Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Great Expectations: Drëtten Hörspill-Concours

100,7 Radio-Präis

Great Expectations: Drëtten Hörspill-Concours

Dreem, Projeten, eis Inspiratioun, fir d'Welt ze veränneren? Dat ass den Thema vum 100,7-Radiopräis 2017. D'Manuskripter musse bis spéitstens den 1. Oktober 2017 agereecht ginn.

auto_stories

3 min

D'Versprieche vun enger brillanter Zukunft, mat deem d'Nokrichsgeneratiounen opgewuess sinn, huet e puer Téitschen. Wéi gesäit haut déi brillant Zukunft aus, am Sënn vu Carrière, Famill, engem ausgefëllte Liewen? A wéi gesäit d'Medezin an der Zukunft aus? Wat bréngen Nanotechnologie a genetesch Fuerschung? Ginn d'Aarbechtszäite méi oder manner flexibel? Gëtt de Mënsch un de Rand gedrängt vun der kënschtlecher Intelligenz? Ginn d'Energiequelle propper? Ginn eis westlech Gesellschafte weider op, beschleunege si d'sozial Mobilitéit? Oder kënnt eng Zäit vun neie klengen Nationalismen? Ass d'parlamentaresch Demokratie weider de politesche Modell oder sinn aner Alternative méiglech?

Dëst ass en Opruff, fir beim 100,7 Radio-Präis 2017 matzemaachen.

Wat genee ass de Radio-Präis?

De Radio-Präis ass en Hörspill-Concours, dee fir d'drëtte Kéier vum radio 100,7 ausgeschriwwe gëtt. Eng international besate Jury präméiert dat bescht Hörspill-Manuskript. Erlaabt sinn all literaresch Approchen: Science-Fiction, Satir, Krimi oder recherchéiert Dokumentatioun - ënnert der Viraussetzung, datt si fir de Radio vertounbar sinn. D'Manuskripter kënnen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch redigéiert sinn a musse bis spéitstens den 1. Oktober 2017 agereecht ginn.

Wien dierf partizipéieren?

De Concours ass op fir all Auteure vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun. Och Kollektiv-Aarbechte sinn zougelooss.

Éischte Präis

De Radio-Präis ass mat 3 500 Euro dotéiert. Dat präméiert Wierk gëtt vum radio 100,7 produzéiert an op der Antenn diffuséiert. D'Präis-Iwwerreechung ass am Hierscht 2017.


radio 100,7 lance la 3e édition de son prix de fiction radiophonique qui récompensera la meilleure œuvre originale soumise au jury. L’édition 2017 du concours est placée sous le thème « Great Expectations» - « De Grandes Espérances ».

La compétition multilingue est ouverte aux auteurs du Luxembourg et de la Grande Région. Les contributions pourront être soumises avant le 1er octobre 2017 dans les langues luxembourgeoise, française, allemande ou anglaise.

Communiqué de presse
Règlement


radio 100,7 eröffnet den Wettbewerb für das beste Hörspiel-Originalwerk 2017. Die Ausgabe 2017 des „radio 100,7-Hörfunkpreises“ steht unter dem Thema „Great Expectations“.

Der mehrsprachige Wettbewerb richtet sich an Autoren aus Luxemburg und der Großregion. Beiträge können in luxemburgischer, deutscher, französischer oder englischer Sprache vor dem 1. Oktober 2017 eingereicht werden.

Pressemitteilung
Reglement


radio 100,7 announces the launch of its 2017 competition for original radio plays. The 2017 edition of the 100.7 Radio Play Contest runs under the theme "Great Expectations".

All authors and creative professionals in the Grand Duchy of Luxembourg and the surrounding Greater Region are entitled to participate in the 100.7 Radio Play Contest. Entries may be submitted before October 1st 2017 in Luxembourgish, German, French or English.

Press Release
Regulations