Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Haaptsaach eng Gäns!

Literatur

Haaptsaach eng Gäns!

Als eng kritesch-humoristesch Bestandsopnam vun der Lëtzebuerger Sprooch kéint een dem Pit Schlechter seng Textsammlung "De Fléiepëlz. E Lëtzebuerger Orbis Pictus" (Kremart Edition), ëmschreiwen. Dat vum Pit Weyer illustréiert Buch ass eent vu fënnef Wierker op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis.

auto_stories

4 min

De Pit Schlechter, pensionéierten Däitschproff a fräie Mataarbechter vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire, ass een éischter onbekannte Member vun enger Kënschtlerdynastie, déi e Lambert an e Pe'l Schlechter ervirbruecht huet. Bis op eng wëssenschaftlech Aarbecht, Mëtt de 70er Joren, iwwer de Lëtzebuerger Vollekstheater, war kee Buch vun him bekannt - bis déi rezent Verëffentlechung vun der Textsammlung "De Fléiepëlz".

Den Ënnertitel - "E Lëtzebuerger Orbis Pictus" - ass eng Referenz op dem tschecheschen Theolog a Pedagog Comenius säin illustréiert Kanner- a Schoulbuch "Orbis Sensualium Pictus" (1658). Anescht ewéi bei deem aflossräichen historesche Virbild geet et hei manner ëm eng ausféierlech Duerstellung vun indispensabelem Wëssen, also vum Kosmos, Gott an der Welt, wéi ëm e barocke Sammelsurium, dee versicht, "in Kleinigkeiten bedeutend zu sein" (Robert Walser). E freedegen Duercherneen, deen am Pit Weyer sengem naiv-psycheedeleschen Zeechestil seng grafesch Entspriechung fënnt.

Vun Hëppches op Hapches

Sou vermëttelt den Auteur seng ganz subjektiv Vue op d'Schoul an hir Psychologen, op d'Iessen an, wann ee schonn dobäi ass, den Dezember a seng Joeresennfriessen. Hie beschäftegt sech mat Speechelen a mat Tattooen, geet an de Recyclingszenter, hëlt d'Déieren ënnert d'Lupp (dorënner Mais a Raten), an och Manéieren a Fassongen. D'Theema Geschlechtleches hätt ee wuel vermësst, géif d'Buch net in extremis domat ophalen.

En hilarant Kapitelchen hëlt de Lieser mat an d'Altersheim:

"Geknautert a verkniwwelt wéi e Salle-d'attentes-Télécran hucken se op hire chronesche Still am Foyer op d'Entréesdier ze biichten".

Op enger anerer Plaz gëtt doriwwer argumentéiert a géigenargumentéiert, wat iwwerhaapt d'Wiese vum Stacklëtzebuerger ausmécht an domat am Fong d'Recht op de Pass mam roude Léiw misst begrënnen:

"Pecht nach eng Grëtz Kachkéis oder Äerdbiersgebeess um Messer, mat deem Dir muerges an Ärem Kaffi réiert? Oder war dat wéinstens bei Ärem Papp oder vläicht Ärer Groussmamm noweislech de Fall?".

Et gëtt vun Hëppches op Hapches gesprongen, e Prinzip, deen sech net nëmme vun engem Text op deen aneren, mee och bannent den eenzelen Texter applizéiert. Eng Iddi féiert zur nächster, woubäi den Auteur iwwer dem Ofschwäifen - je no Laun - decidéiere kann, sech weider dreiwen ze loossen oder op säi roude Fuedem zréckzekommen.

"Neihéichlëtzebuergesch"

An enger apaarter Mëschung aus pedantesch-kultivéierter a salopp-skatologescher Sprooch spillt de Pit Schlechter mam Lëtzebuergeschen, iergendwou tëschent engem Alain Atten an engem Roland Harsch, woubäi hie vläicht méi verständlech ass ewéi deen éischten a sécherlech méi frech ewéi deen zweeten.

De Pit Schlechter setzt sech spilleresch an humoristesch, virun allem och kritesch mat der Lëtzebuerger Sprooch auserneen. Hie mécht sech lëschteg iwwer dat, wat hien "Neihéichlëtzebuergesch" nennt, dës "Neigong, alles ze verlëtzebuergeschen", déi Monstruositéiten ervirbréngt ewéi "gewierleeschten", déi "iwwerweiend Méierheet" an aner Wuertbildungen, déi "an der Dot zum Kappschëttele" sinn.

Wéi erkläert sech dës Tendenz? De Pit Schlechter féiert se op eng gewësse sproochlech Onsécherheet zréck:

"Wien net sécher ass, ob et eng Hogäns, eng Holgäns, eng Hoergäns oder eng Huergäns ass oder nach Schlëmmeres, dee seet léiwer Kranech. Dee Vull ass sozial-psychologesch belaascht."

Nostalgie fir eng verluere Sprooch/Welt

Aus der Siicht vum Auteur sinn et warscheinlech Symptomer vun enger bedauernswäerter linguistescher Entwécklung. Dann awer och e produktiivt Stilmëttel à part entière. Ugefaange mam gudden ale Méckeprabbeli, deen sech am Buchtitel an e "Fléiepëlz" verwandelt huet. Uechter d'Buch muss sech de Lieser permanent froen, wat elo authentescht aalt Lëtzebuergesch ass (scharjeekelen, uuzen, verkasematuckelen...) oder nëmmen esou klengt (wéi am Gedicht "Reenert").

Eng duerch Humor temperéiert Nostalgie duerchzitt dem Pit Schlechter säi ganze Recueil. Also op d'mannst emol kee verbatterte Constat vun engem "ale wäisse Mann". Wann d'Sprooch an d'Wierder eng Realitéit schafen, da geet duerch hire Verloscht och en Deel vun der Vergaangenheet, also haaptsächlech och vun der Kandheet verluer. Ëmgedréint kann hautdesdaags e Kand, deem seng Elteren alles iwwer Internet bestellen, net méi wëssen, wat e "Rëndelche Lyoner" ass. Oder e "Fleeschkichelchen", well een dat leider néierens méi fënnt, oder e "Mourekapp", well een dat vläicht zu Recht net méi soll soen.

Och wann d'Wuert verschwonnen ass, kann een dee Kichelchen ëmmer nach genéissen. Genee ewéi "De Fléiepëlz". E Leckerbëssen!