Gravuren ëmfaasst, ass esou ee "Roman ohne Worte", dee vu ville "Bedéisten" als Referenzwierk zitéiert gëtt.

Dee Kënschtler, deen de Begrëff "Graphic Novel", sou wéi mir en haut verstinn, gepräägt huet, war den Amerikaner Will Eisner. Hien hat an de 1940er Jore mat sengem maskéierte Personnage "Spirit" Comic-Geschicht geschriwwen. Nodeems hien am Zweete Weltkrich bei d'Arméi goung, ass hien duerno méi wéi 20 Joer laang aneren Aktivitéiten nogaangen, notamment der Kreatioun vu sougenannten Instruktiouns-Comics fir militärescht Equipement. An de 1970er Joren zréck bei d'BD-Fiktioun.

Zu deem Moment haten d'Superhelde längst hiren Déngscht geleescht an d'Underground-Comics den Terrain preparéiert, fir dat z'exploréieren, wat sech lues a lues als seriéis Konschtform verstanen huet. Dem Will Eisner seng autobiographesch Aarbechten, déi hien an dëser zweeter Schafensperiod realiséiert huet, koumen do genee richteg. Säin Zeechestil ass zwar nach ganz klassesch, mee et mierkt ee schonn eng Recherche no Expressivitéit an enger graphescher Ëmsetzung, déi dem Sujet ugepasst ass. An dee schwaarzen Humor, mat deem hien et versteet, Miserabilismus a Pathos z'ëmgoen, dierft och de Spaassvulle vun den Underground-Comics gefall hunn.

An "A Contract with God" (1978), geet et ëm d'Liewen an engem aarmséilege Gebai an der New Yorker Bronx vun den 1930er Joren. Dem Auteur seng jüddesch Origine spillen an dëser, grad wéi a villen anere vu senge Geschichten, eng wichteg Roll. "A Contract with God" gëtt dacks als déi éischt "Graphic Novel" am haitege Sënn vum Wuert ugesinn, an et heescht, den Eisner selwer hätt de Begrëff dann och als éischte benotzt.

Keng reng US-amerikanesch Spezialitéit

Mee dat ass, eng zimlech US-amerikanesch Siichtweis. Ëmmerhi gouf et an Europa zur selwechter Zäit Bestriewunge vu Leit wéi Hugo Pratt oder Jacques Tardi, déi literaresch Aspekter vun der BD ze verdéiwen. Mat "El Eternauta" hate mir an dëser Serie ee fréit Meeschterwierk vun der argentinescher BD ausgegruewen, dat schonn Uganks de 60er Joren, ähnlech Ambitioune verfollegt huet. An dat a punkto artistesch Qualitéite kee Verglach ze scheie braucht.

Trotzdeem hunn d'Amerikaner am Beräich Graphic Novel an de leschte Joerzéngten eng Virreiderroll gespillt. Expressiv Biller, mat Kraz-Technik realiséiert a ganz ouni Text, maachen dem Eric Drooker säi "Flood" vun 1992 aus. Déi véier Bänn vum Roman "Road to Perdition" vum Max Allan Collins a Richard Piers Rayner aus de Joren 1998 bis 2005 bestiechen duerch eng däischter-photorealistesch Film-Noir-Ambiance. De Roman war och d'Virlag fir een erfollegräiche Film

Meilesteen: "Maus" vum Art Spiegelman

Am Art Spiegelman sengem eescht gemengte Comic ginn d'Nazien als Kazen an d'Judden als Mais duergestallt. Méi deplacéiert geet et wuel net. An et huet och fir kontrovers Diskussioune gesuergt, wéi déi zwee Bänn mat den abstrusen Titelen "Mäi Papp katzt Geschicht aus" (1986) an "Hei huet mäin Ongléck ugefaang" (1991) erauskoumen. Mee déi aussergewéinlech Qualitéit an déi couragéiert Ausernanersetzung mam Sujet hunn trotzdem iwwerzeegt.

Dee polnesche Judd Vladek lieft am New Yorker Queens. Hien erzielt an engem holpregen Englesch d'Geschicht vu sengem Leidenswee als Auschwitz-Iwwerliewenden. Hien erzielt se sengem Jong, zu deem hien eng schwiereg Bezéiung huet. De Jong ass keen anere wéi de Kënschtler an Auteur Art Spiegelman, deen dat alles opzeechent - an doraus eng Graphic Novel mécht.

Wie mat de konventionellen Erwaardunge vun engem Comic-Amateur u "Maus" erugeet, riskéiert, enttäuscht ze ginn. "Maus" ass weder eng historesch BD, nach eng Parodie, weder en Heldenepos, nach ee politescht Pamphlet. D'Zeechnunge si "cru", ouni Effekter an ouni Ambitiounen. Si solle keng Stëmmungen a keen Ausdrock erëmginn, net beandrocken a keng Dramatik schafen. Just festhalen - opzeechnen eben.

De Plott (wann een dat esou kann nennen) spillt sech op zwee Niveauen of: Engersäits d'Begéignungen tëscht dem Papp a sengem erwuessene Jong an der Géigewaart, also den 80er Joren. An dann dem Papp seng Erzielung vun deem, wat him während der Nazizäit geschitt ass. Visuell gëtt tëscht deenen zwee Niveaue keen Ënnerscheed gemaach.

Keng Plaz fir artistesch Extravaganzen

Den Art Spiegelman ass een Illustrateur mat groussem handwierkleche Kënnen. De lakonesche Minimalismus, deen dëst Wierk kennzeechent, ass also ee Choix. De Grond fir dës Spuersamkeet vun de graphesche Moyene gëtt engem bei der Lecture lues a lues bewosst. Mir begéinen, zesumme mam Auteur, engem onzefriddenen ale Mann a sengem ganz normalen Alldag. Hien ass alles anescht wéi sympathesch, mat sengem éiwege Gemeckers, senger Klengkaréiertheet a senge reaktionären Usiichten. Zesumme mam Auteur gi mir gewuer, wat de Mann alles duerchgemaach huet. D'Entsetzen doriwwer léisst keng kreativ Extravaganzen zou.

Et ass dem Auteur vun dësem Bäitrag kee Versuch bekannt, "Maus" ze verfilmen. D'Mëttele vum Film géifen hei och un hir Grenze stoussen. Net, well den Opwand ze grouss oder d'Tricktechnik net ausgeräift genuch wier. Am Géigendeel: Et ass d'Ewechloosse vun allem Iwwerflëssegem, wat dem Spiegelman säi Wierk sou staark an esou revolutionär mécht. Dofir präägt et sech an d'Gediechtnes an. An et ass nëmmen an dëser Form, där vun de gezeechente Sequenzen, deene klengen onspektakuläre Biller, déi, eng Geschicht erzielen, déi dësen Impakt kann hunn.

Et schéngt deemno, wéi wann déi duerch den Eescht vum Sujet bedéngte Reduktioun op dat Wiesentlecht, der sougenannter néngter Konscht, derzou verhollef hätt, zu sech selwer ze fannen.