Radioen

On air

Notturno  |  David Sylvian - Orpheus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Hu probéiert, net méi mëll ze gi wéi ech scho war"

Prix Servais 2020

"Hu probéiert, net méi mëll ze gi wéi ech scho war"

Viru reduzéiertem Publikum krut de Francis Kirps e Mëttwoch dee mat 6.000 Euro dotéierte Servais-Präis iwwerreecht, fir säi Buch "Die Mutationen. 7 Geschichten & 1 Gedicht" (Hydre Editions). Wéinst dem Covid-Virus huet d'Soirée am Nationale Literaturzenter zu Miersch am klenge Comité missten ofgehale ginn. Interesséierter konnten dat Ganzt am Live-Stream suivéieren.

auto_stories

3 min

De Francis Kirps huet virum ganz klenge Mierscher Publikum en Extrait aus sengem neien, nach net verëffentlechte Buch "Eber im Nebel" virgelies. An enger ganz labberer Aféierungsried huet de Laureat vum Servais-Präis 2020 op säi literaresche Parcours zeréckgekuckt, vu sengem zweete Präis beim Nationale Literaturconcours 2001 iwwer seng Karriär als Poetry Slammer op däitsche Liesbünen a méi spéit d'Entdeckung vu Gläichgesënnten hei am Land, bis zur Publikatioun vu senge Bicher, virop der Textsammlung "Die Mutationen", fir déi hien elo belount gouf.

"Ech sinn elo deen, op deen et fält. Mee ech hoffen, datt dat och fir déi ganz Literatur gutt ass, datt mer mol e bësse gesi ginn, asw. An datt mer net an eise Kummeren doheem sëtzen, datt mer op d'Leit zougi mat deene Liesbün-Formater, datt d'Literatur net iergendwéi eng Mauerblimmchen ass mat deenen anere Konschtrichtungen, déi et esou gëtt ... Jo ... Et war e komescht Gefill, well ech wëll jo wéi all Auteur, Museker, Kënschtler visibel sinn an op der Bün stoen a meng Saache verkafen, awer ... Dat ass esou séier gaangen an ... Bon, do hat e Kolleeg, de Gast Groeber mir felicitéiert. Deen huet mir e gudde Rot ginn: 'Looss dech net mëll maache vun deem Rummel'. Ech hunn alt probéiert net méi mëll ze ginn, wéi ech virdrun och war ... Dat ënnersträicht awer wéi wichteg et ass, datt et esou Literaturpräisser gëtt."

Intelligent an humorvoll Interpretatioun vu Klassiker

A sengem Buch "Die Mutationen" spillt de Francis Kirps mat berüümten Texter vu Schrëftsteller wéi Franz Kafka, Virginia Woolf, Prosper Mérimée oder nach Kurt Tucholsky. D'Jury vum Servais-Präis huet doranner eng intelligent an humorvoll Interpretatioun vun den Ursprongstexter gesinn:

"Eine Schnecke kreuzt Blicke mit Virginia Woolf, eine Stubenfliege verwandelt sich in eine 'peinliche Kreatur' namens Mensch und eine antike Dystopie spiegelt die moderne kapitalistische Gesellschaft wieder. Die LeserInnen ziehen mit einem desillusionierten Eisbären durch Berlin, lesen vom Verrat eines treulosen Hundes und begegnen einem eher unerwarteten Rotkäppchen. In 'Die Mutationen' gelingt es Francis Kirps hervorragend, seiner Leserschaft den Spiegel vorzuhalten. Sein risikoreicher Ansatz der Neuschreibung, seine unerwartete Bilderwahl und sein kreativer Umgang mit Sprach- und Stilregistern haben die Jury überzeugt."

Dem Auteur seng Laudatio huet, op Wonsch vum Auteur, d'Valerija Berdi gehalen. D'100,7-Journalistin huet de Francis Kirps fir seng Fantasie gelueft, seng empathesch Approche, déi duerchaus d'Aktualitéit géif mat abezéien ouni moraliséierend ze sinn:

"De Francis ass e Geschichtenerzieler. Deem brauch ee keen Adjektiv virdrun ze setzen, well 'Geschichtenerzieler' alles inkorporéiert, wat de Begrëff ausseet: Spannung a Witz, Intelligenz an Inhalt, sproochlech Koherenz a Fantasie, natierlech. De Francis ass e Jongleur vu Figuren a Wierder, vun Nimm, vum Raum a vun der Zäit. Alles passéiert an enger Souveränitéit, fräi vu Platituden, voller Déift a gläichzäiteger Liichtegkeet."

Covid-Kontext

D'Iwwerreechung vum Servais-Präis war dëst Joer - Covid oblige - Enn Oktober amplaz Juli an och nëmme viru reduzéiertem Publikum. De Krisekontext eréischt gouf op der Soirée och kommentéiert. D'Kulturministerin Sam Tanson huet d'Wichtegkeet vun der Kultur a vun der Literatur ervirgehuewen a scho bekannten Ënnerstëtzungsmoossnamen opgezielt.

D'Presidentin vun der Fondation Servais, Germaine Goetzinger, huet vun enger Mutatioun vun der Remise vum Prix Servais geschwat, déi de Wäert vun der Literatur géif ënnersträichen:

"D'Literatur gehéiert nämlech trotz, oder grad wéinst Corona, zu eisem Liewen. Si gëtt eis am Ëmgang mat Onerwaartem eng spezifesch Sensibilitéit a Stäerkt. A wa mer et haut fäerdeg bréngen, déi Asiicht eriwwerzebréngen, dann ass d'Fondation Servais an hirem Rôle. An an deem Sënn ass déi amputéiert Iwwerreechungszeremonie fir de Schrëftsteller Francis Kirps näischt Verkrëppeltes, mee eng duebel Auszeechnung."

Den Owend am Mierscher CNL gouf iwwregens musikalesch vum Gittarist Greg Lamy begleet.